Mamer

Den 11. Juni si Gemengewalen – Jidderee ka matmaachen!

Schreif dech an denger Gemengeverwaltung oder op www.jepeuxvoter.lu an – Du hues Zäit bis de 17. Abrëll

D’DP Mamer steet fir Demokratie an d’Matbestëmmung vun alle Biergerinnen a Bierger. Ons ass et wichteg, dass all Awunnerin an all Awunner vun eiser Gemeng bei der Gestaltung vun onsem gemeinsamen Doheem matbestëmmen a matschaffe kann.

Dofir ënnerstëtzt d’DP Mamer all Efforte, fir all Matbiergerinnen a Matbierger dozou ze beweegen, sech an d’Wielerlëscht anzedroen.

Bis ewell hu net-lëtzebuergesch Awunnerinnen an Awunner nëmmen u Gemengewalen däerfen deelhuele, wa si méi wéi fënnef Joer an hirer Gemeng gewunnt hunn. Dës Konditioun fält elo ewech. Déi eenzeg Konditioun fir d’Participatioun un de Gemengewalen ass d’Aschreiwung op de Wielerlëschten 55 Deeg virum Waldag, dat heescht bis de 17. Abrëll.

Dës Aschreiwung ass keng opwenneg Formalitéit! Du kanns se maachen andeems du dech iwwer www.jepeuxvoter.lu aschreifs oder an der Märei laanscht kënns, fir deng Aschreiwung ze erleedegen.

Mir freeën ons drop, dass du um wichtegen demokratesche Rendezvous den 11. Juni deel hëls a mat bestëmms, wie fir déi nächst sechs Joer d’politesch Geschécker zu Mamer wäert leeden!

Du wells méi iwwer deng Gemeng an d’Aarbecht vun der Demokratescher Partei zu Mamer wëssen? Da schreif ons: mamer@dp.lu

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp