Gemeng Stengefort

Wéi d’LSAP nach an der Oppositioun war, hunn se der Majoritéit ëmmer virgehäit si géing ze vill Suen ausginn, also net spueren. Wann een eppes Neies wëllt opriichten, muss e Suen ausginn. Mee och bei eppes Neiem hätt ee kënne vill Sue spueren wann een dee neie Sportzenter, Schwämm, neie Roudemer asw op där Platz baut, déi di al Majoritéit proposéiert hat. Do wier alles beienee gewiescht, an alles Geld wat schonn ausginn ass, ier emol de Bagger gerullt ass, hätt een ni gebraucht. Den Amenagement vun der Parkplaz bei der “aler Schmelz” huet eleng +-252.000.- € kascht, den provisoresche Zenter kascht 10.000.- € de Mount Loyer, dat mécht op 5 Joer (bestëmmt dauert et méi laang) 600.000.- €. De Loyer vum Parking hannert der Spuerkeess kascht 5.000.-€ de Mount, gëtt 300.000.-€ op 5 Joer. De Präis vum Amenagement vun dësem Parking hunn ech net eraus fonnt. Fir d’Tribün, d’Buvette an Vestiairen vum Football nei ze maachen, leit en Devis vun 4.629.014.-€ vir, vum Tennisterrain ass nach näischt gesot, ausser dass och do soll investéiert ginn. Fussball an Tennis waren och virgesinn op der Platz, déi di viregt Majoritéit virgeschloen hat, also hätt een des Suen och kenne spueren, an op der Platz vum jëtzegen Terrain hätt d’Gemeng nach e puer Bauplazen ze verkafe gehat a Suen era kritt. Nëmme mat deem wat hei opgezielt ass, sinn ech bei 5.781.014.-€, mee nach vill Niewekäschten déi och ufalen oder schonn do sinn, sinn hei nach net derbäi. Wann alles op enger Platz zesumme gebaut gi wier, dann hätten d’lafend Käschten sech op d’Hallschent reduzéiert.

Fazit: nëmme well se deemools an der Oppositioun waren an dofir déi virgesinne Platz wou all Sportsinfrastrukture bei enee gewiescht wieren net wollt. Dëst mam Argument, dat wier ze weit ewech vun der Schoul. Dofir kascht dat de Steierzueler elo esou vill méi. An un eng nei Schoul misst och esou lues geduecht ginn, well wann eis Awunnerzuel weider esou steigt, da sinn och eng Rei Kanner derbäi an eis jëtzeg Schoul fängt un ze kleng ze ginn. 

An op  der Platz, wou elo déi al Schwämm, den Turnsall an och de Roudemer ofgerappt gi, hätt ee kennen eng nei Schoul virgesinn, dann hätte mer alles beienee gehat. An en neie Roudemer hätt ee kënnen opriichten op der Platz, wou elo de provisoreschen Zenter steet.

De Rol

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp