

Newsletter Februar 2023
An den nächste Wochen a Méint wäerte mer mat iech iwwert eis Iddien diskutéieren, mee awer och är Suergen a Virstellungen an eis Politik integréieren.
Well fir d’DP ass den Dialog mat de Bierger d’Basis vun enger gudder Gemengepolitik.
Biogas-Anlag zu Reiler
Fro un de Schefferot vun den DP-Conséiljeeën Am Zesummenhang mat der aktueller Energiekris wollte mir als Gemengeréit e puer Froen un de Schäfferot stellen. Bis 2020 krut d’Gemeng fir de Schoulzenter zu Reiler e gudden Deel, respektiv integral hir Heizenergie duerch d’Biogasanlag K.S.M Biogas vu Reiler geliwwert. Dës Anlag, déi direkt niewen dem Schoulkomplex steet, huet iwwert 15 Joer zur Zefriddenheet vun allen d’Heizenergie geliwwert a domadder zegdausend Liter fossillen Brennstoff agespuert. Dës Zesummenaarbecht ass 2020 ënnerbrach gi, engersäits duerch den Ëmbau vun der Schoul an anerersäits duerch eng noutwenneg technesch Erneierung vun der Biogasanlag déi hätt misse gemaach ginn. D’Bedreiwer hunn de Schäfferot scho bei der Planung vun dem neie Schoulkomplex informéiert dat si wëlles wären d’Anlag technesch ob den aktuellen wëssenschaftleche Stand an ob Ufuerderungen vun dem neie Schoulkomplex auszebauen, fir d’Liwwerung vun der Heizenergie, wann erwënscht, integral ze iwwerhuelen. Nodeems datt, duerch de Covid19 bedéngt e Stëllstand an der géigesäiteger Informatioun komm ass, kruten Bedreiwer iwwert e Schäffen, ouni weider Erklärung, matgedeelt dat an Zukunft eng Zesummenaarbecht net méi méiglech wär. D’Erweiderung vun der Busgare huet och dozou geféiert datt Wärmenetz, dat zum Deel vun de Bedreiwer bezuelt gouf, erausgerappt an ënnerbrach ginn ass. Firwat ass an den techneschen Etuden fir alternativ Energien, d’Benotzung vu Biogas net méi berécksiichtegt ginn, besonnesch well knapps 300 Meter ewech eng nei Biogasanlag hätt kënne benotzt ginn. Wat bréngt Bedreiwen vun eng Biogasanlag fir d’Gemeng? Mir als DP sinn der Meenung dat an den haitegen Zäiten, net nëmmen „Null Kilometer“ beim Iessen an Akafen wichteg ass, mee besonnesch bei der Energiegewënnung. An eng Ënnerstëtzung vun der Landwirtschaft géif der Gemeng Cliärref och net schlecht zu Gesiicht

Newsletter Februar 2023
An den nächste Wochen a Méint wäerte mer mat iech iwwert eis Iddien diskutéieren, mee awer och är Suergen a Virstellungen an eis Politik integréieren.
Well fir d’DP ass den Dialog mat de Bierger d’Basis vun enger gudder Gemengepolitik.