Gëschter huet d’DP Sektioun Rambrouch am Kader vun de Assemblée générale conjointe vun den Nord-Sektiounen hir Generalversammlung an der „Al Seeërei“ zu Dikrech ofgehalen.
No enger Aféierung duerch Mike Poiré, President vun der DP Norden, hunn déi eenzel Sektiounen hir Assemblée générale ofgehalen.
Zum Ofschloss vum Owend gouf et interessant Ablécker an en Austausch iwwer aktuell national an international Themen.
Riedner vum Owend
- André Bauler, Deputéierten
- Marc Hansen, Deputéierten
- Eric Thill, Minister fir Kultur an delegéierte Minister fir Tourismus
- Mike Poiré, President vun der DP Norden
D’DP Sektioun Rambrouch seet der DP Dikrech an dem Nordkommitee villmools Merci fir d’Organisatioun a freet sech schonn op eng nächst Editioun.



