
Mir setzen eis an…
FIR DECH, D’BIERGER, D’VERÄINER AN D’KULTUR
- FIR DÉI JONK
- Méi Moyenë fir d’Jugendhaus an d’Opstocke vum Personal
- Eng erweidert Offer vum Nightlife-Bus
- Schafe vun engem Kanner- a Jugendgemengerot deen op d’Besoinë vum deene Jonke lauschtert
- FIR DEN 3TEN ALTER
- Eng méi grouss Offer un encadréierten Aktivitéiten
- Méi Plazen an den Altersheemer déi eng Konventioun mat der Gemeng hunn
- Méi Bänke laanscht d’Trëppelweeër
- FIR D’VERÄINER
- Méi logistesch Ënnerstëtzung bei groussen Eventer a bei der Ëmsetzung vun de Green events-Obligatiounen
- FIR ALL EIS BIERGER
- Eng méi diversifiéiert kulturell Offer an dengem Syrkus, besonnesch och fir eis Jugend
- Hëllef bei den administrativen Démarchen
FIR E NACH MÉI FLOTTE SCHOULCAMPUS
De Schoulcampus soll och no der Schoul en attraktive Treffpunkt fir eis Kanner sinn an de Kontakt tëscht den Eltere fërderen. Op Basis vun enger Biergerconsultatioun wëlle mir de Campus nach méi sécher an attraktiv maachen. Mir denken un eng méi grouss Fräizäitoffer (z.B. Skate- oder Bikepark), eng punktuell verbessert Beliichtung, méi Bänken an u Bordüren, déi d’Parkplazen an de Fousswee vunenaner trennen.
FIR D’NATUR, BIODIVERSITÉIT A MÉI NOHALTEGKEET
- Ausbau vun der Photovoltaik op de Gemengegebaier, ma och
bei de Privatleit - Opwäerte vun de Gemenge-Bongerten a Promotioun vun der
Aktioun Giele Bändchen, fir datt d’Bierger besser dovunner
profitéiere kënnen - Anti-Gaspi-Frigo bei der Schoulkantin
- Installatioun vu Beiestäck
- Jardins communautaires – Extensioun vun der Offer op aner
Uertschafte vun der Gemeng - Méi Informatiounen iwwert den ëffentlechen Engagement am
Beräich Nohaltegkeet a konsequent Ënnerstëtzung fir eist Team
vum Klimapakt
FIR MÉI ABORDABELE WUNNRAUM
- Opkafe vun interessanten Terrainën an Objeten duerch d’Gemeng
- Opstocke vum Parc locatif vun der Gemen
FIR DEN AUSBAU VUN DE SERVICER AN DENGER GEMENG
- Mir brauchen eng Apdikt an eiser Gemeng
- Mir wëlle kucken, ob eidel Gemenge-Gebaier net kënnen
als Co-working Space fir jonk Entrepreneren aus der
Gemeng profitéiert ginn
FIR DENG MOBILITÉIT
- Relance vum Betzbus
- Fërderung vun der doucer Mobilitéit:
- méi sécher Trëppel- a Vëlosweeër, besonnesch fir erop bei de Supermarché
- Installatioun vu Stations Services fir kleng Reparature fir d’Vëloen, z.B. bei de Garen an um
Schoulcampus - Ënnerstëtzung vu Pedi- a Vëlobus-Initiativen um Schoulwee
- Verbesserung vun der Infrastruktur vun de Bushaisercher
- Installatioun vun digitale Bus-Panneauen
- Besser Busverbindungen; notamment tëscht Ouljen a Banzelt
- Kuerzzäit-Parkplaze bei der Gare, fir d’Cliente vum Duerfbuttek a fir d’Patiente vun eisen Dokteren
- Limitatioun vun der Parkdauer op de Luetstatioune fir d’Elektro-Autoen
- Verkéiersberouegung vun eise Stroossen
- duerch Bossen, duerch Stroosseverengungen an duerch Vitesslimitatiounen
- duerch politeschen Drock, fir datt d’Verkéiersberouegung vun der N1 endlech ëmgesat gëtt
FIR ENG MÉI DIGITAL GEMENG
- Ee Member vum Schäfferot soll responsabel fir d’Digitalisatioun
vun der Gemeng ginn - Déi administrativ Demarche solle méiglechst digital accessibel ginn
- Approche Paperless: Du solls de Choix hunn, ob’s du de
Gemengebuet oder aner Kommunikatioune vun der Gemeng op
Pabeier an deng Bréifkëscht oder digital iwwer Email kriss
