Eechternoach

Positioun vun der DP Eechternoach zu der „Proposition de classement“ vun der Kulturministesch vum erweiderte Site vun der „Petite Marquise“ als “Monument national”

Als DP Echternoach si mir houfreg op deen eemolegen Patrimoine vun der Stad Eechternoach, der eelster Stad am Land. Dei archeologesch an historesch Entdeckungen déi elo um erweiderte Site vun der fréierer „Petite Marquise” gemaach goufe wäerten eis Stad nach eemol op.

Et ass fir eis dofir evident, dass d’Vestigen aus der Zäit vum Hellege Willibrord an aus der Zäit vum Grof Siegfried mussen erhale ginn an dass de Gemengerot d’,Proposition de classement” vum erweiderte Site vun der „Petite Marquise” als Monument national och positiv aviséiere soll.

D’Position vum Buergemeeschter am Eechternoacher Gemengerot fir um aktuelle Projet festzehalen an domat d’Zerstéierung vun de Gemaier ze consideréieren ass an eisen Aen irresponsabel an inakzeptabel. Et muss der Stad Echternoach dru geleeë sinn, säi Patrimoine ze erhalen an en Valeur ze setzen!

Dobäi kennt dass souguer ouni positiven Avis vum Gemengerot eng „Proposition de classement” vum Kulturministere, dem Gesetz no, schon d’Effekter vun engem Klassement huet. Dofir ass e Weiderféiere vum aktuelle Projet, an der Form wei en bis elo geplant war, och praktesch net mei méiglech. Dat muss een alle Betraffenen an aller Eierlechkeet an Transparenz soen.

Och wann de Projet an der aktueller Form net méi realiséiert ka ginn, soll dat fir d’DP Eechternoach awer net d’office heeschen, dass guer näischt méi op dêsem Site ka gemaach ginn. Am Senn vun der Erhalung vun de Vestigen, awer och am Senn vun de betraffene Bierger muss d’Stad Eechteroach dofir elo proaktiv mam Kulturministère, mat Sites et Monuments a mam nationalen Zenter fir archeologesch Recherchen de Kontakt sichen, fir zesummen ze kucken, wat mat a ronderem dem Fundus ka realiséiert ginn.

Wa mer wessen, a wei eng Richtung ka geplant ginn, sollte mer en Aarbechtsgrupp asetzen, mat de selwechte Staats- a Gemengenakteuren, mais och mat Fachleit an interesséierte Bierger, fir en adaptéierte Projet auszeschaffen. D’Finanzéierung vum neie Projet wärt eng weider grouss Erausfuerderung ginn. An der „Proposition de classement” vun der Kulturministesch kritt d’Gemeng eng large Subventionéierung fir d’Restauration an d’Renovatioun vum Site an Aussicht gestallt. Och op desem Punkt mussen eis Gemengeverantwortlech den Dialog am Kulturministère, awer och mam Tourismusministère sichen, fir di néideg finanziell Ennerstetzung ze kréien.

De Comité vun der DP Eechternoach

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp