Gemeng Stengefort

Gefléckten Trottoiren an eiser Gemeng

Als gutt informéierte Matbierger hutt dir jo sécher matkritt dass mer op eiser Internetsäit an op Facebook op déi lamentabel Zoustänn vun enger Rei vun den Trottoiren an eiser Gemeng higewisen hunn. Dass do géing gewaart gi bis d’Kand am Pëtz leit, also een do gefall wier a sech wéi gedoen hätt.

D’Lescht Woch ass ee vun dësen Trottoiren, an zwar dee bei der Villa Collart, vun engem Entreprener gefleckt ginn. Dësen Trottoir ass elo tip top an et brauch een net méi ze fäerten fir dësen Trottoir ze benotzen.

Mir stellen eis d’Fro op net villäicht eisen Artikel derzou bäigedroen huet, dass sech hei Eppes gemaach huet.

Op allefalls e Merci un déi, déi sech hei beméit hunn , dass Eppes geschitt. Et geet also net duer mat „mir kucken“ mee et muss en Eppes maachen. Et bleiwen nach aner Trottoiren an eiser Gemeng déi och net an der Rei sinn a mir wäerten net midd ginn op des Plazen hinzeweisen.

JM

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp