Gemeng Stengefort

Déi nächst Walen

Elo geet et gleich nees lass. 2023 stinn déi nächst Walen virun der Dier. Do bleiwe nach knapps 10 Méint bis de Wieler säi Votum ofgëtt.

No der Vakanz wärten déi eenzel Protagonisten sech nawell schnell zu Wuert mellen. Da lafen d’Bréifkeschten nees iwwer mat allem wat esou Walen mat sech bréngen. Do gëtt da geplangt, gudd Virsätz geholl a Villes versprach.

Do mellen sech dann Leit zu Wuert déi alles oder villes besser wësse wëllen. Mee wou woren déi dann déi ganzen Zeit. Do huet een näischt vun hinnen héieren oder gelies. Wëssen déi net dass eng Legislatur net nëmmen ee Joer virun de Walen ass mee all déi Joeren, mee vun de leschten Walen bis zu den nächste Walen.

Mir gesinn dat op jidde Fall esou an hunn d’Wieler an eiser Gemeng stets um Laafenden gehal. Eis Meenung zu verschiddenen Projeten konnt dir regelméisseg noliesen, sief et an eisem Info, deen all Awunner an d’Bréifboite kritt oder op eisem Internetsite oder op Facebook. D’Awunner wëssen also alleguer wou se mat eis dru sinn. Si brauchen net op déi nächste Walen ze waarden vir ze wëssen dat et eis gëtt an dass mir och oft anerer Meenung sinn wéi d’Majoritéit.

Eis Kritiken woren ëmmer konstruktiv an net destruktiv. Mir hun ëmmer am Sënn vun eisen Awunner gehandelt, zum Wuel vun eiser Gemeng

Dat wëllen mer och weiderhin esou handhaben.

Sidd also net iwerrascht wann elo am Hierscht är Bréifboite iwerquelt mat Werbung fir hirt Uleies an mat guddn Rotschléi déi een net onbedéngt brauch.

Et sinn Walen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp