Fester an allen Dierfer!

Dat éischt Summerfest bei der grousser Spillplaz op der Cap de 15. August 2024 war e flotte Succès. Dat freet ons als DP Gemeng Mamer a mir soen den Organisateure villmools Merci! Mir hunn eis ëmmer dofir agesat, dass et an all Duerf vun eiser schéiner Gemeng reegelméisseg  Fester solle ginn a wäerten dat och weider maachen. Fotoen: Gemeng Mamer

weiderliesen...

E super 1. Mee mat der DP!

Et war e formidabelt Fest: déi traditionell 1. Mee-Grillade vun der DP Gemeng Mamer beim Mamer Schlass hat nees immens vill Leit aus Mamer a wäit doriwwer eraus ugezunn.

weiderliesen...

Eng dynamesch Sektioun voller Iddien

E flotten Owend mat ville Gäscht, inspiréierende Rieden a kreativen Iddie fir Mamer: Dat war d’Generalversammlung vun der DP Gemeng Mamer, déi den 9. Februar 2024 am Centre Culturel zu Holzem iwwer d’Bün goung.

weiderliesen...

Fester an allen Dierfer!

Dat éischt Summerfest bei der grousser Spillplaz op der Cap de 15. August 2024 war e flotte Succès. Dat freet ons als DP Gemeng Mamer a mir soen den Organisateure villmools Merci! Mir hunn eis ëmmer dofir agesat, dass et an all Duerf vun eiser schéiner Gemeng reegelméisseg  Fester solle ginn a wäerten dat och weider maachen. Fotoen: Gemeng Mamer

weiderliesen...

E super 1. Mee mat der DP!

Et war e formidabelt Fest: déi traditionell 1. Mee-Grillade vun der DP Gemeng Mamer beim Mamer Schlass hat nees immens vill Leit aus Mamer a wäit doriwwer eraus ugezunn.

weiderliesen...

Fester an allen Dierfer!

Dat éischt Summerfest bei der grousser Spillplaz op der Cap de 15. August 2024 war e flotte Succès. Dat freet ons als DP Gemeng Mamer a mir soen den Organisateure villmools Merci! Mir hunn eis ëmmer dofir agesat, dass et an all Duerf vun eiser schéiner Gemeng reegelméisseg  Fester solle ginn a wäerten dat och weider maachen. Fotoen: Gemeng Mamer

weiderliesen...

Eis Memberen am Gemengerot

Sven Bindels

De Sven Bindels huet 43 Joer a wunnt mat senger Fra a sengen zwee klenge Kanner zu Mamer.

De Sven schafft bei Post Technologies an ass do zoustänneg fir d’Koordinatioun an d’Iwwerwaachen vun de Glasfaserchantieren.

No sengem gudde Resultat bei de Landeswalen 2013 (6. Gewielten) ass hien 2015 President vun der Sektioun Mamer ginn a konnt 2017 an de Gemengerot anzéien. Aus de Gemengewalen 2023 ass hien als Eischtgewielten op der DP Lëscht erausgaangen.

De Sven bléckt op en laang Carrière als Fussballsarbitter zréck a lieft och privat seng Passioun fir de Sport.

Als Gemengerot a President vun der DP-Sektioun Gemeng Mamer setzt hien sech fir eng éierlech, biergerno an innovativ Gemengepolitik an.

Jessica Klopp

Engagéiert, determinéiert an ëmmer positiv agestallt : d’Jessica Klopp, 36, vu Mamer, ass e Mënsch, deen net gären doheem setzt, mee eng Hand mat upaakt, fir Saachen ëmzesetzen.

Der Léierin läit et ganz uewen, der Jugend eng méi staark Stëmm zu Mamer ze ginn, mee och an d’Zukunft vun de Kanner ze investéieren, ënner anerem och duerch d’Fërderung vum Natur- a Klimaschutz.

D’Jessica ass Member vun de kommunale Kommissioune fir Jugend a Schoul an a ville Veräiner engagéiert, zum Beispill an der „Harmonie Gemeng Mamer“. Politesch ass si scho ganz laang fir d’éischt bei de Jonke Liberalen an elo an der DP engagéiert.

D’Jessica ass Sekretärin vun der DP Gemeng Mamer a Vizepresidentin vum Regionalcomité Süden vun der Demokratescher Partei.

Aus de Gemengewale vum 11. Juni 2023 ass hat als Zweetgewielt op der Lëscht vun der DP Gemeng Mamer erausgaangen.

Eise Comité

De Comité vun der DP Mamer heescht Iech ganz häerzlech wëllkomm op dëser Websäit. Surft reegelméisseg hei laanscht fir déi neitsten Aktualitéiten.