
E flotten 1. Mee bei der Mamer DP
Et ass eng laangjäreg Traditioun: den 1. Mee organiséiert d’DP Gemeng Mamer e grousst Fest. Um Feierdag ass et fir immens vill Leit aus der Regioun a wäit doriwwer eraus e feste Rendez-vous. Och dëst Joer konnt d’DP Gemeng Mamer erëm Honnerte Gäscht begréissen.

Meet our members: Marie Kirch
Firwat engagéiert sech d’Marie Kirch an der DP Mamer? Kuckt Iech de Video un!

Meet our members: Steven Milbert
Wat sinn d’Politikfelder, wou de Steven Milbert wëllt Saache beweegen? Kuckt Iech de Video un!

E flotten 1. Mee bei der Mamer DP
Et ass eng laangjäreg Traditioun: den 1. Mee organiséiert d’DP Gemeng Mamer e grousst Fest. Um Feierdag ass et fir immens vill Leit aus der Regioun a wäit doriwwer eraus e feste Rendez-vous. Och dëst Joer konnt d’DP Gemeng Mamer erëm Honnerte Gäscht begréissen.

Meet our members: Marie Kirch
Firwat engagéiert sech d’Marie Kirch an der DP Mamer? Kuckt Iech de Video un!

E flotten 1. Mee bei der Mamer DP
Et ass eng laangjäreg Traditioun: den 1. Mee organiséiert d’DP Gemeng Mamer e grousst Fest. Um Feierdag ass et fir immens vill Leit aus der Regioun a wäit doriwwer eraus e feste Rendez-vous. Och dëst Joer konnt d’DP Gemeng Mamer erëm Honnerte Gäscht begréissen.
Eise Comité
De Comité vun der DP Mamer heescht Iech ganz häerzlech wëllkomm op dëser Websäit. Surft reegelméisseg hei laanscht fir déi neitsten Aktualitéiten.
Eis Memberen am Gemengerot
Sven Bindels
De Sven Bindels huet 43 Joer a wunnt mat senger Fra a sengen zwee klenge Kanner zu Mamer.
De Sven schafft bei Post Technologies an ass do zoustänneg fir d’Koordinatioun an d’Iwwerwaachen vun de Glasfaserchantieren.
No sengem gudde Resultat bei de Landeswalen 2013 (6. Gewielten) ass hien 2015 President vun der Sektioun Mamer ginn a konnt 2017 an de Gemengerot anzéien. Aus de Gemengewalen 2023 ass hien als Eischtgewielten op der DP Lëscht erausgaangen.
De Sven bléckt op en laang Carrière als Fussballsarbitter zréck a lieft och privat seng Passioun fir de Sport.
Als Gemengerot a President vun der DP-Sektioun Gemeng Mamer setzt hien sech fir eng éierlech, biergerno an innovativ Gemengepolitik an.
Jessica Klopp
Engagéiert, determinéiert an ëmmer positiv agestallt : d’Jessica Klopp, 36, vu Mamer, ass e Mënsch, deen net gären doheem setzt, mee eng Hand mat upaakt, fir Saachen ëmzesetzen.
Der Léierin läit et ganz uewen, der Jugend eng méi staark Stëmm zu Mamer ze ginn, mee och an d’Zukunft vun de Kanner ze investéieren, ënner anerem och duerch d’Fërderung vum Natur- a Klimaschutz.
D’Jessica ass Member vun de kommunale Kommissioune fir Jugend a Schoul an a ville Veräiner engagéiert, zum Beispill an der „Harmonie Gemeng Mamer“. Politesch ass si scho ganz laang fir d’éischt bei de Jonke Liberalen an elo an der DP engagéiert.
D’Jessica ass Sekretärin vun der DP Gemeng Mamer a Vizepresidentin vum Regionalcomité Süden vun der Demokratescher Partei.
Aus de Gemengewale vum 11. Juni 2023 ass hat als Zweetgewielt op der Lëscht vun der DP Gemeng Mamer erausgaangen.