Mamer

E super 1. Mee mat der DP!

Et war e formidabelt Fest: déi traditionell 1. Mee-Grillade vun der DP Gemeng Mamer beim Mamer Schlass hat nees immens vill Leit aus Mamer a wäit doriwwer eraus ugezunn. Bei beschtem Wieder konnte mir Honnerte Gäscht mat leckerem Iessen a Gedrénks verwinnen a mat Musek an Tombola – an engem Sprangschlass fir déi Kleng –  begeeschteren.

Och déi national a lokal politesch Prominenz vun alle Faarwe war wéi ëmmer gutt vertrueden: nieft dem Här Buergermeeschter Luc Feller an dem Schäffen Ed Buchette ware vill Membere vum Gemengerot um Rendez-vous. Och d’Ministere Yuriko Backes, (Verdeedegung, Mobilitéit, ëffentlech Aarbechten, Gläichstellung an Diversitéit), Stéphanie Obertin (Digitaliséierung, Fuerschung an Héichschoul), Gilles Roth (Finanzen), Claude Meisch (Educatioun. Kanner a Jugend) a Max Hahn (Famill. Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil) haten de Wee op Mamer fonnt, genee wéi d’Kandidate vun der Demokratescher Partei fir d’Europawalen Amela Skenderovic, Jana Degrott, Nancy Braun, Charles Goerens, Gusty Graas a Christos Floros.

Hinnen an alle Gäscht seet d’DP Gemeng Mamer Merci! dass se beim grousse Fest dobäi waren. Merci soe mer och jidderengem, deen eng Hand mat upepaakt huet! E besonnesche Merci geet un d’Gemengepersonal, dat ëmmer präsent an hëllefsbereet ass.  

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp