Assemblée Générale vum 8. März 2024
De President Paul Schintgen verzicht no 27 Joer op d‘Presidentschaft vun der Steeseler DP-Sektioun, bleift awer dem Comité erhalen a wäert der Sekretärin Colette Schwartz-Weber och weiderhi behëlleflech sinn. Mat vill Erfolleg huet hien d’Sektioun all déi Joren geleet, ass awer der Meenung, dass lues a lues och jonk Leit sollte méi Verantwortung iwwerhuelen.
D’Kandidatur vum neien a nach jonke President Jeff Weissen ass an der Generalversammlung den 8. Mäerz 2024 vun de ronn 60 Memberen a Sympathisanten eestëmmeg ugeholl ginn an him gouf esou d’Vertrauen ausgesprach fir d’Geschécker vun der Sektioun ze leeden.
D’Josette Rausch-Lahure bleift Vizepresidentin, de Louis Muller bleift Caissier an de Jacques Bortuzzo huet acceptéiert ebenfalls Vizepresident ze ginn an huet esou de Luce Emringer ersat, deen sech aus Altersgrënn zréckgezunn huet.

Jeff Weissen
neien President

Jacques Bortuzzo
neien Vize-President