Gréiwemaacher

Een Koalitioun, déi sech op ganz dënnem Äis bewegt

Fir unzefänken : Gratulatioun säitens der DP Maacher un de Leon Gloden, ganz Maacher ass frou e Minister ze hun. A seine Fonktiounen als Minister fir affaires intérieures a fir d’Police wäert hen och fir d’Gemeen Maacher wäertvoll Arbecht kënne leesten.

Mir gratuléieren och, dem Monique Hermes als nei Boregemeestesch, dem Liane Felten als nei Schäffin, déi jo vun hirer 6 Sëtz Majoritéit bestëmmt gi sen, an dem Marc Ury als neie Conseiller. Mir wënschen allen een glécklech Hand, am Intérêt fir Maacher an een goud Zukunft ze féieren…

Ech waert elo meng Ried déi ech bei der Schöffenrotserklärung gehalen hunn nët widderhuelen, iis Meenung zum Wahlresultat huet sech awer nët gännert.

Just esouvill zum Walresultat vum Juni 2023:

CSV/Déi Gréng Koalitioun hat 6% verluer a kënnt zesummen net méi op d’Hälschent vun de Wielerstëmmen !

De Leon Gloden hat 1.659 Stëmmen  ….

Insgesamt hat d’CSV op just 44 Stëmmen e 5. Sëtz behalen

Eleen dat wier Grond genoug gewiest, d’Koalitioun CSV/Déi Gréng net weiderzefueren.

Awer : 10 Minuten no der Publikatioun vum Walresultat hu béid Parteien schon exclusiv Koalitiounsgespréicher gefouert.

Elo sen dem Leon Gloden sein 1.659 Stëmmen fort, a gin dorech de Marc Ury ersat, deen 676 Stëmmen kréit hat.

Spéitstens elo !! hätt di aktuell Koalitioun missen zur Asiicht kommen, datt et esou net ka weidergon, an datt de Wielerwëllen  nees misst respektéiert gin.

Datt mir is goud verstin:

Bei der Zesummeseetzung vum Schäfferot:

Et läit net un de Persounen un sech, allen 3 se Respektspersounen !

Mee: et läit un der Koalitioun CSV/Déi Gréing, déi elo bäi Wäitem keen Majoritéit vun der Bevölkerung méi hannert sech huet.

Och erënneren ech nach een Kéier un dem Leon Gloden sein Wieder virun de letzte Gemeenewalen vu Respekt……Ech hat bei der Schöffenrotserklärung schon mol gesot, Respekt wär gewiesst wann mat iis geschwat ginn wär.

Dat eenzeg Gespréich woar d’Zouso fir e Posten an der Schoulkommissioun, woufir mir Dankbar sin.

Allerdéngs léist dat net de Problem vun eener Majoritéit, déi sech just mat eem wackleche Wackelsëtz, deen moralesch gesin guer kee méi as, iwer Waasser hält an nom Ofgang vum Leon Gloden keenesfalls méi de Wielerwëllen respektéiert.

D’Gemeen Maacher as an eener prekärer Situatioun : een Koalitioun, déi sech op ganz dënnem Äis bewegt an déi riskéiert, iwerfuerdert ze sen ! An daat an eem déck belasteten finanziellen Ëmfeld, daat se sech selwer an deene letzten 12 Joer agebrockt huet. An déi op e « weider esou » seetzt, woubäi se moralesch vis-à-vis vum Wielerwëllen – wuel verstan als Koalitioun CSV/Déi Gréng – ech schweetzen hei net vun  eenzelnen Persounen  an isem Aaën net méi vertrietbars as!

Dir verstéit, datt mir d’Punkten 2 an 3 aus all de virgenannte Grënn net kënne matdron, och wa mir deenen eenzelne Persounen ise volle Respekt zollen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp