Jonglënster

No den éischte Méint ass Villes ëmgesat ginn.

Am Beräich Infrastrukturen & Liewensqualitéit, sinn zum Beispill d’Refektioun vun der d’Cité Bech, de Massewee, d’Cité am Wangert, rue des Jardins & d’rue des Près am Gemengerot gestëmmt ginn. Anerer kommen no.

Op Fréinen ass eng Calisthenics Statioun installéiert ginn & zu Allënster eng Spillplaz hannert dem Laange Brill.

A Punkto Sécherheet sinn an den Agäng vun onsen Dierfer op de Gemengestroosse Bockelen installéiert ginn an op ausgewielte Plaze Pottoe fir d’Autosfuerer drun ze hënneren um Trottoir ze parken.

Et sinn eng ganz Réi Beem an Hecke geplanzt ginn, dëst zu Allënster a bei der Aasselscheier. Och sinn an de neie Stroosseprojeten nei Beem geplangt ginn.

An der Buerg entsti bis déi nächst Rentrée 2 Klassesäll – fir dass d’Kanner an hirer Schoul bléiwe kënnen.

De Concours fir de Schoulcampus an der Buerg ass ofgeschloss, d’Presentatioun vun den Iddien ass am Februar, d’Aarbechte gi viraussiichtlech 2028 lass.

Op der N11 am Agang vu Gonnereng kënnt 2024 de Foussgängeriwwerwee an d’Vitesse ass elo duerchgängeg op 70 km/h limitéiert ginn.

Wat d’Participatioun & Transparenz ugeet hu mir entscheet manner politesch Mandatairen an de Kommissioune virgesinn, dofir ass fir méi Biergerparticipatioun gesuergt.

De Gemengerot kann ee bequeem Doheem nolauschteren, dëst iwwert de Site vun der Gemeng www.junglinster.lu.

Et ass zesummen um Budget geschafft ginn, dëst mam Gemengerot an der Finanzkommissioun. Et war en intensiven Austausch a jidderee kann seng Remarke bis Ufank Januar era ginn, éier en dann ofgestëmmt gëtt.

Wat d’Subsiden uginn, sou ass et dass de neie Subsideschlëssel fir d’Veräiner fir t’éischt applizéiert gouf – hei gouf et däitlech Verbesserunge wat Transparenz a bürokratesch Prozeduren uginn.

D’Energiesubside sinn ugepasst ginn, ënner anerem gëtt et elo och e Subside fir Reparatiounen um Electroménager.

Vill Aarbecht ass och intern geleescht ginn, dëst am Zeeche fir e bessere Service um Bierger.

Ënner anerem ginn déi intern Aarbechtsprozesser progressiv op de Leescht geholl. Mir gesinn eng Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäite vir, dëst gekoppelt mat Méiglechkeet op Teletravail. Och si verschidden Aarbechtstâchen nei opgedeelt ginn

D’Reservatiounsreglement gëtt an engem neie Reglement komplett adaptéiert & d’Reservéierunge vu Säll a Material wäert dann och online vereinfacht ginn.

Am Numm vun der ganzer Ekipp wënschen ech iech alleguer e glécklecht neit Joer, vill Satisfaktioun, berufflech wéi privat, an eng gutt Gesondheet.

Bis ganz geschwënn,

Ben Ries

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp