De 6. Januar 2025 hu mir déi traureg Noriicht kritt, dass d’Mme Maisy Schwartz-Even eis am Alter vun 101 Joer verlooss huet. Bis virun 2 Joer, huet si nach eleng zu Heeschdref op der Haaptstrooss am fréiere Café Schwartz gewunnt, éier si decidéiert huet déi aner Säit vun der Strooss an d’Altersheem wunnen ze goen.
Si war eng gebuere Geschäftsfra a Kächin, fläisseg, kompetent a schlagfäerdeg,...