E flotten 1. Mee bei der Mamer DP

Et ass eng laangjäreg Traditioun: den 1. Mee organiséiert d’DP Gemeng Mamer e grousst Fest. Um Feierdag ass et fir immens vill Leit aus der Regioun a wäit doriwwer eraus e feste Rendez-vous. Och dëst Joer konnt d’DP Gemeng Mamer erëm Honnerte Gäscht begréissen, dorënner och Regierungsmembere:

-de Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel;

-d’Verdeedegungsministesch, Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten a Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit, Yuriko Backes:

-de Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, Max Hahn;

-d‘Ministesch fir Digitaliséierung a Ministesch fir Fuerschung an Héichschoul Stéphanie Obertin;

-de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend a Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung , Claude Meisch;

souwéi vill aner Politikerinnen a Politiker, dorënner d’Deputéierten Corinne Cahen – déi och VIzepresidentin vun der DP ass -, Barbara Agostino, Mandy Minella a Gusty Graas, d‘Amela Skenderovic, Vizepresidentin vun der Demokratescher Partei an de President vun de Jonk Demokraten a Leidelenger Buergermeeschter Lou Linster. Och de Mamer Buergermeeschter Luc Feller an d’Schäffe Francine Closener an Ed Buchette a vill Memberen aus dem Mamer Gemengerot waren op e Patt laanscht komm.

Bei summerlechem Wieder konnten si an déi vill aner Gäscht um Feierdag bei exzellentem Kascht a summerlechem Wieder e flotte Moment verbréngen. D’DP Gemeng Mamer seet jidderengem e grousse Merci, dee mat gehollef huet, dëse flotten Dag ze erméiglechen a besonnesch och den ëmmer hëllefsbereeten an effikasse Mataarbechter vun der Gemeng.

Mir freeën eis elo schonns drop, Iech den 1. Mee 2026 zu Mamer begréissen ze kënnen!

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp