De Budget fir 2026 – Interventioun vun der Conseillère Mariette Gallmeister

Hei e puer Passagen aus der Budgetsried:

Do ass emol de BERTI, eise Ruffbus , deen et elo, zesumme mat der Stroossener Gemeng a véierfacher Ausgab gëtt, well d’Nofro grouss ass, an deen sech och bis bei de Centre Hospitalier deplacéiert wann Awunner dat froen.

D’Gemeng Bartreng huet an der Konventioun mat SOLINA  d’Dauer op 20 Stonne pro Haushalt pro Mount eropgesat an iwwerhëlt och en Deel vun de Käschten, esou dass fir de Bierger en abordabele Präis ugebuede ka ginn.

Eng Gesellschaft kann ee beurteelen op d’Aart a Weis wéi mat deene méi Schwaachen, also de Kanner an ale Leit, ëmgaange gëtt. Dofir ass et wichteg och zu Bartreng an den 3. a 4. Alter ze investéieren. Mir sinn der eelerer Generatioun dat net nëmme schëlleg; et huet einfach seng absolut Berechtegung.  Déi eeler Matbewunner an hir Famille sinn eis dankbar dofir.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp