Stroossen

EISE WALPROGRAMM – NOTRE PROGRAMME ÉLECTORAL – OUR ELECTORAL PROGRAM

Stroossen – eng Gemeng nohalteg gestalt vun ons all, fir eis all!

Léif Stroossener Biergerinnen a Bierger,

D’DP huet sech an der aktueller Legislaturperiod onermiddlech an duerch permanenten Engagement op allen Niveaue fir d’Wuelbefannen, d’Sécherheet
an d’Liewensqualitéit vun der ganzer Bevëlkerung
vun eiser Gemeng agesat: sief et am Gemengerot, an de Kommissiounen oder an eise Comitésreuniounen. Nieft eiser politescher Aarbecht hu mir natierlech
u ville Manifestatiounen, Concerten, Workshops an Eventer deelgeholl a waren a ville Veräiner engagéiert.

Mir sinn no bei de Bierger, mir sichen de Kontakt, mir lauschteren op Iech, mir huelen Är Bedenken eescht a probéieren zesummen am gemeinsamen Dialog Léisungen auszeschaffen! Dëst sinn eis Stäerkten!

D’DP-Kandidate sti fir eng konkret, inklusiv an authentesch Gemengepolitik, fir Transparenz a Proximitéit zum Bierger.

Mir wëllen eng Politik déi « bottom up » ass, a net « top down »!

Geleet vun de Spëtzekandidaten Martine Dieschburg- Nickels an Dan Thein ass eis ganz Equipe prett fir
déi grouss Erausfuerderungen an eiser Gemeng unzegoen a Verantwortung ze iwwerhuelen.

Mir soen Iech Merci fir Äert Vertrauen a zielen op Är Stëmm den 11. Juni.

Är DP Stroossen

#nobeidir

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp