Contern

Eric Eifes

51 Joer, Ekonomie-Professer, Conter

Eric Eifes, 51 Joer, schafft als Ekonomie-Professer am Stater Kolléisch.
Ech si bestuet an hunn zwee Kanner. Ech si Gemengeconseiller an an e puer Veräiner engagéiert. Besonnesch um Häerz leie mir d’Theme Famill a Schoul, Mobilitéit, Finanzen an digital, sécher a biergerno Gemengen.

Ech si bestuet an hunn zwee Kanner.

Viru 49 Joer sinn ech op Conter geplënnert a sinn hei grouss ginn. No der Primärschoul zu Conter an dem Lycée an der Stad sinn ech op Bréissel Hautes Études Commerciales studéiere gaang, dëst mat enger Spezialisatioun an der Expertise comptable an dem Révisorat. Berufflech hunn ech mech dunn entscheet an d’Educatioun ze goen, well ech gäre Schoul halen an déi jonk Generatioune virbereede well.

Zanter bal 25 Joer sinn ech Member vum Conter Gemengerot an hunn esou vill Erfarung sammele kënnen, wéi eng Gemeng, hier Kommissiounen an déi verschidde Syndikater funktionéieren a si bereet eng méi eng grouss Responsabilitéit z’iwwerhuelen.

A menger Fräizäit sinn ech an e puer Veräiner an der Gemeng aktiv an ech sinn op nationalem Niveau bei engem Jugendmouvement engagéiert.

Et läit mer um Häerz, dass d’Conter Gemeng mat all hiren Dierfer eng modern a liewenswäert Gemeng gëtt, wou all Matbierger sech wuel fille soll. Besonnesch an de Punkte Mobilitéit, Digitalisatioun, Educatioun, Klimawandel, Famill a Finanze gesinn ech Handlungsbedarf fir déi nächst Joren an ech wëll hei mat Hand unzeleeën.

Eric Eifes