Jonglënster

Nei Situatioun am Kär vu Lënster – dat seet d’DP

Duerch de Kaf vum Domaine Schwall, dem fréiere Paschtoueschhaus, mat sengen Annexen an dem Park, verdeelt op engem Terrain vu 96 Ar, erginn sech der Gemeng néi Méiglechkeete wat d’Gestaltung vum Zentrum ugeet.

Wat ass geplangt ?

An enger éischter Phase soll de Park der Ëffentlechkeet zougänglech gemaach ginn. De Park mat sengem Bambestand bitt den Awunner e wäertvolle Réckzuch un, naturno, roueg, eng Plaz fir ze verweilen a Léit ze begéinen. Dëst wichtegt Puzzelstéck soll de grénge Kär vu Lënster ergänzen, deen sech vum Park nieft der Gemeng bis de Schluss vu LënsterMëtt erstreckt.

E Parkhaus – oder éischter net?

Duerch den Ausbau vun der Gemeng, vun der Schoul an der Maison Relais, si mir als Gemeng verflicht, Parkplazen ze schafe – dat ännert sech net.

D’Propose vun der DP ass et op d’Parkhaus ze verzichten andeems mir de Parking bei der Loupescht vergréisseren, ouni déi bestoend Beem hannert dem Haus Rischette ewech mussen ze huelen. Zesumme mat enger neier Gestaltung vun der doduerch entstoender ëffentlech Plaz, an engem adaptéierte Parkreglement sollte mir et fäerdeg brénge fir de beschtméigleche Kompromëss fir all Acteur ze realiséieren.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp