No der Demissioun vum Jana Degrott gouf de Charel Cannivé den 30. Juni 2025 als neie Member vum Gemengerot vereedegt.
D’Vereedegungszeremonie gouf vum Här Buergermeeschter Fernand Marchetti presidéiert.
Charel, mir freeën eis immens, dech als neie Gemengeconseiller dierfe virzestellen. Mat dengem frësche Bléck, dengem Engagement an denger Bereetschaft, Verantwortung ze iwwerhuelen, bréngs Du neien Elan an d’Gemengepolitik vu Steesel.
Du stees fir déi Wäerter, déi eis als DP wichteg sinn: Oppent Denken, Zesummenhalt a Verantwortung fir d’Zukunft. Mir si fest dovun iwwerzeegt, dass’s du dës Roll mat Engagement an Iwwerzeegung wäerts erfëllen.
Mir wënschen Dir vill Motivatioun, Erfolleg a Freed bei dengem neie Mandat, a mir stinn alleguerten hannert Dir – als Equipe an als Sektioun.
Merci, Jana!
D’DP Steesel seet Dir, Jana, e ganz grousse Merci fir däi laangjäregen Engagement als Gemengenconseillère an als aktive Member an eiser Sektioun.
Mat dengem Asaz, denger Wäitsiicht a dengem Engagement hues du wichteg Spueren an eiser Gemeng hannerlooss. Du hues d’DP Steesel iwwer Jore vertrueden – mat Kloerheet, Wäerter a mat engem oppene Bléck no vir.
Mir sinn Dir dofir onheemlech dankbar, dass’s du sou laang un der Säit vun eiser Equipe gestanen hues, a mir wënschen dir fir deng nächst Schrëtt nëmmen dat Bescht – privat wéi berufflech.
Du bleifs eng wichteg Stëmm an eng Inspiratioun fir déi Jonk wéi och fir déi manner Jonk.
Eemol DP, ëmmer DP!
Deng DP Steesel


