Eechternoach

Budget 2023 vun der Stad Eechternoach

D’DP Fraktioun huet sech beim Vott vum Budget 2023 vun der Stad Eechternoach enthalen.

Viraussetzung fir des Enthalung war d’Unhuele vu 6 Amendementer déi vun der DP virgeschloen a vum ganze Gemengerot matgestëmmt goufen :

  1. De Subside vun der Union commerciale et artisanale ass vu 15.000 op 20.000 € eropgesat ginn. 
  2. D’Locatioun vun engem Pop-Up Store an enger Surface commerciale vun der Gemeng ass mat järleche 15.000 € bäikomm.
  3. En Héichwaasser-Guide fir d’Bierger gëtt mat 10.000 € virgesinn a mat engem Subside vu 10.000 € géigefinanzéiert.
  4. Eng Etude fir eng glat Sträif iwwer de Pavé vun der Maartplaz bis bei den Trifolion an d‘Basilika gëtt mat 25.000 € agesat a mat engem Subside vu 5.000 € géigefinanzéiert.
  5. Zousätzlech (queesch) Parkplazen an der Rue du pont gi nees mat 30.000 € am Budget virgesinn.
  6. De Switch vun der Gemenge-Beliichtung op LED gëtt em 60.000 € eropgesat a mat zwee Subside vu 5.000 € an 3.000 € géigefinanzéiert.

An der Diskussioun zum Budget 2023 huet de Marcel Heinen ze bedenke ginn, dat d’Zäite vun Iwwerschëss vun e puer Milliounen d’Joer eriwwer sinn, dat de Budget staark duerch d’Héichwaasserschied an di grouss Infrastruktur-Projeten (Grondschoul, provisoresch Sportshal, Parkhaus, definitiv Sport- a Schwammhal, Stroosseninfrastrukturen, Petite Marquise, etc.) impaktéiert ass an dat de politesche Spillraum am „worst case scenario“ vun enger Gemenge-Schold vu 94,464 Milliounen Enn 2023 ganz kleng gëtt.

D’Carole Hartmann ass op eng Rei DP-Prioritéiten agaangen, déi säit ville Joren am Budget ageschriwwe sinn, déi awer bis haut net vun der aktueller CSV-LSAP Koalitioun ugepaakt goufen, sou z.B. :

  • d‘Neigestaltung vun der Halergaass an d’Ersetze vum vereelzte Mobilier,
  • den Ausbau vum Parking bei der aler Jugendherberg,
  • d’Ëmsetzung vum Mobilitéits- a Vëloskonzept dat schonn 2011 ënner DP-Matverantwortung opgestallt ginn ass,
  • d’Astandsetze vun den Infrastrukture fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit,
  • den Ausbau vun erneierbaren Energien amplaz vun enger Erweiderung vum Gas-Reseau,
  • de konsequente Suivi vun Héichwaasser a Staarkreen an
  • d’Astandsetze vum vereelzte Kanalisatiouns-Netz.

Mat Bléck op di kommend Joren huet d’DP ënnerstrach, dass d’Stad Eechternoach am leschte Joer ze vill an negative Schlagzeile war. Wann een eleng un d’Nowéie vum Héichwaasser an un d’Adaptatioun vum Marquise-Projet denkt, si mer awer a nächster Zäit op eng gudd Zesummenarbecht mam Staat an alle staatlechen Instanzen ugewisen. Et muss demno schnellstens nees Vertrauen opgebaut an den Image vun der Stad Eechternoach verbessert ginn.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp