Mamer

E schéine Start an de Mee

Honnerte Leit aus der Gemeng Mamer an aus dem ganze Land hu gëschter mat der DP Gemeng Mamer an de Mee era gefeiert. Beim Mamer Schlass gouf et flott Ënnerhalung, e Sprangschlass fir d’Kanner a natierlech gutt Iessen a Gedrénks fir all Goût. 

D’gutt Wieder war um Rendezvous, och wa mer am spéiden Nomëtteg mat enger zolitter Schauer hunn e bësse misse kämpfen. 

Villmools Merci un all eis Gäscht, dass Dir de Wee bei eis fonnt hat! A schreift Iech schonn an Ären Agenda: Den 1. Mee 2024 verbréngen ech mat der DP Gemeng Mamer. 

Merci och fir d’Ënnerstëtzung duerch d’Gemengeservicer an un all ons Frëndinnen a Frënn, déi eng Hand mat ugepaakt hunn, fir dëst schéint Fest méiglech ze maachen! 

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp