De Budget fir 2026 – Interventioun vun der Conseillère Francine Moro

Hei e puer Passagen aus der Budgetsried:

“Inklusiv ze sinn heescht net, eppes Extraes oder eppes Aussergewéinleches ze maachen; et heescht ganz einfach, mat oppenen Aen an engem oppenen  Häerz openeen zouzegoen.”

Am Kader vun der Journée internationale du sport feminin am Januar, organiséiert d’Familljekommissioun zesumme mat der Sportskommissioun, eng Table ronde, bei där mir bekannte Gesiichter aus dem Fraesport begréisse wäerten. Si wäerten iwwer hir Erfarungen, Erausfuerderungen an Erfolleger schwätzen – an domat wichteg Perspektive liwweren, déi net nëmme fir Sportlerinnen, mee fir eis ganz Gesellschaft relevant sinn.

Nei am Programm wäert och e ,,MensDay” sinn, bei deem mir e flotte, gutt organiséierten Owend op d’Bee stellen. Mat dëser Initiativ wëlle mir och d’Themen an d’Realitéite vu Männer a Jongen an de Fokus réckelen, an hinnen eng Plattform bidden, fir sech auszetauschen, ze entspanen an eng agreabel Zäit zesummen ze verbréngen.”

E grousse Merci geet natierlech och dëst Joer nees un d’Membere vun eiser Familljekommissioun, un eist SEA-Personal souwéi un eis Aarbechter- a Portierséquipe, déi eis bei eisen Evenementer mat vill Engagement an Zouverlässegkeet ënnerstëtzt hunn.

Mäi besonnesche Merci gëllt och all eise Benevolen, ouni déi et eis schlicht net méiglech wier, esou wichteg a lieweg Projeten hei an der Gemeng ëmzesetzen. Si droe mat hirem Asaz entscheedend dozou bäi, datt eis Initiativen esou e grousse Succès hunn.

Ofschléissend géif ech dann nach de Minister zitéieren, deen den Nol op de Kapp getraff huet: „ 2025 wiere mir dach all gäer Kand hei zu Bartreng“.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp