Gemeng Stengefort

E Message vum Gemengeconseiller a President vun der Stengeforter DP Sektioun

D’Corona-Pandemie huet eis fest am Grëff an et ass nach net ofzegesinn wéini mir erëm an eist normaalt Alldagsliewen iwwer goe kënnen. Mee loosse mir d’Hoffnung net opginn. Och wann mir schonn am Februar sinn ass et ni ze spéit fir gutt Wënsch an duerfir wënsche ech a mengem Numm an am Numm vum Comité vun der Stengeforter DP-Sektioun op dësem Wee „Alles Gutts fir 2022“ a virun Allem eng gutt Gesondheet.

An eiser Gemeng huet dat hallefwees normaalt Liewen och erëm Anzuch gehalen.

Mir hunn en neie Buergermeeschter an eng néi Schäffen. Op dësem Wee wënsche mir hinnen eng gutt Hand a mir hoffen a freeën eis op eng gutt Zesummenaarbecht am Interesse vun de Bierger aus eiser Gemeng Stengefort.

De Budget iwwert dee mir an der leschter Gemengerotssëtzung diskutéiert an ofgestëmmt hunn gesäit nieft dem Weiderféiere vu lafende Projeten och eng ganz Rei nei Projete fir. A mengen Aen ass dësen Budgetsprojet zwar ambitiéis an zum Deel Realitéitsfriem, wëll all déi Projeten, esou wuel grousser wéi klenger, kann eis Gemeng an dem nächste Joer net stemmen.  Dëst esou wuel net um finanzielle Plang wéi awer och net um materiellen a personellem Plang.

Wéi an der Vergaangenheet wäerte mir versichen iech eis Meenung an eis Vuen zu der Gemengeféierung an hire Projete matzedeelen. Dëst op dem Wee vun dem engen oder anere Flyer, iwwert eis Internetsäit „Steinfort.dp.lu“  an op eiser Facebooksäit.

Dan Frieden

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp