Verbesserungsvirschléi fir d’Gemenge-Websäit

👉 De komplette PDF mat allen Detailer fannt Dir ënnert dësem Artikel.

Nodeems mir als Oppositioun dëst Thema ëmmer nees ugemierkt an an eise Budgetsriede widderholl kritiséiert hunn, kënnt elo endlech Beweegung an den Dossier vun der Moderniséierung vum Internetsite rambrouch.lu. De Schäfferot huet bei de Fraktiounen nogefrot, wéi eng Punkten si gäre verbessert hätten. Doropshin hu mir als DP Sektioun Rammerich eis konkret Proposen ausgeschafft.

Eng modern Gemenge-Websäit muss virun allem einfach, séier a biergerfrëndlech sinn. Mat eise Virschléi wëlle mir zu méi Iwwersiicht, méi Digitaliséierung an enger besserer Benotzererfarung bäidroen.

Eist Zil ass kloer: méi Iwwersiicht, méi Digitaliséierung an eng besser Benotzererfarung.

„D’Websäit soll esou opgebaut sinn, datt de Bierger bannent 30 Sekonnen dat fënnt, wat hie sicht.“

Eis wichtegst Propositiounen

  • Administrativ Demarche vereinfachen
    Méi Online-Formulairen, manner onnéideg PDFen a kloer Erklärungen.
  • Navigatioun méi intuitiv maachen
    Manner Ënnerniveauen an eng Struktur no Benotzerlogik („Don’t make me think“).
  • Sichfunktioun staark verbesseren
    Sichtbar am Header, mat Autocomplete a Synonym-Erkennung.
  • Veräiner besser valoriséieren
    Veräins-Index mat Filteren an der Méiglechkeet, an engem Kalenner Evenementer eranzereechen.
  • Mobile First konsequent ëmsetzen
    Grouss Buttons, gutt liesbar Texter a klickbar Kontaktdonnéeën.
  • Verständlech Sprooch fir jiddereen
    Konsequente Méisproochegkeet an „einfach erklärt“-Rubriken.
  • Digitalen Event-Kalenner & Gemengebuet
    Online liesbar, mat Archiv a méiglechen Notifikatiounen.
  • Modern Design & Accessibilitéit
    Kloert Look & Feel, gutt Kontraster an inklusiv Gestaltung.
  • Innovativ weiderdenken (KI)
    Intelligent Sich, déi séier déi richteg Informatioun liwwert.

Och wann dëst kloer e Schrëtt an déi richteg Richtung ass, gesi mir nach ëmmer weider Baustellen am Beräich vun der Digitaliséierung an eiser Gemeng.

Esou hale mir et fir sënnvoll, d’Astelle vun engem Expert an der Digitaliséierung ze iwwerleeën, deen d’gesamt digital Landschaft analyséiert a konkret Schwaachstellen identifizéiert. Zousätzlech hu mir als Fraktioun schonn e puermol drop higewisen, datt d’Entwécklung vun enger moderner Gemengen-App e logeschen nächste Schrëtt wier.

Eng esou App kéint d’Kommunikatioun tëscht Bierger an Administratioun däitlech vereinfachen, Servicer méi accessibel maachen an d’Biergerbedeelegung aktiv stäerken.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp