Fir eng konstruktiv a fair Politik

E Bléck zréck op e ganz aktiivt Joer 2025 fir d’DP-Gemengssektioun Mamer wärend hirer Generalversammlung, déi de 28. Januar am Festsall vum “Wëllebau” zu Mamer stattfonnt huet.

Ronn drësseg Frënn aus Mamer an anere Gemengen haten sech fir dëse wichtege Moment am Liewe vun der Sektioun versammelt. D’Bedeitung dovunner gouf ënnerstrach duerch , ënner anerem d’Präsenz vum Corinne Cahen, Vizepresidentin vum Exekutivcomité vun der Demokratescher Partei, vum Lou Linster, Nationalpresident vun de Jonk Demokraten, a vum Marc Meyer, President vum DP-Südbezierk.

De President vun der DP Gemeng  Mamer, Sven Bindels, an d’Sekretärin vun der Sektioun, Jessica Klopp, hunn op e Joer zréck gekuckt, dat räich un Aktivitéite war – mam 1. Mee-Fest zu Mamer als Héichpunkt – mee och u politescher Aarbecht.

D’Jessica Klopp an de Sven Bindels, déi och d’DP-Vertrieder am Gemengerot vu Mamer sinn, déi vun enger CSV/LSAP-Majoritéit regéiert gëtt, hunn d’Initiative vun der DP fir e Bauaarbechten-Koordinatiounsservice an der Gemeng, fir en neie Sportkomplex an d’Organisatioun vu Festivitéiten an allen Dierfer vun der Gemeng – net nëmmen zu Mamer – ervirgehuewen.

De President huet och d’Fäerdegstellung vu grousse Projete begréisst, déi d’DP laang gefuerdert hat, wéi déi kommunal Schwämm, deen zënter dem Summer fir d’Allgemengheet op ass.

Der DP Gemeng Mamer feelt et net un Iddie fir d’Déngschtleeschtunge fir d’Awunner an hiert Liewensëmfeld weider ze verbesseren, an eng equilibréiert Zukunft vun der Gemeng virzebereeden.

“D’DP Gemeng Mamer vertrëtt eng konstruktiv a fair Politik am Interessi vun de Bierger,” huet Sven Bindels ënnerstrach.

Duerno gouf de Rapport iwwer d’Aarbecht vun de Vertrieder vun der DP Gemeng Mamer an de consultative Kommissioune vum Vizepresident Claude Karger presentéiert. D’DP-Membere sinn an dëse Kommissioune ganz aktiv an engagéiert. Ofschléissend huet den Tresorier Daniel Magar déi komfortabel finanziell Situatioun vun der DP Gemeng Mamer presentéiert.

D’Generalversammlung gouf mat engem Iessen an enger exzellenter Ambiance am Restaurant Wëllebau ofgeschloss. 

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp