Mamer

Jeff Hengen

De Jeff Hengen, 44 Joer, vu Mamer, ass Beruffspompjee a war schonn ëmmer interesséiert un der Politik. Hie fënnt, dass dat genee esou e Moyen ass fir sech fir d’Allgemengheet anzesetzen, wéi de fräiwëllegen Engagement vu Pompjeeën. Als laangjärege Pompjeeë setzt de Jeff sech all Dag fir seng Matmënschen an. Politesch läit him virun allem d’Stäerkung vum Veräinsliewen an allgemeng vum soziale Liewen an der Gemeng um Häerz.