Gemeng Stengefort

Déi nei Foussgängerbréck beim Weier

Et hunn Awunner eis drop ugeschwat, dass beim Weier eng nei schmuel Foussgängerbréck installéiert gouf. Des Bréck verbënnt déi nei Cité Aischzenter  mat dem Wee laanscht de Weier. Hinnen ass opgefall, dass nawell laang un der Bréck ronderëmgedoktert gouf.

Mir hunn eis dat dunn och emol ugekuckt. Do stellen sech eis dann awer en puer Froen.

Wien huet do de Plang gemaach an des Moosse festgeluecht? Brauch ee fir esou Eppes en Architekt oder geet en Bureau d’études duer fir esou eppes ze verbocken.

Des Bréck ass zwar net ze kuerz mee awer vill ze schmuel, och als  Foussgängerbréck.

1Meter a 25 Zentimeter ass dach awer vill ze schmuel. Do komme knapps 2 normal Leit laanscht en aner. Scho guer net 2 Leit mat Rollstull oder Rollator oder 2 Kannerkutschen..

Ufanks hunn mer gerätselt an ons d’Fro gestallt well et esou laang gedauert huet bis des Bréck un de Wee ugeschloss war, ob se net villäicht géinge Rout Luuchten installéiere vir hei eng Virfaart ze regléieren. Mee dat schéint net esou ze sinn.

Et kéint och si wann mer Corona iergendwann hannert eis hunn dass eis Gemeng des Bréck als „Lieu de rencontre“  festleet. Dëst well mer jo ausser Provisoriumen  esou Eppes net méi hunn an der Gemeng.

JM

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp