Wiessel am Gemengeroot vun der DP Rammerich

Ee kuerzen Interview mam neie Vertrieder vun der DP Sektioun Rammerich

Ween ass de Jean Ketter?

Ech hu 36 Joer, si bestuet a Papp vun zwee Kanner. Ursprénglech kommen ech vu Bungeref a wunnen zënter 2019 zu Wolwen. Ech schaffen als administrative Gestionnaire a sinn aktuell an der Gemeng Member vun der Biergerkommissioun a vun der Kommissioun vum interkulturellen Zesummeliewen.

Firwat elo am Gemengerot?

Vu que, datt eise Conseiller Pol Thill plënnert an d’Gesetz virgesäit, datt ee Member vum Gemengerot an der Gemeng selwer ugemellt muss sinn, muss hie säi Mandat leider opginn. Als Nächstgewielte vun eiser Sektioun réckelen ech an de Gemengerot no.

Wat ass deng Motivatioun?

Mir befannen eis an enger Zäit vu ville gesellschaftlechen Changementer a mäi Zil ass et dozou bäizedroen, datt d’Gemeng sech an dëser Zäit matentwéckelt.

De Comité vun der Sektioun Rammerich wënscht dem Jean Ketter Bonne Chance a vill Freed a senger neier Fonktioun als Gemengeconseillier vun der Gemeng Rammerich

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp