Jonglënster

Éiergäizeg, verantwortungsvoll, virausschauend, adaptéiert, diversifiéiert – fir ons déi passend Charakteristike vum Budget, dee mir am Dezember ausgeschafft hunn.

Et sinn natierlech di bekannte Projeten, wéi d’Maison Relais, d’Museksschoul an d’Crèche déi ëmgesat ginn. D’Schoul zu Lënster gëtt ausgebaut an ons Wunnengen an Haiser an der JongMëtt an zu Guedber gi fäerdeg gestallt.

Ma et sinn och dréngend noutwenneg Infrastrukturen déi erneiert oder gebaut musse ginn, sief et verschidde Stroossen, eng zentral Plaz zu Beidweiler, 30er Zonen bei onse Schoulen. Och de Site vun der Schoul an der Buerg gëtt op de Leescht geholl fir hei déi néideg Plaz fir d’Zukunft ze schafen.

Säit dësem Joer ass um Niveau vun Energie spueren nach eng Schëpp bäigeluecht ginn. Net nëmme ginn d’Heizunge progressiv op erneierbar Energien ëmgestallt, mee och ons Sportsterrainen Op Fréinen kréien eng LED-Beliichtung. De Moment verbrauchen déi genau souvill Energie wéi ons gesamt-ëffentlech Beliichtung vun der ganzer Gemeng!

Och duerch d’Staarkreenetude ginn et weider Bestriewungen um Niveau vun den Upassungen un de Klimawandel gemaach. Enner anerem gëtt d’Schwaarz Iernz weider renaturéiert, dat och fir d’Biodiversitéit ze stäerken.

Schlussendlech, deele mir dir mat vill Freed mat, dass dat fréiert Paschtoueschhaus, dem sougenannte “Borrigs Schlass”, vun 1764 mat sengen Annexen an dem Park matten am Kär vu Lënster kaf ginn ass. Dest ënnersträicht eng vun onse Prioritéiten : Den Erhalt vun onsem Patrimoine an den Developpement vum Zentrum mat all sengen Opportunitéiten. Dese Kaf markéiert sécherlech en historesche Moment fir ons Gemeng : dëse Patrimoine wäert ons an de nächste Generatiounen erhale bléiwen!

Am Numm vun der DP Lënster wënschen mir dir besënnlech Feierdeeg am Krees vun denger Famill a Frënn an e gudde Rutsch an dat neit Joer.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp