Cliärref

Jonk an innovativ Betriber – och am ländleche Raum, och am Cliärrwer Kanton

Eis Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann setzen sech dofir an, datt jonk an innovativ Entreprisen, also Start-Upen, net nëmmen an der Stad an op Esch/Belval, ma och am ländleche Raum (Nord- an Ostkantonen) an an der Nordstad Fouss faasse kënnen. De ländleche Raum däerf hei also den Uschloss op kee Fall verpassen. 

Am Kader vu senger ekonomescher Diversifikatiounspolitik wëll de Wirtschaftsministère jo d’Entwécklung vu Start-Upen encouragéieren. Fir Lëtzebuerg als „Start-Up Nation“ z’ënnerstëtzen, wëll d’Regierung den Image vum Land an déi Richtung entwéckelen an domadder d’Visibilitéit op nationalem an internationalem Niveau stäerken. Ë.a. mat enger  Marketing- a Kommunikatiounsstrategie, déi soll méi Investisseuren an deene verschiddenen Domänen unzéien. 

An dësem Sënn hunn d’Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler dës Woch e puer Froen un de Wirtschaftsminister gestallt.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp