Mamer

Sylvie Zangerlé, épouse Klopp

Ëmmer e Laachen am Gesiicht an eng immens positiv Ausstralung : Mam Sylvie Klopp-Zangerlé, 63, vu Mamer, kënnt ee ganz liicht an d’Gespréich. Dem Sylvie säi Motto ass : Léiwer matschaffe wéi knouteren! Sou setzt si sech ganz staark fir d’Leit an der Gemeng Mamer an, déi zanter 40 Joer hiert Doheem ass. Besonnesch um Häerz läit dem Sylvie d’Chancëgläichheet, an dat op allen Niveauen. Sou ass si Member vun der kommunaler Chancëgläichheetskommissioun an huet sech ënner anerem konsequent mat dru geschafft, dass d’“Maison Citoyenne“ am Gebuertshaus vum fréiere Spëtzesportler a Politiker Josy Barthel konnt verwierklecht ginn.