Stroossen

Newsletter vun der DP Stroossen

Léif Biergerinnen a Bierger vu Stroossen,

D’Summervakanz ass eriwwer a mir freeën eis op nei Aktivitéiten a fir eis Kolleegen erëm ze gesinn.

D’DP vu Stroossen huet och am Summer weidergeschafft: Notamment fir de Bilan vun der aktueller Legislatur ze zéien a fir de Programm fir d’Gemengewale vum nächste Joer ze preparéieren.

Eis DP-Conseilleren hu sech zanter 2017 mat Energie fir d’Leit zu Stroossen agesat. Si goufen dobäi tatkräfteg v an de Kommissiounen a bei de Veräiner vun de Membere vun eiser Sektioun ënnerstëtzt.

Eist Ziel war a bleift eng gutt an nohalteg Liewensqualitéit fir d’Zukunft vun den Awunner vu Stroossen. Fir eis steet d’Proximitéit mat de Bierger am Mëttelpunkt. An deem Sënn hu mir eis iwwer déi vill gutt Gespréicher an der Lescht gefreet a mir wëllen och op deem Wee virufueren. Durch dësen enken Kontakt mat iech, wësse mir genee, wat iech um Häerz läit. Grad elo, wou mer dobäi sinn d’Haapttheme vun eisem Walprogramm festzeleeën, ziele mir op ären Input an op är Iddien!

An dëser Publikatioun fannt dir verschidden Artikelen iwwert eis Preoccupatiounen, Virschléi an Aktivitéiten. Mir wënschen iech eng interessant Lecture!

Eis motivéiert Equipe freet sech elo schonn, fir iech op eise kommende Manifestatiounen ze gesinn. An der Tëschenzäit, zéckt net fir eis ze kontaktéieren. Mir si fir Iech do!

Är DP Stroossen


Wou bleift den Dialog?

D’Majoritéit am Stroossener Schäfferot wëll den Déierepark am Park Riedgen realiséieren, ouni mat de betraffenen Awunner ze schwätzen oder op d’Bedenke vun der DP-Oppositioun anzegoen.

Jidderee kann a soll wiele goen

Wéi schonn annoncéiert, dierfen Net-Lëtzebuerger neierdéngs bei de Gemengwale matmaachen, esoubal se do ageschriwwe sinn. D’Konditiounen: Wunnsëtz an der Gemeng, et dierf een d’Walrecht weder am Heemechtsland nach zu Lëtzebuerg verluer hunn a muss ggf. eng Openthaltsgeneemegung hunn. Et kann ee sech online iwwer Myguichet.luoder op der Gemeng aschreiwen. Fir un de Gemengewalen vum 11. Juni 2023 deelzehuelen, muss ee sech bis spéitstens 55 Deeg am Viraus op de Wielerlëschten aschreiwen. Weider Informatioune fënnt een op jepeuxvoter.lu


Spillplaz Waasserspillplaz Pescher IV

Zanter déi Spillplaz virun e puer Joer geschafe ginn ass, intervenéieren d’DP-Gemengeréit beim Schäfferot, datt déi Plaz esou amenagéiert gëtt, datt d’Leit do och kënnen am Schiet sinn. Déi lescht Interventioun am Gemengerot dozou war am Juli.

Famillje mussen sech op esou enger Plaz onbedéngt kënnen an de Schiet setzen oder am Schiet spillen. Dat ass immens wichteg, wann een d’Hëtzt vun de leschte Jore bedenkt.

Mir fuerderen de Schäfferot och dozou op, Drénkwaassersailen, a Sonnecrème-Automaten op alle Spill- a Pauseplazen an eiser Gemeng opzeriichten.

Stroossen Horizont 2030 

Eis Gemeng entwéckelt sech immens séier! D’Populatioun wiisst vu Joer zu Joer!

Mir sti virun der Erausfuerderung, eis Verwaltungs-, Schoul-, Fräizäit-, Sport- a Sozialariichtungen auszebauen.

Wéi soll d’Gemeng Stroossen an Zukunft ausgesinn? Wéi stelle mir eis den Zentrum vun eiser Uertschaft vir, wou solle nei Ariichtunge gebaut ginn? Wéi wëlle mir d’Gemeng méi benotzerfrëndlech maachen? Vill Froen, déi eng Äntwert brauchen. An zwar am Austausch mat de Biergerinnen a Bierger vu Stroossen. E Plang, dee vun Ufank bis zum Schluss – zesumme mat Iech, léif Awunner – duerchgezu gëtt!

D’DP Stroosse wëll eng richteg Biergerbedeelegung, net just eng Informatiounsversammlung fir Froen zu engem Projet ze stellen, dee scho vum Schäfferot decidéiert ginn ass.

Open governmentopen budget si Schlësselwierder fir d’Stroossener DP.Mir wäerten zesummen dofir suergen, datt Stroossen erëm ÄER Gemeng gëtt!

Open Air Fitness – Eng gutt Iddi?

Jo, mir si fir esou engg zousätzlech Fräizäitaktivitéit zu Stroossen! Mee d’Aart a Weis, wéi de Schäfferot dëse Projet ëmgesat huet, kënne mir net guttheeschen!

De Choix vun der Plaz a virun allem den Ufank vun den Aarbechten hätte missen am Viraus vum Gemengerot ofgeseent ginn.

Eng Pist fir Skater a BMX-Rieder an der Géigend bei der St. Exupéry-Schoul!

De fäerdege Projet ass enger Grupp vun zirka zéng Jugendlechen virgestallt ginn. Dat ass e méi ewéi bescheidene Succès, wann ee bedenkt, datt iwwer 1.600 Jugendlecher ageluede gi woren.

Mee d’CSV-LSAP-Majoritéit wollt net méi iwwer d’Justifikatioun, d’Käschten an d’Ausmoosse vum Projet – deen am Gemengerot virgestallt gi wor – diskutéieren. Hei sinn 1,4 Milliounen Euro mat de Stëmme vun Déi Gréng engagéiert ginn!

Net ze vergiessen: Et gouf keng Léisung fir d’Ofleedung vum Reewaasser ageplangt. Wann een déi grouss Surface bedenkt, déi duerch dës Piste versiggelt gëtt, dann ass dat e grave Probleem. Et ass och keng Etüd iwwert de Kaméidi ronderëm esou eng Pist ze fannen.

Schafe vun engem Hondspark 

Méi Awunner bedeiten och méi Hausdéieren.

Well et an eiser Gemeng keng gésechert Plaz fir eis Frënn mat véier Bee gëtt – a well d’Hënn ëmmer mussen un der Léngt sinn – fuerdere mir en Hondspark mat vill Plaz, wou d’Hënn sech kënnen auszetoben. Esou eng Muppewiss wier am Sënn vun den Hondsbesëtzer a vun de Leit, déi wëllen ongestéiert op ëffentleche Plaze spadséiere goen.

D’DP fuerdert dofir en Hondspark dee grouss genuch fir méi Hënn ass. Dëse Park soll mat enger héijer, robuster, a sécherer Trennung, mat Dréckstuten a mat genuch Poubellen equipéiert ginn, fir d’Propretéit vum Site ze garantéieren.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp