Zu Dikrech wäert et déi nächst 6 Joer eng Koalitioun tëscht der CSV an der DP ginn. Eise Co-Spëtzekandidat, de José Lopes Gonçalves gëtt 1. Schäffen an eis Co-Spëtzekandidatin a Sektiounspresidentin, d’Katrin Kohl gëtt als Zweetgewielte vun eiser Lëscht, Gemengeconseiller am Dikricher Gemengerot. De Charel Weiler an de Paul Bonert vun der CSV gi Buergermeeschter, bzw. 2. Schäffen. Villmools Merci...