Klore Message zum Budget 2026

Déi komplett Stellungnam fannt dir als PDF ënnert dësem Artikel.

Am Kader vum Gemengerot vum 17. Dezember 2025 hu mir als DP Rammerich eis Positioun zum Budget 2026 presentéiert. An eiser Interventioun hu mir zwar eenzel positiv Projeten unerkannt, mee gläichzäiteg eng kloer Kritik un der feelender Transparenz an un der feelender Visioun an de Prioritéite vum Schäfferot formuléiert.

Mir hunn drun erënnert, datt mir an de leschte Joren de Budget wuel matgedroen haten — dëst aus Vertrauen an an der Hoffnung op eng positiv Entwécklung. Haut musse mir awer eng aner Conclusioun zéien.

Haut, zwee Joer méi spéit, musse mir eis awer éierlech agestoen: Dës Zäit gouf net genotzt.

Positiv Elementer unerkannt

Mir wëllen ënnersträichen, datt et am Budget och Projeten gëtt, déi sënnvoll a wichteg fir d’Gemeng sinn. Besonnesch ervirgehuewe goufen:

  • Investitiounen an d’Sportshal
  • Sanéierung vu Stroossen zu Foulscht
  • Fortschrëtter bei der LED-Ëmrëschtung
  • Photovoltaikanlagen um Riesenhaff a zu Wolwen
  • nei sozial Wunnengen zu Bungeref a Wolwen

Dës Mesurë weisen, datt an eenzelnen Dossieren weidergeschafft gëtt.

Kritik: feelend Visioun a Prioritéiten

Gläichzäiteg hu mir kloer bemängelt, datt trotz Rekordzuelen eng iwwergräifend Strategie feelt.

Trotz dëse Rekordzuelen feelt eng kloer Zukunftsvisioun.

Besonnesch am Beräich vun der Digitaliséierung gesi mir groussen Handlungsbedarf.

Mir schwätzen iwwer Digitaliséierung wéi wa mer am Joer 2015 – an handele wéi wa mer 2005 wieren.

Esou hu mir eng Kéier méi widderholl, datt mir fuerderen, endlech een Expert an der Digitaliséierung anzestellen, deen eng kloer Strategie fir eis Gemeng ausaarbecht an d’Ëmsetzung aktiv begleedt. Mir sinn der Meenung, datt d’Digitaliséierung net däerf punktuell oder zoufälleg geschéien, mee eng kohärent a nohalteg Linn brauch.

Gläichzäiteg muss sech endlech konkret mat der Aféierung vun enger Gemengen-App auserneegesat ginn. Eng modern App kéint d’Kommunikatioun mam Bierger däitlech verbesseren, Informatiounen méi accessibel maachen an nei Méiglechkeete fir Biergerbedeelegung opmaachen.

Fir eis ass kloer: eng modern Gemeng muss digital mat der Zäit goen — an hei ass nach vill Loft no uewen.

Ze vill Verspriechen, ze wéineg Fortschrëtter

Och beim Waasserpräis an aneren alldeegleche Sujeten gesi mir weiderhin kloere Handlungsbedarf. Zanter Méint gëtt eng Upassung ugekënnegt, mee konkret Beweegung bleift aus. D’Gefor ass evident: wat méi laang gewaart gëtt, wat méi brutal d’Upassung um Enn fir d’Bierger ausfale kéint.

Mir stellen eis d’Fro, firwat hei net proaktiv gehandelt gëtt. Amplaz fréi a transparent ze plangen, gëtt de Sujet ëmmer nees verréckelt. Dat schaaft Onsécherheet — souwuel fir d’Gemeng wéi och fir d’Stéit.

Gläichzäiteg hu mir eis och d’Versprieche vum Walprogramm vun der CSV méi genee ugekuckt. Mir sinn elo bal an der Hallschent vun der Legislaturperiod, an do dierf ee sech roueg éierlech froen: Wou stinn dës Engagementer konkret um Terrain?

Bei verschiddene wichtege Punkte bleift den Androck, datt d’Ëmsetzung hannendru hänkt oder net déi néideg Prioritéit kritt:

  • d’Accessibilitéit vun der Schwämm fir de Public bleift limitéiert, och an Zäiten, wou d’Demande héich ass
  • den Ausbau vum Busbegleederservice kënnt net richteg virun, obwuel de Besoin kloer do ass
  • bei der Renovatioun vum Centre Culturel zu Perlé feelt et u fräizäiteger a transparenter Kommunikatioun mat de Veräiner

Fir eis ass kloer: d’Leit erwaarden net nëmme gutt Intentiounen, mee konkret Fortschrëtter am Alldag.

Dat si keng ideologesch Diskussiounen. Dat si konkret Liewensrealitéiten.

Dofir bleiwe mir dobäi: an de kommende Méint muss an dësen Dossiere méi Dynamik, méi Transparenz an eng méi kloer Prioriséierung erakommen — am Interessi vun eise Bierger.

Eis Conclusioun

Als DP Rammerich komme mir zu enger kloerer politescher Positioun:

Mir stëmmen net géint dëse Budget, well e falsch gerechent ass. Mir stëmmen géint dëse Budget, well en d’Verspriechen un eis Bierger net ahällt.

Fir eis ass kloer: d’Gemeng brauch méi Visioun, méi Transparenz a méi Courage, fir d’Zukunft aktiv ze gestalten.

Politik bedeit net nëmmen ze verwalten, mee Politik bedeit virun allem gestalten.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp