Den 11. Oktober huet sech d'Buergermeeschtesch vu Bartreng, d'Monique Smit-Thijs, Zäit geholl fir mat de Membere vun der DP International iwwert e puer aktuell Themen op enger Konferenz ze schwätzen. D’Wichtegkeet vun der Bedeelegung vun de Bierger, Lëtzebuerger wéi Net-Lëtzebuerger, war hei e zentraalt Thema an de Konversatiounen.