Gréiwemaacher

De Robert ‘Roby’ Stahl huet iis verlooss.

Dau wars e Mann, e Papp, e Frënd, e Kolleg. Et huet een net iwwer dech geschwaat, mä mat dir. Dau woars nämlech no beim Mënsch an näicht a kee woar dir onwichteg. Dau wars ëmmer fir d’Leit do – egal wéini een dech gebrauch huet, egal ob an deiner Funktioun als Gemeeneconseiller, Borgermeester oder als Maacher Awunner, dau hues dir Zäit geholl fir de Mënsch. An och wann ee mat dir streide konnt an een net eener Meenung woar, da wor dat, wells dau dat Best fir all Mënsch wolls an nët nëmme fir dech. Mä béis konnt keen dir sënn.

Net fir näicht huet d’Gemeen dech zum Éiereborgermeester ernannt.

Een Titel, deens dau dir méi wéi verdéint has. 40 Joar laang hues dau de Maacher Leit gedéint, dovunner 12 als Borgermeester. Dau, Roby, wars e Virbild fir liberal Politik an hues dein liberal Iwwerzeegung och ausgelierft. Hënt hues dau iis leider verlooss, mä gleew iis, keen een Persoun wäert dech je vergeessen.

Mir behaalen dech a ganz goudder Erënnerung.
Äddi Roby.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp