Gemeng Stengefort

No bei iech

No bei dir

  1. Virwuert vum Gemengeconseiller  Präsident vun der Sektioun
  2. Liewen, Wunnen a Schaffen an eiser Gemeng
  3. Soziales a Veräinsliewen
  4. Nohaltegkeet, Ökologie, Naturschutz a Landwirtschaft
  5. Schoulen, Maison relais a Jugendhaus
  6. Jugend a Senioren
  7. Mobilitéit an eiser Gemeng
  8. Eis Gemengenservicer, hir Déngschtleeschtungen a Gemengen Finanzen
  9. Infrastrukturen an eiser Gemeng
  10. Tourismus
  11. Erhalen vun eisem Patrimoine
  12. Kultur

 01  Virwuert vum Gemengeconseiller a Präsident vun der Sektioun

Léif Matbiergerinnen a Matbierger,

Den 11. Juni ass et esou wäit; dir bestëmmt är Gemengeréit fir déi nächst sechs Joer.

D’Leitmotiv vun der DP fir dës Campagne heescht No bei iech . No bei dir.

An den nächste Jore wëll d’DP eis Gemeng Stengefort zesumme mat iech alleguerte gestallten.

Basisdemokratie gehéiert zënter jeehier zu de Grondelementer vun der DP.

Fir eis stinn d’Wuelbefannen an d’Liewesqualitéit vun alle Biergerinnen a Bierger am Mëttelpunkt: D’Zesummeliewen, d’Aarbecht, d’Zukunft vu Jonk an Al, d’Sécherheet, d’Ëmwelt, d‘Nohaltegkeet, d’Natur, d‘Ekonomie, d’Mobilitéit an den Tourismus sinn d’Schwéierpunkte vun eisen Efforten.

Dozou gehéieren och d’Infrastrukturaarbechten, den Ënnerhalt an d’Erneierung vun de Gemengegebaier a bezuelbar Wunnenge fir  jiddereen.

An hirem Walprogramm gëtt d’Demokratesch Partei konkret Äntwerten op déi Erausfuerderungen. Eis Kandidate setzen sech mat Läif a Séil fir d’Ëmsetzung vun deenen Ziler an.

Déi läscht Joren hu mir als Oppositioun dofir gesuergt déi eenzel Projeten am Interessi vun iech  mat ze gestallten.

D’DP vu Stengefort ass prett, an Zukunft méi Responsabilitéit z’iwwerhuelen. Fir iech a fir eis Gemeng: zesumme mat iech. 

Daniel Frieden

Gemengeconseiller a President vun der lokaler Sektioun vun der Demokratescher Partei Stengefort, Hoën, Klengbetten a Grass.

02    Liewen, Wunnen a Schaffen an eiser Gemeng

D’Gemeng Stengefort huet sech an de leschte Jore rasant entwéckelt. Dat bedeit och dass mer net nëmme méi Awunner hunn mee och, dass an d’Erhalen vun der Liewensqualitéit investéiert muss ginn. Dëst muss Prioritéit hunn.

Eis Gemeng huet sech verschiddene landeswäite Programmer an Initiativen ugeschloss zum Beispill „Pacte logement 2.0, dem Klimapakt 2.0, dem Naturpakt, asw.“. Dës Programmer bidden der Gemeng d’Méiglechkeet hir Entwécklung  ze steieren ouni hir iwwergeuerdnet Zieler aus den Aen ze verléieren. D’Entwécklung soll op jiddwer Fall op eng nohalteg Aart a Weis geschéien.

Vill vun dësen Aktiounen sinn nëmmen méiglech wann d’Gemeng mat den zoustännegen Ministèren an Verwaltungen zesummeschafft. Mee och op lokaler Basis kann eng Gemeng sech net ëmmer eegestänneg entwéckelen an dofir huet d’Gemeng sech an den verschiddenen Syndikater zesummegedoen. Domadder sinn d’Ufuerderungen an deenen verschiddenen Beräicher och garantéiert.

DP wëllt d’Meenung vun den Awunner mat afléissen loossen an dofir soll den Awunner besser informéiert ginn an et soll besser kommunizéiert ginn. Dëst soll awer net nëmmen duerch modern Medien geschéien mee och iwwert traditionell Weeër verbreet ginn, wéi zum Beispill: Bierger Foren, Workshoppen an Informatiounsversammlungen. Eis Awunner sollen e besseren Zougang zu de verschiddene Servicer kréien an dofir sollen d’Ëffnungszeiten flexibel gehale ginn.

D’Secherheet dobaussen e ganz wichtegen Aspekt a soll duech d’Beliichtung vun de Stroossen, de Gebaier an den ëffentlechen Plazen garantéiert ginn, och wann et de Moment heescht Energie a Stroum spueren. Bei der Beliichtung gëtt et eng Rei Méiglechkeeten wéi en déi zwou Virgaben sënnvoll erreeche kann.

Och wëlle mir versichen eng méi grouss Präsenz vun eiser Police ze erreechen.

A Punkto Verkéier wäert DP sech fir verkéiersberouegend Moossnamen asetzen, dëst souwuel op Gemengeweeër wéi och op staatleche Stroossen an enker Zesummenaarbecht mat den zoustännegen Instanzen. Hei solle sënnvoll Ëmgeeungsstroossen vun eisen Uertschaften geplangt ginn awer och douce Mobilitéit gefuerdert ginn, zum Beispill besser Trottoiren a Velosweeër. Och soll gepréift ginn ob et méiglech ass fir Shared -Space Plazen ze schafen.

An onsen Uertschaften sollen nees reegelrecht Duerfkären geschaaft ginn wou eis Awunner sech treffen kënnen.

D’Kannerspillplazen an de Wunnquartieren solle regelméisseg iwerpréift an erneiert ginn, an den jeweilegen Altersgruppen ugepasst ginn.

DP wëll dofir suergen, dass eis Gemeng attraktiv bleift fir Firmen an Handwierksbetriiber an domader dës Aarbechtsplaazen ofsëchert. Dofir kéint een eventuell d’Zone d’activité régionale ouest (ZARO) ausbauen mee awer och Start-Up Betriber eng Méiglechkeet ginn sech ze installéieren.

Wann neie Wunnraum geschaf gëtt leeë mir Wäert drop dass dëse bezuelbar bleift an och behënnerte gerecht soll sinn.

DP wäert sech dofir asetzen, dass et och méiglech gëtt fir an eiser Gemeng „Tiny Haiser“ (Mikrohaiser) opzeriichten.

An onser Gemeng besteet eng gutt Offer u medezinesche Cabineten, en interkommunaalt Spidol an eng Apdikt. Mir wäerten dofir suergen, dass dat esou bleift an dës Offer ausgebaut gëtt. Mir wëllen och d’Offer vun den Dokteren aus allen Beräicher an eiser Gemeng erhéigen.

Mir setzen eis och an fir den Zougang zu de Gemengenhaiser, Gebailechkeeten an Ariichtungen esou ze gestallten, dass dës fir Leit mat engem Handicap liicht zougägnlech sinn.

Den Ausbau an Ëmbau vum Stengeforter Spidol soll viru gedriwwen ginn. Mee DP denkt och dru fir Strukture fir eeler Leit ze schafen, eventuell fir betreit Wunnen oder Méigeneratiounenhaiser, wou wéi den Numm et schonn seet 2-3 Generatiounen ënnert engem Daach liewe kënnen.

03  Soziales an Veräinsliewen

Mir stinn fir den sozialen Engagement vun eiser Gemeng. Dowéinst wëlle mir dofir suergen, dass d’ Gemeng sech weider dofir asetzt, Wunnraum fir sozial schwach Mënschen ze schafen. Dëse Wunnraum soll allerdéngs net zu Ausgrenzunge féieren, dohier ass et wichteg de sozialen Wunnengsbau mat den zoustännegen Instanzen ze koordinéieren.

An all öffentleche Gebaier sollen gratis Menstruatiounsartikelen zur Verfügung stoen. Domat gëtt en neit Grondrecht geschaaft, dat fundamental ass fir Egalitéit an Dignitéit. Net seele kënnt et nämlech vir, datt virun allem jonk Fraen nëmme schwéier Zougang zu dëse fir si indispensabelen Artikelen hunn. DP Stengefort sëtzt sech dofir an, dass dofir ënnerschiddlech Produiten (Tamponen, Binden a Menstruatiounstasen) a Periodekëschten  an allen ëffentlechen Gebaier zur Verfügung gestallt ginn.

Mir wëllen den Leit e sougenannten “Écrivain public” zur Verfügung stellen, deen hinnen hëlleft, fir verschidden  Aarte vu Bréiwer ze schreiwen, inklusiv CVen a Lettre-de-motivationen, awer och fir Formulairen auszefëllen. Doriwwer eraus soll den Écrivain public d’Leit beim Kontakt mat den Verwaltungen ënnerstëtzen, z. B. andeems si administrativ Courrieren erkläert kréien a beim Schreiwe vun enger Äntwert ënnerstëtzt ginn. Doriwwer eraus sollen och Seniore gehollef kréien, wa se administrativ Demarchen online maache mussen.

Mir als DP Stengefort wëlle Sensibilisatiounscampagnë lancéieren fir eis auslännesch Matbierger ze motivéieren sech an eisen sëllege Clibb a Veräiner ze engagéieren. Stengefort huet immens vill ze bidden, mee leider kommen d’ Méiglechkeeten net all bei eise Matbierger un. Et leit eis och um Häerz eis auslännesch Matbierger dozou ze motivéiere sech an d’ Wielerlëscht androen ze loossen a sech aktiv bei der politescher Gestaltung vun eiser Gemeng ze engagéieren.

Duerch den Krich an der Ukrain ass Thema vun Flüchtlingen erëm ganz aktuell. Mir sinn der Meenung, dass de Flüchtlingen muss gehollef ginn. Mir engagéieren eis, dass d’Strukturen an der Gemeng fir den Accueil weider ausgebaut ginn an d’ Integratioun soll gefuerdert ginn. Eng gutt Optioun wier et eng deementspriechend  gemëschten sozial Struktur ze grënnen.

DP Stengefort ass der Meenung, dass e mei reegen Austausch tëscht den Matbierger an hire Kulturen soll ugereegt ginn. Dës kéint duerch Noperschaft Fester mee och tables rondes realiséiert ginn. Mir hunn och an de lëschten Jore gesinn wéi ee Succès lëtzebuergesch Coursen an der Gemeng hunn. Dofir wëllen mir dës Coursen nach weider ausbauen esou dass all Matbierger deen eis Sprooch léieren wëll och d’ Méiglechkeet dozou kritt.

Mir setzen eis och dofir an, dass déi besteeënd Course fir Jonk an Al an der Gemeng weider gefouert an ausgebaut ginn. Dëst soll a Kooperatioun mat der Landakademie ausgeschafft ginn.

Eis Veräiner spillen eng zentral Roll an eiser Gemeng. Ouni si wieren eis sëllege Fester an Evenementer net ëmzesetzen. Vue dass si en wichtegt Réckgrat vun eiser Gesellschaft sinn, setze mir eis dofir an, dass d’ Gemeng de Veräiner méi Räim zur Verfügung stellt fir Reuniounen an Evenementer, mee och fir hiert Material ënner ze bréngen. Mir wäerten och sécher stellen, dass Veräiner weiderhin op d’Hëllef vum Service technique beim Op- an Ofbau vun hiren Evenementer kënnen zielen.

Mir gesinn ëmmer méi, dass vill Kanner sech gäre géifen a Clibb an Veräiner engagéieren, mee d’ Elteren net ëmmer d’Méiglechkeet hunn fir hir Kanner direkt aus der Maison Relais ze féieren an erëm sichen ze goen. Mir wëllen dofir mat den eenzelen Acteuren eng Initiativ ausschaffen, dass Kanner kéinte mat engem Transport Commun vun der Maison Relais an déi eenzel Veräiner gefouert ginn an dono erëm an d’Maison Relais zeréck kommen. Esou kéinten d’Veräiner méi Memberen kréien, d‘Kanner kéinte sech engagéieren an et kéint een d’Elteren e bëssen ënnerstëtzen..

En Thema wat scho säit laanger Zäit am Raum steet ass d’ Allocatioun vun de Subsiden fir d’ Veräiner. Mir wäerten doru schaffen en neie Schlëssel fir d’ Verdeelung auszeschaffen deen d’sozial Engagement an d’Jugendaarbecht vun den eenzelen Veräiner ze respektéieren.

04  Nohaltegkeet, Ökologie, Naturschutz, Landwirtschaft

Initiativen:

Den Engagement vun eiser Gemeng am Klimapakt an am Klimabündnis soll weider gefouert ginn. Stengefort ass schonn ganz aktiv mee et gëtt nach Loft no uewen. Notament kann d’Gemeng nach méi am Beräich CO2 Ausstouss an nohaltege Ressourcen maachen.

Dat selwecht gëllt fir den Naturpakt. Stengefort ass Member vum Projet, allerdéngs sinn eng Rei Gemengen uechter d’ Land eis Viraus. Mir setzen eis dofir an, dass eis Gemeng am Thema Ëmwelt an Naturschutz eng Virreider Roll anhëlt.

Mir setzen eis och dofir an weider als Fairtrade Gemeng registréiert ze sinn an wou d’Méiglechkeet besteet Fairtrade Produiten an der Gemeng ze benotzen.

2017 huet sech eis Gemeng dem Solidaritéitspakt géint Verschwendung vu Liewensmëttel ugeschloss. Mir beméien eis, dass d’ Schoulkantin an aner ëffentlech Institutiounen dësen Engagement anhalen.

Bauen:

Mir setzen eis dofir an, dass ökologesch Aspekter beim Bauen sollen respektéiert ginn a virun Allem d’Gemengegebaier sollen an Zukunft no de Prinzipie vun der Circular Economy gebaut ginn, andeems follgend Punkte respektéiert ginn:

  • Aféierung vun engem Materialpass fir all neit Gemengegebai, an deem opgelëscht gëtt, wéi eng Materialie verbaut goufen.
  • Demontéierbarkeet vu sämtleche Konstruktiounselementer vun de Gebaier, wéi z. B. den Isolatiounen – gepechte Verbindunge vu Styropor a Crépi gehéieren der Vergaangenheet un.
  • Reen- a Growaasser (Waasser aus der Dusch, Wäschmaschinn etc.) gi genotzt respektiv reutiliséiert, fir den Drénkwaasserverbrauch ze reduzéieren.
  • D’Installatioun vu Photovoltaikmoduler um Daach vu Gemengegebaier ginn zum Standard.

Mir setzen eis dofir an, dass den Holzbau mat nohaltegem Holz de Standard beim Bau vun neie Gemengegebaier gëtt an et soll just dann op Bëton zeréck gegraff ginn, wann et technesch net anescht méiglech ass.

D’ Gemenge sollen hir Bierger*Biergerinnen dozou motivéieren, vu fossillen op erneierbar Energieträger ëmzeklammen. Dofir sollen déi bestoend Primmen déi d’Gemeng verdeelt bäibehalen ginn an weider ugepasst ginn.

Schottergäert versprieche manner bis guer keen Entretien mee se sinn fir Déiere eng liewensfeindlech Ëmgéigend, an deem weeder Insekten nach Vullen eppes fannen, fir sech ze ernieren. Doriwwer eraus bedeit e Schottergaart e Verloscht u Biodiversitéit an dréit am Summer och nach dozou bäi, de lokale Mikroklima ronderëm d’Haus onnéideg ze erwiermen. Mir setzen eis an fir Sensibiliséierungscampagnë géint de Schottergaart ze lancéieren an d’Bierger*Biergerinnen ze incitéieren, bestoend Schottergäert zeréckzebauen.

Auto an Verkeier:

D’Gemeng soll e Konzept ausschaffe fir eng méi effikasse an ëmweltfrëndlech Beliichtung vun de Stroossen ze schafen. Engersäits sollen d’ Luuchten duerch méi effizient LED Luuchten ersat ginn an wa méiglech souguer dimmbar sinn. Doduerch kéint wäertvoll Energie an Käschte gespuert ginn.

DP Stengefort sëtzt sech och dofir an, dass den Ausbau vun de Luedstatiounen fir Elektroautoen an Elektovëloen weider gefouert gëtt.

D’Mobilité douce soll weider an der Gemeng gefördert ginn. Zu dësem Zweck wëlle mir dofir suergen, dass Velosweenetz um Territoire vun eiser Gemeng an och a Verbindung mat eisen Nopeschgemengen, iwwerall do wou et méiglech ass ausgebaut soll ginn.

Mir begréissen, dass op der Gare zu Klengbetten eng M-BOX fir Vëloen vun der CFL opgestallt gouf. Allerdéngs sinn mir der Meenung, dass nach méi dëser Boxen duerch d’Gemeng missten installéiert ginn.

Mir sëtzen eis dofir an, dass d’Erneierung vum Fuerpark vun der Gemeng weiderhi mat ëmweltfrëndlechen Gefierer geschéie soll.

Infrastruktur:

Déi interregional Kläranlag soll fäerdeg gestallt ginn an déi lescht Kollekteren solle geluecht an ugeschloss ginn.

Mir ënnerstëtzen d’Initiativ vum interkommunalem Offallsyndicat (SICA) fir en besseren Tri vum Knascht an den Neibau vum Recycling Center zu Kielen.

Beim Plangen a Baue vun Residenzen wëlle mir drop halen, dass an dëse Gebäilechkeeten déi néideg Räimlechkete virgesi ginn fir en anstännegen Tri vum Offall ze erméiglechen.

DP Stengefort sëtzt sech dofir an, dass déi Resolutioun fir d’Beplanze vu Gréngflächen mat eenheemesche Beem, Blummen a Planzen emgesat gëtt.

Des Weidere sollen d’Bierger d’Méiglechkeet kréien eng Patenschaft fir Gréngflächen ze iwwerhuelen.

De Bongert um Polvertour zu Klengbetten soll ënnerhalen an opgeplanzt ginn. Mir sëtzen eis och dofir an, dass dës Anlag fir schoulesch Zwecker benotzt gëtt fir de Kanner d’ Natur an den eenheemeschen Patrimoine mei no ze bréngen. Och solle weider Bongerten ugeluegt ginn.

Mir wëllen och Gemeinschaftsgäert an der Gemeng schafen. Ëmmer mei Mënschen liewen an der Gemeng an Appartementshaiser a wënschen sech e klengt Stéck Gaart. Dës géif och d’ Mateneen vun den Matbierger stäerken an d’Integratioun vun den Awunner vun der Gemeng undreiwen.

Mir sëtzen eis dofir an, dass déi am nationale Héichwaassermanagementsplang virgesinnen Aarbechten un eise Waasserleef an eiser Gemeng esou wäit wéi méiglech ëmgesat ginn. Mir baséieren eis do op d’Resultater an d’Virschlée déi sech aus der groussugeluegter Etude vun der Gemeng zesumme mam Waasserwirtschaftsamt erginn.

De Gemengebësch soll nohalteg bewirtschaft ginn. Dofir soll de Fierschter déi néideg Méiglechkeeten zur Verfügung gestallt kréien.

Et leit eis als DP Stengefort och um Häerz eis Baueren an d’Plangen vun zukünftegen Projeten anzebannen.

05     Schoulen, Maison relais a Jugendhaus

D’Lëtzebuerger Gesetzgebung  gesäit vir dass d’Verantwortung an d’Organisatioun vun der Schoul bei der Gemeng leit. Sie musse fir d‘Schoulgebaier an den Transport suergen.

Well eis Gemeng um Wuessen ass stoussen eis Schoulgebaier un hir Grenzen. DP Stengefort setzt sech dofir an dass en zentralen Schoulcampus zu Stengefort gebaut gëtt. Do sollen dann all Schoulkanner an d’Schoul goe mat Ausnam vun der Précoce an de Spillschoulsklassen. Dëst bréngt nëmme Virdeeler. Un der Plaz fir esou en Schoulcampus feelt et net well déi viregt Majoritéit Terrainen am Zentrum vu Stengefort  kaf hat. An der Planung vun denen neie Schoulinfrastrukture sollen déi Uregungen a Virschléi déi vun eise Bierger bei dene verschiddenen Workshope gemaach gi sinn respéktéiert ginn.

Déi besteeënd Schoulgebaier solle sanéiert ginn an an den Zoustand bruecht ginn deen d‘Ministère verlaangen.

An dësem Zesummenhang soll de Schülertransport ugepasst ginn, genau esou wéi d’Offer vum Pedibus.

D’Gemeng muss dofir suergen dass d’Secherheet op de Schoulweeër garantéiert ass. Dofir fuerdere mir eng  besser Beschëlderung a méi secher Foussgängeriwerweeër déi och besser beliicht solle sinn. Do wou et néideg a méiglech ass soll de Schülerlotsendengscht vergréissert ginn.

An Zesummenaarbecht mat de Verantwortlechen aus der Schoul soll op Nofro d’Offer vu Bëschklassen ausgebaut ginn. Déi besteeënd Offer vun der Forstverwaltung an dem Mirador soll weider gefouert ginn an eventuell ausgebaut ginn.

Well et ëmmer méi Schüler an eiser Gemeng gëtt soll  d’Qualitéit an d’Leeschtungen vun der Maison relais  op de leschte Stand bruecht ginn. Et soll och gepréift ginn ob a wéi Schüler aus der Spillschoul an dem Precoce och kéinten an der Maison relais versuergt ginn

Fir eis Jugend soll d’Jugendhaus zu Hoen weiderhin an Zesummenaarbecht mam Roude Kräiz an der Gemeng Käerch fonktionéieren.

06   Jugend an Senioren

Den Ausbau oder Neibau vum interkommunale Spidol zu Stengefort (HIS), wou déi Stengeforter Gemeng bei wäitem Haaptactionnär ass, soll  weidergedriwwe ginn. Duerch eng konsequent Aarbecht an dësem Dossier soll endlech dofir gesuergt ginn, dass dëst interkommunaalt Spidol der haiteger Zeit ugepasst ka ginn.  

Och soll gekuckt ginn fir d’Méiglechkeeten vum Bau vun engem Seniorenheem an Ugrëff ze huelen, an dass mir eis do net ëmmer op d’Infrastrukturen an eisen Nopeschgemengen verloossen

Fir eis eeler Matbierger soll e Senioreveräin (Club senior)  gegrënnt ginn an domadder eng Offer fir altersgerecht Veranstaltungen geschaf ginn. Dëse Veräin soll Gemengeniwwergräifend mat anere bestoenden Veräiner zesummeschaffen.

Och soll d’Gemeng kucke fir mat de kompetente Servicer e betreit Wunnen unzebidden.

DP Stengefort sëtzt sech dofir an, fir d’Offer vun den Dokteren an allen néidegen Beräicher auszebauen.

Et soll eng besser Offer fir eis Jugend ausgeschafft ginn. En Beispill wier den Ausbau vun der Skaterpist oder en Pumptrack. Dëst soll zesummen mat de Jugendlechen vun der Gemeng geplangt ginn. Zenter den leschten Walen ass an dësem Beräich näischt geschitt, a wat mat enger Skaterbunn ugefaangen huet ass ni weider ausgebaut an moderniséiert ginn. Hei gëtt et um Marché vill Neies an et wier un der Zeit dass dëst an Ugrëff geholl gëtt.

Den Ausbau vum Jugendhaus soll gepréift ginn.

DP wëll fir méi bezuelbaren Wunnraum fir eis Jonk Awunner aus der Gemeng  suergen.

07   Mobilitéit an onser Gemeng

Mir wäerten ons bei den Instanzen dofir asetzen, dass eis Uertschaften duerch Ëmgeeungsstroossen entlaascht sollen ginn

Et mussen iwwerall Trottoiren ugeluecht ginn mat sechere Foussgängeriwwergäng. Hei soll den ausgeschaften Plang fir d’Ofsecherung vun de Fousgängeriwwergäng weidergefouert an ëmgesaat ginn.

D’Iwerwaachen vun de Vitessen duerch Policekontrollen ob den Gemengeweeër mee awer och op den staatlechen Stroossen muss d’Reegel ginn. Nëmmen esou kann d’Secherheet vun den Awunner garantéiert ginn.

D’Notze vu Schläichweeër soll erschwéiert a wa méiglech ënnerbonne ginn.

D’Uleeë vun Shared-Space Plazen an eisen Uertschaften soll gepréift an do wou et méiglech ass och agefouert ginn.

Secher Vëlosweeër duerch an tëschent eisen Uertschaften soll d’Reegel sinn.

Den geplangten Ausbau vum Park&Ride zu Stengefort an zu Klengbetten sollen endlech an Zesummenaarbecht mat der CFL verwierklecht ginn. 

Et soll och gekuckt ginn fir e Park&Ride ausserhalb vun eisen Uertschaften awer an der Grenzgéigend unzeleeën fir dass den Verkéier vun de Frontalieren net méi  duerch d’Uertschaften vun eiser Gemeng muss féieren.

Nei Busarrête sollen ugeluecht an déi bestoend iwwerdaacht ginn. All Bushaisercher solle beliicht an iwerdaacht sinn.

Genau esou sollen d’Buslinnen méi benotzerfrëndlech ginn an op eneen ofgestëmmt ginn  

D’Offer vum Rufbuss soll iwwerpréift an eventuell ugepasst a vergréissert ginn

D’Verkéiersreglement soll och weiderhi reegelméisseg ugepasst ginn.

Den ZARO soll mam Bus ugefuer ginn awer och mam Vëlo soll een ouni Gefor dohinner kommen.

08  Eis Gemengenservicer, hir Dengschtleeschtungen, Gemengefinanzen

Mir wäerten eis dofir asetzen  fir e guichet unique ze schafen. Dëse soll den Awunner et vereinfachen fir mat den Verwaltungen zesummen ze schaffen

Fir eis technesch Servicer sollen nei ugepassten Mannschaftsräim geschafe ginn. Souwuel fir d’Aarbechter awer och fir hir Virgesetzten déi anstänneg Büroen solle kréien.  An dësem Sënn misst de Projet vun der geplangter Hal fir de Fuhrpark vun de Gemengegefierer iwwerschaft an erweidert ginn.

An Zesummenaarbecht mam CGDIS an dem zoustännegen Ministère soll eng nei Rettungskasär gebaut ginn. Och wann d’Gemeng elo en Compromis de Vente fir en Terrain ënnerschriwen huet, fir d’Opriichte vun dëser Kasär fir eis Rettungsdéngschter, gëllt et Drock op déi zoustänneg Instanzen ze maachen, dass dës Kasär esou séier ewéi méiglech gebaut an an Déngscht geholl gëtt.

Dëst ass ëmsou méi wichteg, wéi de Projet vun engem neie Spidol zu Stengefort an enkem Zesummenhang mat der Ëmsetzung vun dësem Projet steet. Déi nei Infrastrukture fir eist Spidol sollen zum Deel op déi Plaz komme wou déi jëtzeg Kasär vun de Rettungsservicer steet.

Mir mussen och d’Verscholdung vun eiser Gemeng am Ae behalen, well dës ass zënter e puer Joer kräfteg um klammen. Mir riskéieren zu den meescht verschëlde Gemengen am Land ze zielen. Domadder wäert déi zukünfteg Majoritéit Problemer kréie fir hir Projeten ëmzesetzen.

De méijäregen Finanzéierungsplang soll méi breet virgestallt ginn.

Eis Gemeng soll en Ecrivain public kréien. Dësen soll den Awunner hëllefen fir schrëftlech administrativ Bréiwer  ze schreiwen.

D‘Ëffnungszäiten vun den administrative Servicer vun der  Gemeng solle méi flexibel gestallt ginn fir dass eis Awunner net musse bei zouenen Dieren stoen oder just an d’Gemeng dierfen wann se en Rendez-vous ofgemaach hunn.

Eis Awunner solle besser a méi schnell informéiert ginn iwwert dat wat an de Gemengerotssitzungen geschwat an decidéiert ginn ass.  Dofir sollen dës Informatiounen an digitaler Form mee awer och a Pabeierform verbreet ginn.

Well d’Gemeng ëfters Aarbechten vum CIGL erleedege léist, soll d’Gemeng mat hëllefen, dass dës Aarbechtsinitiativ ugepasste Räimlechkeeten zur Verfügung gestallt kritt.

09     Infrastrukturen an eiser Gemeng

D’Aarbechten un den Infrastrukturen vun eisem Stroossen-, Waasser-, Kanal-, a Stroumnetz soll konsequent weider gefouert ginn. DP fuerdert e Méijoresplang fir des noutwendeg Erneierung ze garantéieren.

DP wëll sech dofir asetzen, dass den Ausbau vum Glasfasernetz an dem schnellen Internet schnell vun den zoustännege Bedreiwer realiséiert gëtt.

Et soll eng Opstellung vun der Gemeng hire Gebaier punkto bautechneschen an energeeteschen Zoustand erstallt ginn. Duerno solle gezielt erhalent Moossnamen ergraff ginn fir eng Renovéierung a Moderniséierung vun dëse Gebaier ze realiséieren. Esou soll sechergestallt ginn dass dës Gebaier reegelméisseg renovéiert an net verfale gelooss ginn.

Esouwuel bei de bestoende Gebaier an Ariichtunge wéi bei Neibaute soll den Zougang fir Leit mat enger Behënnerung méiglech gemaach ginn.

Eis Gemeng kritt jo mam neie Sportszenter nei Infrastrukturen mee doriwwer eraus däerfen déi aner Infrastrukture wéi de Futtball awer och den Tennis net vernoléissegt ginn.

D‘Drénkwaasserversuergung muss gesechert ginn an en neien Waasserbaseng muss gebaut ginn.

E Bëschkierfecht soll mat den zoustännegen Instanzen geplangt a verwierklecht ginn.

Déi besteeënd Kierfechter sollen an der Rei gehale ginn

Eis Gemeng verfüügt iwwert verschidde Säll déi vun de Veräiner fir hir Versammlungen genotzt ginn. Dës Säll sollen opgewäert an méi attraktiv gestallt ginn. Sou sollen se mat den neisten techneschen an secherheetstechneschen Equipementer opgewäert ginn.

En verbessert Reservéirungssystem soll ageriicht ginn.

Well der Gemeng net genuch Säll fir d’Veräiner zur Verfügung stinn soll gepréift ginn wéi eng Raim dofir genotzt kéinten ginn. Dofir sollen déi besteeënd Raim erfaasst ginn an da muss gekuckt ginn wéi se genotzt kéinten ginn.

Mir wëlle kucken eng Moutainbikewäschstatioun opzeriichten.

De Kloterpark an de Fitnessparcours sollen och weiderhin ënnerhalen an ausgebaut ginn.

10     Tourismus

DP setzt sech fir den doucen Tourismus an eiser Gemeng an.

Heifir ass et néideg sech mat den zoustännegen Leit, de Ministèren an de Verwaltungen zesummen ze setzen. Heizou zielen ënnert aneren den ORT (Office du tourisme) den Leader Projet awer och mam CIGL, de Geschäftsleit, de Bedreiwer vu Restauranten an och den Hotelieren an den Syndicat d’initiative vu Stengefort. Zesummenaarbecht mat der Grenzregioun soll och ugestrieft ginn.

Déi sou entsteeënd Aktivitéiten sollen awer net nëmmen auslännesch Touristen uspriechen mee och eis eenheemesch Bevëlkerung reize fir eis Gemeng ze erliewen.

An dësem Zesummenhang soll d’Gemeng sech méi an europäeschen an nationalen Leaderprogrammen abréngen an esou eis Attraktivitéit  steigeren.

Et sollen weider Méiglechkeete geschaf ginn fir an eiser Gemeng ze Iwwernuechten.

Den Ausbau an d’ Vernetzung vun den Vëlos- an den Trëppelweeër soll mat aktiven Leit aus der Branche virugedriwwe ginn mee och weider publik gemaach ginn.

Wann mer vun doucem Tourismus schwetzen soll och an Zesummenaarbecht mat den Tourismusverbänn eng Méiglechkeet geschaaft ginn fir Veloen onkomplizéiert ze léinen an ouni dass d’Gemeng den Haaptdeel vun de Käschten a vun der Aarbecht muss leeschten.

Doriwwer eraus soll den Adventurepark konsequent ënnerhal ginn an wa méiglech och erweidert ginn.

Well mer keen Camping méi an eiser Gemeng hunn sollen Méiglechkeeten geschaaft ginn fir op Plazen mat Caravannen a Camper kënne fir eng oder e puer Nuechten ze bleiwen. Dëst fir 3-4 Gefierer.

An der Geschicht vu Stengefort kann een kloer liesen dass viru laanger Zeit eng Jugendherberg existéiert huet. Zesummen mam Jugendministère (MENJE) an dem Tourismusministère soll gepréift ginn ob et sënnvoll wier esou eng Ariichtung nees ze plangen an opzeriichten.

11   Erhalen vun eisem Patrimoine

Mir setzen eis fir d’Erhale vum Schwaarzen Haff mat all sengen Allentouren an. Hei soll sech Gedanken driwwer gemaach ginn fir dëst Gebai engem neien Zweck zou ze féieren an et deementspriechend ze renovéieren.

An de Gebaier vun der aler Schmelz, déi ablécklech jo nach verlount sinn, sollen soubal se eidel sinn ënnert anerem Start-Up Firmen zur Verfügung stoen. Esou kënnen jonk Firmen eng Chance kréien  sech hei an der Gemeng ze etabléieren.

Verschidden Gebaier déi der Gemeng schonn zënter Joren gehéieren sollen an d’Rei gesat ginn, Gebaier wéi déi al Schoul zu Stengefort mee och déi al Schoul vun Hoen. Hei soll gepréift ginn wéi een dës Gebaier baulech energeetesch sanéieren kann, dass se erhale kënne ginn. Och sollen dës Gebaier engem neien Zweck zou gefouert kënne ginn.

Et muss e Projet gestart ginn fir der aler Klengbettener Millen en neien Zweck ze ginn. Esou dass een hei kann alles erhalen an et net verfalen léisst.

Nom Bau vun engem neien zousätzleche Schoulgebai zu Stengefort sollen d’Schoulklasse vun Klengbetten op Stengefort kommen. Dann kann dat alt Schoulgebai zu Klengbetten och ëmgeännert ginn an en neit Liewen kréien z.B.: Versammlungsraim fir Veräiner.

Zu eisem Patrimoine gehéiert awer och eise Bambestand. Do soll e Kadaster opgestallt ginn fir festzestellen a wéiengem Zoustand dës Beem sinn an fir festzehalen wat een muss maachen fir se ze erhalen an ze schützen. Ausserdeem mussen och nei Beem geplanzt ginn fir esou och en Patrimoine fir déi nächst Generatiounen ze assuréieren. Beem brauchen ettlech Joren bis se ausgewuess sinn et geet also net duer fir ze waarden bis een alen Bam futti ass mee et muss een am viraus plangen a planzen.

12    Kultur an eiser Gemeng

Mir wäerten dofir suergen, dass de geplangten neie Kulturzenter esou schnell wéi méiglech Wierklechkeet  soll ginn, an, dass en vun Ufank un, esou gebaut gëtt, dass en fir eis Gemeng awer och fir eis Veräiner passend ass

All Kulturschafend Veräiner sollen zesumme mat der Gemeng eng villfälteg Offer fir all eis Awunner  ubidden

De bestoende Kulturzenter „al Schmelz“ soll un déi technesch Ufuerderunge vu moderne Kulturveranstaltungen ugepasst ginn . Mee och déi sécherheetsrelevant Moossname mussen ëmgesat ginn

En  Kulturplang  iwwert méi Joer soll erstallt gi fir den Veranstalter et ze erméigleche längerfristeg ze plangen.

Och sollen aner Kulturveranstalltungen  wéi se elo och scho besti weider gefouert ginn (z.B.: Theater- , Musek- Festival).

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp