E puer Passagen aus der Budgetsried:
“Musek léieren an doheem fir sech aleng üben ass eng Saach, zesumme sangen a musizéieren an domat aktiv um Bartrenger Kulturliewen deelhuelen ass eng ganz aner Saach a beräichert eis Gesellschaft an eist lokaalt Zesummeliewen.“
“D‘Participatiounszuele schéissen an d’Luucht, esou datt mir fir eng 7. Editioun 2026 de Bayota duerch en neie Concours, e separate Pianosconcours erweidere wäerten.“
“Ab 2026 wäerten d’Vernissagen dann och fir de breede Public, accessibel ginn, dëst ënner anerem fir de Kontakt tëscht dem Kënschtler an de Visiteure méi einfach hierzestellen, an esou e flotten Echange ze erméiglechen.“
“Dëse Skulpturepad, wäert an der éischter Hallschent vum Joer 2026 ageweit kënne ginn an am Laf vun de Joren duerch weider Voleten erweidert ginn.“
“Desweidere wäerten ons Gemengeresponsabel zesumme mam Chargé culturel, Jeff Lenert nei Weeër aschloe, fir ons ArcA nach méi bekannt ze maachen, dëst wäit iwwert d’Grenze vu Bartreng eraus.“
“2027 wäerten d’Spectateuren dann och, normalerweis, e ganz besonnesche Bonbon gebuede kréien, eng éischt Eegeproduktioun vun der ArcA ass geplangt.“