Eechternoach

Pressecommuniqué – Rezent Baustoppen an onéierlechen Aussoe vum Iechternacher Buergermeeschter

Pressecommuniqué vum 11. August 2022

Wéinst de rezente Baustoppen an onéierlechen Aussoe vum Iechternacher Buergermeeschter steet d’Stad Iechternach de Moment an engem ganz schlechte Liicht.

Säit Mee 2021 sinn net manner wéi véier (4) Baustoppe vu Gemengenaarbechte verhaange ginn. Fir d‘Sprangprozessioun sollten, ouni Autorisatioun vum Kulturministère, Bronze-Skulpturen um Parvis vun der Basilika opgeriicht ginn. Am Iechternacher Park si gréisser Aarbechten ouni Autorisatioun vum Kulturministère ugefaange ginn. Rezent gouf ee Chauffage urbain um ale Campus Gare gebaut, éier dass déi néideg Autorisatioune vun der Ëmwelt- an der Waasserverwaltung do waren.

D’DP Eechternoach distanzéiert sech formell vun dëser Approche vun der aktueller CSV-LSAP Majoritéit, déi systematesch Gesetzer a Virschrëften net respektéiert.

Amplaz e Schratt op di concernéiert Verwaltungen duer ze goen an zesummen no Léisungen am Wuel vun eiser Stad an hire Bierger ze sichen, ginn – trotz dem manifeste Feelverhale – Scholdzouweisungen un d’Verwaltunge gemaach.

Fir d’DP-Fraktioun ass et och inakzeptabel, datt de Schäfferot an haaptsächlech de Buergermeeschter falsch, respektiv onkomplett Informatiounen un d’Ëffentlechkeet ginn :

  • Beispill „Iechternacher Park“: De Park ass säit der Héichwaasser-Katastroph vum Juli 2021 an engem ganz schlechten Zoustand. Säit Juni 2022 hänkt am Park eng Informatioun, déi beseet, dass déi entstane Schied wéinst enger Etude vum Kulturministère net kënne behuewe ginn. Op Nofro per Question parlementaire vum Carole Hartmann [méi…] beim Kulturministère ass et zwar richteg, dass gréisser Aarbechten net däerfe gemaach gi soulaang wéi d’Etude net fäerdeg ass; de normalen Ënnerhalt vum Park ass awer ni vum Kulturministère a Fro gestallt ginn.
  • Beispill „Hëllefe vum Staat wéinst den Héichwaasserschied“: Um Virowend vu Nationalfeierdag war et d’Ausso vum Buergermeeschter, dass Iechternach net géif vun de staatlechen Instanze gehollef kréien. De 14. Juli 2022 gëtt en an der Presse zitéiert, dass de Staat „katastrophal schlecht“ geschafft hätt, wat d’Héichwaasserschied uginn. D’Inneministesch léisst déi Aussoen net stoen a präziséiert, dass d’Stad Iechternach hir Dokumenter weder komplett, nach korrekt géif eraginn an doduerch nach keng finanziell Hëllef konnt kréien.
  • Beispill „Chauffage urbain“ : An der Gemengerot-Sitzung vum 18. Juli 2022 ass carrement gelu ginn, wéi d’Fro gestallt ginn ass, ob all d’Autorisatioune fir dës Constructioun virleien. Duerch di 2 Baustoppe vun der Ëmwelt- an der Waasserverwaltung ass gewosst, dass d‘Äntwert vum Buergermeeschter net der Wouerecht entsprach huet.

    An enger ëffentlecher Reaktioun vum 3. August 2022 behaapt de Buergermeeschter dann, de „Wëssensstand“ vum 18. Juli 2022 am Gemengerot erkläert ze hunn. Weider seet en awer, dass een aus Zäitdrock eraus d’Aarbechten ouni Autorisatioun ugefaangen hätt. Ergo war gewosst, dass d’Aarbechten ouni di néideg Autorisatioune lancéiert goufen. Dëse Wëssensstand gouf dem Gemengerot an domat och de Bierger virenthale.

    Doriwwer eraus sot de Buergermeeschter am selwechten Interview vum 3. August 2022, dass d’Gemeng, no enger Demande beim Environnement fir Beem ewechzemachen, eréischt no 6 Méint en Accusé de réception kritt hätt. Am Communiqué vum Schäfferot vun der Stad Eechternoach heescht et dann : „Die nötigen Unterlagen zur Genehmigung einer Baumrodung inklusive der erfolderlichen Kompensation wurden bereits im Januar beim Umweltministerium eingereicht. Detaillierte Pläne zur Umsetzung des Maßnahmen sowie zum Gesamtkonzept des Campus Gare wurden im Mai ergänzt, nachdem die Notwendigkeit einer Neubeplanzung seitens des Ministeriums schriftlich mitgeteilt wurde.“ D’Aussoe vum Buergermeeschter hunn also alt erëm net der (ganzer) Wourecht entsprach.

All des rezent Beispiller weisen, dass de CSV-LSAP Schäfferot vun der Stad Iechternach d’Ëffentlechkeet a virun allem d’Iechternacher Bierger net richteg/net komplett informéiert. Fir d’DP Eechternoach ass dëst Verhale skandaléis an total irresponsabel.

Et gëtt Zäit dass den Iechternacher Schäfferot an all d’Membere vun der CSV-LSAP Majoritéit hir Verantwortung iwwerhuelen. D’Stad Iechternach muss, wéi all aner Gemeng a Bierger och, d’Gesetzer respektéiere. Et muss Schluss si mat der Verbreedung vu falschen/onkompletten Informatiounen an der Ëffentlechkeet. An et muss endlech nees gekuckt ginn, net géint mä mat de Staats-Verwaltungen ze schaffen.

D’DP Eechternoach wäert der CSV-LSAP Majoritéit och weiderhin op d’Fangere kucken an, iwwer hir Vertrieder am Gemengerot, kritesch Froe stellen a konstruktiv Virschléi maachen, déi am Interêt vun der Stad Iechternach sinn.

Am Kontext vun der Constructioun vum Chauffage urbain am ale Quartier Gare, stellt d’DP Fraktioun aus dem Iechternacher Gemengerot parallel zu dësem Communiqué divers schrëftlech Froen un de Schäfferot fir Transparenz an dësen Dossier eranzebréngen.

De Comité vun der DP Eechternoach


Froen un de Schäfferot

Här Buergermeeschter, Di Häre Schäffen,

No den zwee (2) Baustoppen déi d’Ëmweltverwaltung an d’Waasserverwaltung um Chantier vum Chauffage urbain am ale Quartier Gare verhaangen hunn, freet d’DP Fraktioun no Transparenz an dësem Dossier a stellt op Basis vum Artikel 25 vum modifizéierte Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988 a vum Artikel 4 vun eisem Règlement d’ordre intérieur vum Gemengerot vun der Stad Iechternach folgend Froen un de Schäfferot:

  1. De Gemengerot huet den 23. September 2019 en Avant-projet détaillé (APD) vun engem Chauffage urbain den op de Camping sollt kommen unanime gestëmmt. Den adaptéierte Projet niewent dem zukünftege Parkhaus ass dem Gemengerot net ënnerbreet ginn, sou dass et och ni zu engem neie Vott komm ass.
    1. D’DP Fraktioun freet dohier no enger Kopie, respektiv dem Accès op der Gemeng zu de neie Pläng, dem adaptéierten Devis a Cahier des charges vum Chauffage urbain?
    2. Hätt de Gemengerot, nodeems d’Constructioun net méi an den Hang vum Camping, mais à plat niewent d‘Parkhaus kënnt, net e neien APD missten ofstëmmen?
    3. Ass d’Constructioun vum Chauffage urbain niewent dem Parkhaus vum Inneministère approuvéiert ginn ? Wa jo, wéini an op Basis vu wéi enge Pläng?
  2. Wéini si wéi eng Autorisatioune fir de Chauffage urbain niewent dem Parkhaus gefrot ginn ? A wat waren d’Reaktiounen an d’Echangë mat de jeeweilege Verwaltungen no den Demanden déi eragereecht goufen?
    1. D’DP Fraktioun freet no enger Kopie, respektiv dem Accès op der Gemeng zum kompletten Dossier d’autorisation mat der Ëmweltverwaltung.
    2. D’DP Fraktioun freet no enger Kopie, respektiv dem Accès op der Gemeng zum kompletten Dossier d’autorisation mat der Waasserverwaltung.
    3. An der Gemengerots-Sitzung vum 11. Januar 2022 war och nach riets vun enger Commodo/Incommodo Prozedur. Ass des och gemaach ginn? Wa jo, freet d’DP Fraktioun och hei no enger Kopie, respektiv dem Accès op der Gemeng zu desem kompletten Dossier d’autorisation. Wa nee, firwat ass di Prozedur net gemaach ginn?
    4. Ginn et weider Autorisatiounen déi am Kader vum Chauffage urbain gefrot an accordéiert gi sinn? Wa jo, freet d’DP Fraktioun och hei no enger Kopie, respektiv dem Accès op der Gemeng zum kompletten Dossier d’autorisation.
  3. Et gouf eis zougedroen, dass et um Terrain vum zukünftege Parkhaus, respektiv dem Chauffage urbain zu Echange de terrains mam Staat komm ass.
    1. Kann de Schäfferot dat confirméieren oder infirméieren?
    2. Wann dat stëmmt, hätten des Echangen net och misste vum Gemengerot gestëmmt a vum Inneministère approuvéiert ginn?

Merci am Viraus fir är Äntwerten.

Carole Hartmann a Marcel Heinen
DP-Gemengeréi

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp