Cliärref

Biogas-Anlag zu Reiler

Fro un de Schefferot vun den DP-Conséiljeeën

Am Zesummenhang mat der aktueller Energiekris wollte mir als Gemengeréit e puer Froen un de Schäfferot stellen.

Bis 2020 krut d’Gemeng fir de Schoulzenter zu Reiler e gudden Deel, respektiv integral hir Heizenergie duerch d’Biogasanlag K.S.M Biogas vu Reiler geliwwert. Dës Anlag, déi direkt niewen dem Schoulkomplex steet,  huet iwwert 15 Joer zur Zefriddenheet vun allen d’Heizenergie geliwwert a domadder zegdausend Liter fossillen Brennstoff agespuert.

Dës Zesummenaarbecht ass 2020 ënnerbrach gi, engersäits duerch den Ëmbau vun der Schoul an anerersäits duerch eng noutwenneg technesch Erneierung vun der Biogasanlag déi hätt misse gemaach ginn.

D’Bedreiwer hunn de Schäfferot scho bei der Planung vun dem neie Schoulkomplex informéiert dat si wëlles wären d’Anlag technesch ob den aktuellen wëssenschaftleche Stand an ob Ufuerderungen vun dem neie Schoulkomplex auszebauen, fir d’Liwwerung vun der Heizenergie, wann erwënscht, integral ze iwwerhuelen.

Nodeems datt, duerch de Covid19 bedéngt e Stëllstand an der géigesäiteger Informatioun komm ass, kruten Bedreiwer iwwert e Schäffen, ouni weider Erklärung, matgedeelt dat an Zukunft eng Zesummenaarbecht net méi méiglech wär.

D’Erweiderung vun der Busgare huet och dozou geféiert datt Wärmenetz, dat zum Deel vun de Bedreiwer bezuelt gouf, erausgerappt an ënnerbrach ginn ass.

Firwat ass an den techneschen Etuden fir alternativ Energien, d’Benotzung vu Biogas net méi berécksiichtegt ginn, besonnesch well knapps 300 Meter ewech eng nei Biogasanlag hätt kënne benotzt ginn.

Wat bréngt Bedreiwen vun eng Biogasanlag fir d’Gemeng?

  • E positiven Afloss op Klimaziler an d’Ëmweltpolitik duerch Reduzéierung vun dem Methanemissiounen an e neutralen CO2 Bilan.
  • wéineger Geruchsbelästigung bei der Gülleausbréingung, 
  • wéineger Nitratauswaschungen, 
  • Kreeslafwirtschaft, 
  • Reduzéierung vu zougekaaften mineraleschen Dünger duerch landwirtschaftlech Betriber (Kalkamonnsalpetet, Harnstoff, asw.). 
  • Diversifizéierung an Stäerkung vum Akommes vun de landwirtschaftlechen Betriber.

Mir als DP sinn der Meenung dat an den haitegen Zäiten, net nëmmen „Null Kilometer“ beim Iessen an Akafen wichteg ass, mee besonnesch bei der Energiegewënnung. An eng Ënnerstëtzung vun der Landwirtschaft géif der Gemeng Cliärref och net schlecht zu Gesiicht stoen.

Zum Schluss géife mer gär wëssen mat wat gëtt aktuell de Schoulkomplex zu Reiler gehëtzt a wat fir eng Alternativ Energieträger kommen a Fro fir an Zukunft all d’Gebaier ze hëtzen.

Safet „Jacques“ Sabotic                        Raymond Beffort
Gemengerot                                         Gemengerot

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp