Gemeng Stengefort

Vëlosweeër an douce Mobilitéit

D’LSAP/Déi Gréng Majoritéit ass op der Sich fir eng Léisung fir eis verschidden Uertschaften iwwert de Wee vun doucer Mobilitéit a mat Vëlosweeër ze verbannen. Dofir ginn si dëst Joer eng Etüd an Optrag.

D’Gemeng Arel ass op si duer komm fir eng Vëlospiste vun Arel iwwer Sterpenich laanscht d’Eisebunn bis op Klengbetten ze maachen. Dëst ass e Projet den en am Prinzip nëmme begréisse kann.

En anere Projet, den och scho vun hire Virgänger ugaange ginn ass, ass eng Vëlosverbindung vu Klengbetten op Grass. Hei ass de Projet un enger Rei Proprietäre gescheitert, déi de benéidegten Terrain net wollte verkafen oder verpachten. Éischten Aussoe vun dem jëtzege Schäfferot schéint do och weider hin sech näischt geännert ze hunn.

 Bleift also nach Vernetzung vu Klengbetten, Hoen a Stengefort.

Hei hat d’CSV/DP Majoritéit senger Zäit scho mam Mobilitéits an Infrastrukturminister no enger Léisung gesicht. Déi ass fonnt ginn an dem en déi national Vëlospiste vun den dräi Brécken erfort op den Tracé vun der aler Attertlinn tëschent Klengbetten iwwert Hoener Gare laanscht Stengeforter Gare bis bei de Mirador an de Kloterpark féiert. Den Uschloss vun der Klengbettener Gare op den Tracé vun der Attertlinn ass schonn iwwert de bestoende Feldwee gemaach. Dëse Wee kéint esou gutt fir Vëloen wéi och fir Foussgänger benotzt ginn.

Op déi verschidden Interventioune vum leschte Schäfferot ass dunn den Tracé vun der Attertlinn aus dem “Fonds du rail” an de “Fonds des routes” eriwwergeluegt ginn. Esou huet d’Ponts et Chaussées, déi zoustänneg si fir déi national Vëlospisten d’Méiglechkeet kritt fir  dës Aarbechten ze maachen. Leider war et dem leschte Schäfferot net méi méiglech op d’Ëmsetzung vun dësem Projet ze pochen.

De jëtzege Schäfferot léisst do léiwer Gottes Waasser iwwert Gottes Land lafe wéi sech opzerappen a bei den zoustännege Ministèren a Verwaltungen Drock ze maachen.

Si sëtze léiwer Kreditter fir deier Etüden an de Budget fir duerno villäicht op dat selwecht Resultat ze kommen. Mee da brauche mer awer net zou ze ginn, dass dëse Projet vun anere schonns ugaange gi war.

DP Sektioun Stengefort

Pistes cyclables et mobilité douce.

La majorité du LSAP/Déi Gréng est à la recherche d’une solution pour relier les différentes localités de notre commune par voie de mobilité douce. Voilà pourquoi le conseil échevinal entend commanditer une étude afférente.

La commune d’Arlon a proposé de relier Arlon avec la localité de Kleinbettingen par une piste cyclable longeant le tracé de la ligne des chemins de fer. Ceci est un projet qu’on ne peut qu’applaudir.

Un autre projet qui avait déjà été entamé par la majorité précédente concernait la mise en place d’une piste cyclable reliant Kleinbettingen et la localité de Grass avec son zoning artisanal. Malheureusement ce projet n’a pas pu être réalisé à l’époque vu que certains propriétaires refusaient de céder, vendre ou louer des parties de leurs terrains pour permettre le passage de la piste cyclable. D’après nos informations la situation ne semble pas avoir changée.

En vue de relier les localités de Kleinbettingen, Hagen et Grass la majorité précédente CSV/DP s’était mise en contact avec le ministère de la mobilité et celui des travaux publics ainsi que les administrations concernées. Une solution a pu être élaborée en modifiant le tracé de la piste cyclable nationale parcourant notre commune. Cette modification partait du lieu-dit « Dräi Brécken » pour suivre ensuite l’ancien tracé de la ligne des chemins de fer « Atterlinn » et reliant Hagen à Steinfort. Au lieu-dit « Essegfabrik » on récupérait le chemin vicinal venant de Kleinbettingen.

Suite aux différentes interventions du conseil échevinal de la majorité précédente le tracé de la « Atterlinn » avait été transféré de la compétence du fonds du rail dans celle du fonds des routes.

Ainsi, l’administration des Ponts et Chaussées compétente pour l’aménagement et l’entretien du réseau national des pistes cyclables dispose des moyens de procéder aux travaux nécessaires.

Le conseil échevinal actuel ne semble pas donner de suites à ce projet et préfère commanditer des études sur la mobilité douce au lieu de persévérer dans la direction entamée et de faire pression sur les ministères et administrations concernées par ledit projet.

Le comité de la section locale du DP

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp