Stroossen

Newsletter – No bei dir.

D’Fréijoer ass an der Loft – an och d’Gemengewalen! D’DP vu Stroossen huet sech iwwer déi lescht Méint vill Gedanke gemaach, fir e gudde Walprogramm mat relevanten Haaptthemen ze preparéieren. D’Uleies an d’Wuelbefanne vun de Biergerinnen a Bierger vu Stroossen sinn eis immens wichteg. Theme wéi eng gutt an nohalteg Liewensqualitéit, Sécherheet, Transparenz an Innovatioun sti weiderhin am Fokus. Wärend der lafender Legislatur hunn mir eis mat aller Kraaft an Energie fir d’Awunner vu Stroossen agesat a mir hunn och weiderhin nach vill Ambitiounen, Propositiounen an Iddie fir eis Uertschaft nach besser ze gestallten. An dëser Publikatioun zéie mir de Bilan vun de leschte 6 Joer an präsentéieren e kléngen Abléck op eis Haaptthemen. Fir d’Gemengewale vum 11. Juni dëst Joer hunn mir eng Equipe mat 15 engagéierten a kompetente Kandidaten a Kandidatinnen zesummegestallt, déi all bereet sinn, zum Wuel vu Stroossen ze schaffen. Eis Equipe freet sech elo schonn drop, fir Iech op eiser Walversammlung vum 25. Mee 2023 dierfen ze begréissen, wou dir d’Geleeënheet kritt fir eis Kandidaten a Kandidatinne besser kennen ze léieren a mat hinnen ze diskutéieren. Et ass a bléift fir d’DP Stroossen eng grouss Prioritéit, fir mat den Awunner vu Stroossen a Kontakt ze bléiwen an fir hinnen nozelauschteren. Mir si motivéiert! Mir sinn engagéiert! An mir sinn #nobeidir! Är DP Stroossen

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp