Eechternoach

DP zum Budget 2022 vun der Stad Eechternoach

An hire Rieden zum Budget 2022 vun der Stad Eechternoach sinn d’Carole Hartmann an de Marcel Heinen haaptsächlech op déi grouss Infrastruktur-Projeten (Grondschoul mat Maison-Relais, Sportshaal mat Piscine), d’Héichwaasser vum Juli 2021, de Neibau vun der Petite Marquise, de Projet “Shopping Echternach” an op d’Verkéiers- a Parksituatioun vun der Stad agaangen.

Iechternach steet 2022 an doriwer eraus viru grousse finanziellen Erausfuerderungen. D’DP ënnerstëtzt di gréist Invester vun der Gemeng: d’Ferdegstellung vun der neier Grondschoul mat Maison-Relais, den Ofrëss a Neibau vun der Sportshaal mat Piscine an eng ganz Rei Parkingen, déi esou schnell wi méiglech musse realiséiert ginn.

2021 ass eis Stad awer stark finanziell belaascht ginn, engersaits wéinst dem Stop vum Neibau vun der Petite Marquise an aanerersaits wéinst de Schied déi duerch d’Héichwaasser entstane sinn.

A Saache Marquise si mir frou, dass de Schäfferot entretemps d’Positioun vun der DP iwerholl huet an envisagéiert, di historesch Entdeckungen an e neie Projet ze integréieren. Mir brauchen elo keng Scholdzouweisungen an Drock vum Schäfferot, mais eng konstruktiv Zesummenarbecht mam Kulturministère, fir vun der beschtméiglechster finanzieller Ënnersetzung ze profitéieren.

D‘Héichwaasser huet Spueren hannerlooss an fir immenst Leed gesuergt. Als DP hu mir direkt am Juli gefrot, dass eng Bestandsopnahm vun eisen Héichwaasser-Preventiouns-Mesuren an eng Sensibiliséierung bei de Bierger muss gemaach ginn. Obwuel all dest guddgeheescht ginn ass, feelen des awer am Budget 2022, notamment den annoncéierten Héichwaasser-Guide fir d‘Bierger.

D‘Héichwaasser haat och e groussen Impakt op d‘Geschäftswelt : vill Lokaler goufen iwerschwemmt a sinn nach ëmmer net nees op. Wann di akutell Majoritéit iwer di lescht Joren 1 mio an e Shopping Projet investéiert huet, ouni dass et bis elo nei Geschäfter ginn, mussen an eisen Aen och di bestehend Geschäfter, Restaurant’en an Hôteller méi Ënnerstëtzung kréien, wéi 15.000.- € déi un d’Union commerciale et artisanale ginn.

Fir funktionnéierend Geschäfter an zefridden Touristen brauche mer außerdem méi Parkplatzen am a ronderem de Kär vun Iechternach. Eise Schäfferot huet e grousse Feeler gemaach, fir net schon 2017 prioritär e Parking op der aaler Gare bauen ze loossen. Op Suggestioun vun der DP soll 2022 endlech e Parkhaus gebaut ginn. Dese Projet, grad wéi den Ausbau vum Parking hannert der aaler Jugendherberg an e Parking à étage an der Rue des bénédictens mussen dofir elo zur Prioritéit ginn.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp