Mamer

Eise Walprogramm – Kapitel 1: D’Zesummeliewen an der Gemeng stäerken

Famill, Kanner a Jugend

D’Zukunft gehéiert eiser Jugend. Mir wëllen, datt d’Kanner an déi Jugendlech glécklech a gesond an enger familljefrëndlecher Gemeng grouss ginn. Mir setzen op eng zukunftsorientéiert Politik an triede fir en nohaltegt Stadbild an, datt de Besoine vun de jonke Generatioune gerecht gëtt. Déi wichtegste Viraussetzung dofir sinn ofwiesslungsräich an inklusiv Plaze fir ze spillen, den Ausbau vu sécheren an deels exklusive Fouss- a Vëlosweeër, Fräiraim fir déi Jugendlech an d’Fërderung vun enger differenzéierter Offer am Sport an an der Kultur. Déi aktiv politesch Participatioun vun de Kanner a Jugendleche wäerte mir duerch altersgerecht Formater fërderen. Eng aner Prioritéit vun der DP ass, fir d’Famill, d’Bildung an de Beruff matenaner ze verknëppen.

Villfälteg, inklusiv a faarweg Spillplazen.

D’DP Gemeng Mamer wëll ofwiesslungsräich, inklusiv an adaptéiert Spillplazen fir all Alter an alle Quartieren, op deenen eis Kanner sech kënnen defouléieren a fräi entfalen. Mir wäerten all d’Spillplazen um neiste Stand halen an d’Spillplaz zu Holzem moderniséieren. Mier wäerten iwwerall Waasserspender ariichten a fir Ariichtunge suergen, déi Schied spenden, wéi z.B. Sonneseegel. All Spillplaze sollen och fir Leit mat engem Handicap accessibel sinn. Mir wäerten zum Beispill Schaukele fir Leit am Rollstull ariichten.

Verkéiersberouegt Spillstroossen.

D’DP Gemeng Mamer setzt sech fir verkéiersberouegt Spillstroossen an. Net just an den neie Lotissementer ma och am Zentrum vun den Uertschaften. Zu Mamer solle Spillstroossen am Zentrum ronderëm d’Gemengeplaz ageriicht ginn. Hei soll och e Shared Space-Areal sinn, wou all Acteur am Verkéier op deen anere muss oppassen. D’Vitess soll hei op 20 km/h limitéiert sinn.

Kannerbibliothéiken ausbauen.

Liese fërdert déi sproochlech a rhetoresch Fäegkeete vum Kand an och seng perséinlech Entwécklung. D’DP Gemeng Mamer ënnerstëtzt dofir Kannerbibliothéiken a Kannerbicherschief mat enger altersgerechter a qualitativer Lecture, wou d’Kanner scho fréi Loscht um Liese kréien. Mir wëllen an dem Sënn och reegelméisseg Liesowender fir Kanner organiséieren.

Suergfalt fleegen.

D’DP Gemeng Mamer wëll méi eng grouss Suergfalt am bewossten Erliewe vun eiser Ëmwelt a vum Bild vun eiser Gemeng (mam Verstand a mat de Sënner) schafen. Mir wäerten dofir ënner anerem mat onse Bauere kucken, op reegelméisseg Visitten vu Kannergruppen op den Häff kënnen organiséiert ginn.

D’Vermëttlung vu Babysitting, vun Nohëllefsstonnen an aner Hëllefsleeschtungen tëschent Biergerinnen a Bierger

De Kontakt tëschent den Elteren, Familljen a Babysittere gëtt op enger onkomplizéierter Online-Plattform garantéiert. Do kënnen och aner Servicer vermëttelt ginn, z.B. Nohëllefsstonnen, Konversatiounscoursen, Spadséiergäng fir d’Gemeng ze weisen, Hëllef fir Akeef, fir d’Aféierung an d’digital Welt asw. Jiddereen huet Wëssen, dat e kann deelen a mir wäerten d’Viraussetzunge schafen, fir dass déi Leit, déi dat wëllen, dat och kënne maachen. D’Gemeng ënnerstëtzt dës Efforten och finanziell.

D’Stad vun de Kanner.

Mir wëllen och zu Mamer all Joer eng Kannerstad organiséieren, wéi et se zum Beispill zu Hesper gëtt. Esou pedagogesch Projete bréngen de Kanner d’Welt vun den Erwuessene spilleresch méi no. D’Kanner léieren d’Gemengeliewe besser kennen a si ginn dru gewinnt, fir Verantwortung z’iwwerhuelen.

D’Participatioun vun de Kanner a vun de Jugendlechen an de Gemenge stäerken.

D’DP Gemeng Mamer trëtt fir méi eng staark Bedeelegung vun der Jugend an der Gemeng an. Dofir ënnerstëtze mir d’Iddi vun engem Kanner- a Jugendconseil, respektiv vun enger obligatorescher Consultatioun vun de Jugendvertriedunge bei Themen, déi d’Jugend betreffen. Esou wëlle mir ë.a. hir Interessie bei der Gestaltung vum ëffentleche Raum berücksichtegen.

Eng Stëmm fir d’Jugend.

D’DP Gemeng Mamer wäert e kommunale Jugendvertrieder asetzen, deen de Lien tëschent dem Gemengerot, der Gemengeverwaltung an der Jugend assuréiert. Dee Jugendbeoptragte soll deene Jonke bei Froen oder bei der Ëmsetzung vun Iddien zur Säit stoen.

Fräiräim fir d’Jugend schafen.

Mir wäerten déi néideg Plazen a Raim zur Verfügung stellen, fir e soziaalt Matenaner, den Austausch oder eege Projete vun de Jugendlechen méiglech ze maachen. Mir wäerten dofir Proufraim zur Verfügung stelle fir Bands, déi mat hirem eegene Material ekipéiert sinn.

Jugendlager / Campe mat Partnerstied.

Et feelt ville Jumelagen um néidege Schwong. En aktiven Austausch vun de jonke Leit – eventuell esouguer mat Partnerstied iwwer d’Grenzen ewech – erliichtert net nëmme d’Kenneléieren. Déi perséinlech Frëndschaften, déi do ënnert deene Jonke entstinn, halen d’Jumelagen um Liewen. Mir wëllen déi Jugendlech méi staark an d’Partnerschaft mat Dangé Saint-Romain, der Partnerstad vu Mamer a Frankräich, abannen.

Vermëttlung vu Workshoppen / Stage bei lokale Betriber oder a Gemengenatelieren.

D’Efforte fir d’Schaff an d’Doheem méi no beienaner ze bréngen, concernéieren och déi Jugendlech. D’DP wëll dofir d’Vermëttlung vu Workshoppen oder Summerjobs fir jonk Leit an de lokale Betriber fërderen.

Jugendfrëndlech Mobilitéit.

Mir setzen eis fir eng jugendfrëndlech Mobilitéit an. An de Gemengen iwwer Land betrëfft dat besonnesch den ëffentlechen Transport owes an nuets. D’DP Gemeng Mamer ënnerstëtzt ë.a. de Konzept vun engem Nuetsbus fir regional Jugendmanifestatiounen.

D’Präventioun weider stäerken.

D’DP Gemeng Mamer weess wéi wichteg d’Jugend- an d’Präventiounsaarbecht an de Gemenge sinn. Zesumme mat de betraffenen Acteure wäerten mir déi Aarbecht op Gemengenniveau weider stäerken.

Bildung, Kannerbetreiung a Schoul

Eng gutt Educatioun ass d’Viraussetzung fir e selbstbestëmmtent Liewen a fir déi gesellschaftlech Inklusioun vun engem Mënsch. Fir d’DP steet dobäi d’Chancëgerechtegkeet am Mëttelpunkt. Mir wëllen all de Schüler optimal Bildungschance bidden, onofhängeg vun hirer Hierkonft. De Schlëssel fir dohinner si villfälteg a gutt equipéiert Schoulen a Betreiungsstrukturen, déi d’Schüler mat hire sëllegen Talenter fërderen, hiert Potential fräisetzen a si op hirem Bildungswee ënnerstëtzen.

D’Betreiungsariichtungen ausbauen an hir Multitude stäerken.

D’DP Gemeng Mamer wäert d’Offer vun de Plazen an de Kannerbetreiungsstrukturen de Besoinen no ausbauen an esou garantéieren, datt all Kand ka vun der non-formaler Bildungsoffer profitéieren. Dobäi leeë mir extra vill Wäert op d’Villfalt vun de Bedreiwer vu de Strukturen an op déi verschidde pedagogesch Schwéierpunkten, wéi zum Beispill eng Bëschcrèche. Elo scho gëtt et de Besoin fir d’Maison Relais op der Cap ze vergréisseren. Hei wëlle mir sou schnell wéi méiglech eng Etude maachen an d’Biergerinnen a Bierger an d’Ausbauaarbechte mat abannen.

D’Schoulen an d’Betreiungsstrukture kannergerecht gestalten.

Fir d’DP Gemeng Mamer sollen d’Schoulen de Besoine vun de Kanner a Jugendlechen entspriechen. D’Raimlechkeete musse frëndlech a motivant gestalt sinn. Deene Virgabe wëll d’DP Gemeng Mamer bei der Sanéierung a beim Neibau vun esou Strukture Rechnung droen.

D’Ëffnungszäiten an de Betreiungsstrukture méi flexibel gestalten.

D’DP Gemeng Mamer setzt sech dofir an, dass Betreiungsstrukture flexibel a laang Ëffnungszäiten ubidden, fir besonnesch den Eltere mat onreegelméissegen Aarbechtszäiten a fir den elengerzéienden Elteren entgéint ze kommen. D’DP Gemeng Mamer setzt sech och dofir an, datt d’Strukturen an de Vakanzen op bleiwen.

Crèchen an den Entreprisen an an den Aktivitéitszonen.

Bei enger entspriechender Nofro, wäert d’DP Gemeng Mamer Betriber ënnerstëtzen, déi hirem Personal wëllen eng intern Crèche ubidden. An deem Sënn fërdere mir och Crèchen an de Zones d’activité.

Investéieren an déi fréi Betreiung vun de Kanner.

D’DP Gemeng Mamer wëll weider an den Ausbau vun der fréier Betreiung vu Kanner investéieren, esou datt d’Eltere kënnen tëschent enger kommunaler oder enger privater Crèche wielen.

Nei Schoule mussen de praktësche Besoinse vun de Gemengen no geplangt ginn.

De Bau vun engem neie Schoulkomplex muss de Besoine vun der jeeweileger Gemeng an dem Wuel vun de Kanner ugepasst sinn. Bei Neibau vun esou Schoulkomplexer soll och gekuckt ginn, ob Synergië mat Maison-relaise fir eng Ganzdagsschoul méiglech sinn. Doriwwer eraus sollen déi lokal Veräiner e gewësse Fräiraum um Terrain vun der Schoul kréien. E Schoulcampus ka sech esou zum attraktiven a liewegen Zentrum vun enger Uertschaft entwéckelen. Mir wëlle lo scho kucken, wéi eng Schoulgebaier a Maison-relaisen an den nächste Joerzéngte gebraucht ginn.

Sécher Schoulweeër.

Fir eis Kanner ass de Schoulwee ëmmer e besonnescht Ereegnis. Egal op zu Fouss, mam Vëlo oder mat der Trottinett: Mir wëllen, datt de Schoulwee zoumuttbar a sécher ass. Dozou gehéiere breet, iwwersiichtlech a gutt beliichte Fouss- a Vëlosweeër a reegelméisseg Opklärungscampagne fir alleguerten d’Parteien am Stroossentrafic. Mir wäerte Mamer besonnesch op Plaze, wou vill Kanner iwwer d’Strooss ginn, mat intelligenten Zebrasträifen ausrëschten, déi vun ënne beliicht sinn. Ausserdeem sollen intelligent Ralentisseuren zum Asaz kommen, déi Autofuerer drop opmierksam maachen, dass si mussen ofbremsen. Beim Campus Capellen soll d’Route d’Arlon esou reaménagéiert ginn, dass hei eng maximal Sécherheet fir Foussgänger garantéiert ass.

Pedibus fërderen.

De Pedibus bréngt Schüler – ënnert dem Guidage vun Erwuessenen – zu Fouss an d’Schoul. Dat entlaascht net nëmmen den Autostrafic ronderëm d’Schoulen, ma dat mécht och Spaass an ass gesond. D’DP Gemeng Mamer wäert eng Promotiounscampagne bei den Eltere vu Kanner maachen, fir dass nach méi Kanner de Pedibus notzen. Mir wäerten dofir suergen, dass d’Strecke vum Pedibus optimal ofgeséchert sinn.

Schoulkantinnen – lokal a frësch.

D’DP Gemeng Mamer setzt sech fir gesond an equilibréiert Iessen an de Schoulkantinnen an an de Maison-relaisen an. Dofir sollen am beschte regional a saisonal Liewensmëttel verschafft ginn, déi eis Ëmwelt schounen. Och Liewensmëttel aus ökologeschem Ubau soll gefërdert ginn.

D’Koordinatioun tëschent de Schoulen, de Betreiungsstrukturen an den Hobbyen.

Eng koherent Zesummenaarbecht tëschent de Schoulen, de Maison-relaisen, de Museksschoulen a soss Fräizäitbeschäftegungen ass elementar – besonnesch wann e Kand daagsiwwer vu verschidde Leit betreit gëtt. D’DP Gemeng Mamer setzt sech dofir an, datt d’Offere vun all den Acteure besser openaner ofgestëmmt ginn. Esou kënnen d’Kanner vun enger villfälteger Fräizäitoffer profitéieren, déi hirer perséinlecher Entwécklung zeguttkënnt.

Aféierung vu Kannerveräinsbussen.

E Ruffbus-Service fir d’Kanner géing zu enger méi staarker Vernetzung vun de lokalen Acteuren bäidroen an d’Elteren entlaaschten. D’DP Gemeng Mamer setzt sech fir esou e Ruffbus op Gemengenniveau an. Dat géing et de Kanner a Jugendleche méi einfach maachen, fir um Duerfliewen an u soss Aktivitéite baussent der Schoul deelzehuelen.

IT-Equipement.

D’DP Gemeng Mamer wäert den informateschen Equipement vun de Schoulen an der Gemeng ausbauen an ëmmer um neiste Stand halen. D’Viraussetzunge fir en zäitgeméissen Unterrecht an e modernt Léiere wäerte mir garantéieren.

Alter a Soziales

D’Liewenserfarung vun eise Senioren ass eng Beräicherung fir eis Gemengen. D’DP wäert d’Viraussetzunge schafen, fir eisen eelere Matbierger, esou laang ewéi méiglech, en eegestännegt a gutt Liewen doheem z’erlaben. Mir wäerten eis dofir fir e staarkt Matenaner vun de Generatiounen asetzen. Mir leeën dobäi extra vill Wäert op seniore-gerecht Infrastrukturen a Fräizäit-Offeren. Grad ewéi op eng grouss Palett u Servicer a Geschäfter no bei de Leit. Et ass och wichteg, fir den eelere Leit d’Méiglechkeet ze ginn, fir u gesellschaftlechen Evenementer deelzehuelen.

Promotioun vu Méigeneratiounshaiser.

Haiser, an deene méi Generatiounen zesummeliewen, sinn oppe Plazen oder Wunnengen, fir Mënsche vun all Alter, mat verschiddenen Originnen oder kulturellem Hannergrond. Hei kënne Jonk an Al an Harmonie zesumme liewen. D’DP wäert esou Méigeneratiounshaiser ënnerstëtzen, fir den Zesummenhalt an der Gemeng ze stäerken. D’DP Gemeng Mamer wäert e Pilotprojet vun esou engem Generatiounshaus ënnerstëtzen an ëffentlech iwwer seng Entwécklung kommunizéieren.

Noperschaftshëllef an Info-Service.

D’DP Gemeng Mamer wäert den eelere Bierger eng Noperschaftshëllef offréieren, fir datt si kënnen esou laang ewéi méiglech bei sech doheem wunnen. Zu där Noperschaftshëllef gehéiere präventiv Visitten doheem bei de Leit, d’Fërdere vu soziale Kontakter an Hëllef bei administrativen Demarchen. Dëst soll ganz einfach iwwert eng Online-Plattform geschéien.

Seniorentransport.

D’DP Gemeng Mamer ënnerstëtzt e Seniorentransport, fir datt eeler Leit oder Leit, déi schlecht zu Fouss sinn, kënnen hir Kommissioune eegestänneg maachen (Epicerie, Dokter, asw.). Den Accès op de Mamer Ruffbus soll vereinfacht ginn. Mir ënnerstëtzen d’Bereetschaft vu Biergerinnen a Bierger, fir Kommissiounen fir eeler Leit mat ze erleedegen. De Kontakt tëschent deenen, déi wëllen an deem Sënn hëllefen an deenen, déi Hëllef brauchen, wäert iwwert eng Online-Plattform vereinfacht ginn. Hei soll ganz enk mat den Associatiounen zesummegeschafft ginn, déi sech fir Senioren asetzen. Och iwwer dës Associatioune soll et méiglech sinn, Hëllef unzefroen.  

Photo: Pixabay

Beweegung am Alter.

Kierperlech Aktivitéit hält fit. D’DP Gemeng Mamer wäert d’Offere fir Sport ze maachen a fir generell a Beweegung ze bleiwen, ënnerstëtzen. Wann néideg sollen déi Offeren ausgebaut ginn an och Leit accessibel gemaach ginn, déi manner gutt dru sinn. Och hei wëlle mir Biergerinnen a Bierger zësumme bréngen duerch eng Online-Plattform fir dass zum Beispill méi Jonker mat eelere Leit trëppele ginn oder mat hire Muppen spadséiere ginn.

Digitale Rattrapage.

Vill Leit hu Problemer mat den neien Technologien. Fir datt si net den Uschloss verléieren, wäerte mir net just Coursen ubidden, fir déi Leit fit ze maache fir déi digital Welt, mee och Appelle starten, fir dass Biergerinnen a Bierger, déi digital gutt ënnerwee sinn, aneren dobäi hëllefen, fir mat den digitalen Instrumenter a Servicer eens ze ginn. Mir schafen an der Maison Citoyenne eng Plaz, wou een sech zu digitalen Theemen treffe kann an déi och mat engem PC ausgerëscht ass.

Een attraktiivt Gesellschaftsliewen

D’DP steet fir eng fräi, oppen an tolerant Gesellschaft, déi alle Mënschen d’Méiglechkeet gëtt, fir um gesellschaftleche Liewen deelzehuelen. Mir setzen eis géint gesellschaftlech Spaltung a géint Marginaliséierung an – a fir eng geliefte Solidaritéit mat Mënschen, déi schlecht am Liewen dru sinn. Mir wëllen dat interkulturellt Zesummeliewe fërderen an nei bäigezunne Leit encouragéieren, fir sech aktiv um Liewen an der Gemeng ze bedeelegen. Dofir wäerte mir de Sport, d’Kultur an d’Volontariat weider aktiv ënnerstëtzen.

Generatiounsiwwergräifend Projeten.

Den Austausch tëschent de Generatiounen huet vill Virdeeler. D’Kanner an déi Jugendlech kënne vun der Experienz vun den eelere Mënsche léieren. An och fir d’Senioren ass de Kontakt mat jonke Leit positiv. Deen Echange ass eng gutt Ofwiesslung an eng Méiglechkeet, fir eng Welt besser ze verstoen, déi sech permanent weiderentwéckelt. D’DP Gemeng Mamer wëll dofir generatiounsiwwergräifend Projeten ënnerstëtzen.

Flott Plaze fir d’Hënn.

Plazen am Fräien, speziell fir eis Hënn, mat engem Zonk ronderëm, mat engem Waasserbuer a mat Wues, wat Sécherheet gëtt: D’Hënn kënne sech do ouni Lénkt beweegen, ouni vum Stroossentrafic bedreet ze ginn. Mir wäerten dofir am Zentrum vu Mamer en Hondspark schafen, an Hondsparcourse mat QR-Codë mat Videoen a Schëlter fir Übunge fir Mënsch an Hond an der Gemeng ariichten.

Photo: Pixabay

Biergerbedeelegung bei der Planifikatioun an der Gestaltung vu Stad- an Duerfzenteren.

D’DP Gemeng Mamer wäert d’Bierger bei der Planifikatioun vun den Zenteren a vun de Quartiere matabezéien. D’Zentere sollen erëm belieft ginn (nei ugepasste Verkéiersorganisatioun, Adaptatioun vun den ëffentleche Plazen, Fouss- a Vëlosweeër, Vernetzung mam Zentrum, Fërderung vun der doucer Mobilitéit, Protektioun an Erhalt vu markanten Strukturen an Infrastrukturen,…).

Duerfcafé/Duerfepicerie a Kooperatioun mat engem Veräin/enger Genosseschaft.

Besonnesch a méi klengen Uertschaften ass d’Iwwerliewe vun engem klasseschen Duerfcafé oder enger Epicerie eng grouss Erausfuerderung. Ëmmer méi vun deene fréiere Mëttelpunkte vum Duerfliewe verschwannen. Als DP Gemeng Mamer wäerte mir interesséiert Gruppen oder Veräiner dobäi ënnerstëtzen, fir hinnen esou ëffentlech Plazen zougänglech ze maachen, wou si sech treffe kënnen. Esou Eegeninitiativen beliewen net nëmmen d’Stad- an Duerfliewen, mee stäerken de sozialen Zesummenhalt a fërderen d’Zesummeliewen.

Volontariats-Kaart mat Belounung.

Fir d’Liewen an der Gemeng an d’Volontariat ze stäerken, sollen déi Leit, déi sech fräiwëlleg engagéieren an eng Volontariats-Kaart ufroen op der Gemeng eng kleng Belounung kréien. Wee sech fir d’Gemeinschaft engagéiert, kritt z.B. fräien Entrée fir d’Piscine, fir eng Kulturariichtung oder fir Kulturmanifestatiounen. Mir wäerte mat de Kulturakteuren an de Geschäftsleit zu Mamer schwätzen fir ze kucken, wou een déi Belounung kann aléisen.

Fërderung vum Nowuess am Volontariat.

Fir d’Volontariat ze stäerken, solle Projeten zum Wuel vun der Allgemengheet kënnen an de Schoulen an op Manifestioune vun der Gemeng virgestallt ginn. Projeten, déi sech u Jugendlech riichten, oder vu Jugendlechen organiséiert ginn, sollen zousätzlech Hëllef vun der Gemeng kréien.

Photo: Pixabay

Fërderung vun de lokale Veräiner.

D’DP Gemeng Mamer setzt sech fir eng konkret a substantiell Ënnerstëtzung vun de lokale Veräiner an. Dat ass essentiel fir e gutt Zesummeliewen an der Gemeng.

Jumelagë fleegen an ausbauen.

Zanter 1976 existéiert de Jumelage tëschent Mamer an der franséischer Stad Dangé-St-Romain am Département Vienne. Mir wëllen déi Partnerschaft weider fleegen an eventuell neier opbauen.

De Pakt vum Zesummeliewen ënnerschreiwen.

Een harmonescht Zesummeliewe brauch déi aktiv Abannung vun all eenzele Bierger an dat ëffentlecht Liewen an der Gemeng. Fir de kulturellen Echange an de sozialen Zesummenhalt op lokalem Niveau ze fërderen, ass 2021 de Pakt vum Zesummeliewe gegrënnt ginn, dee schonn 30 Gemengen ënnerschriwwen hunn. Doranner engagéiere si sech, fir konkret Projete fir eng besser Integratioun vun neie Bierger auszeschaffen, fir esou d’Zesummeliewen an der Gemeng ze stäerken. Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger schaffen hei Hand an Hand.

Och Mamer soll de Pakt vum Zesummeliewe schnellstméiglech ënnerschreiwen an de Programm fir en ëmzesetzen ausschaffen.

Sport a Kultur

Villfälteg Sports- a Kulturoffere beliewen d’Gemeng a sinn e feste Bestanddeel vum gesellschaftleche Liewen. D’DP Gemeng Mamer wäert déi Offer – a generell d’Sportsinfrastruktur an d’Fräizäitinstallatioune zugonschte vun all de Bierger – ausbauen.

Ëffentlech Sportsanlagen.

Den Accès zu de Sportsplazen an de Schoulhäff ass dacks just de Kanner a Jugendlechen erlaabt. D’DP wäert sech dofir asetzen, datt déi Sportsanlage wann ëmmer méiglech fir jiddereen op sinn – och fir Leit, déi keng Lizenz an engem Veräin hunn. Déi nei Schwämm um Kinneksbond soll zu bestëmmten Zäite fir jiddereen opsinn. Hei sollen och Schwammcoursen fir Grouss a Kleng ugebuede ginn. Mir wëllen och préiwen, wou sech an der Gemeng eng Plaz ubitt fir e grousse Sportskomplex ze realiséieren an deen eng Jugendherberg kënnt integréiert ginn.

Eng grouss Offer fir Sport a Beweegung.

Sport ass e wichtege Facteur fir d’Wuelbefanne vun de Leit, besonnesch d’Beweegung an der frëscher Loft. D’DP setzt sech fir eng ugepassten a villfälteg Sportsoffer an.

Haaptberuffleche Sportskoordinator.

D’Koordinatioun vun de sportlechen Aktivitéiten an der Gemeng gëtt ëmmer méi komplex. D’DP Gemeng Mamer wäert een haaptberuffleche Sportskoordinator engagéieren, deen dobäi hëlleft, d’Zesummenaarbecht tëschent de verschiddenen Acteuren (Schoul, Kanner, Elteren, Schoulsport a Sportsveräiner) ze verbesseren.

Kulturoffer stäerken.

D’Kultur verbënnt d’Mënschen, si animéiert zu Diskussiounen an zu engem Echange. D’Offer u kulturelle Manifestatioune soll proaktiv ausgebaut ginn. D’DP wëll déi néideg Plazen a méi Moyenen zur Verfügung stellen. Och sozial méi schwaach Bierger mussen Zougang zu kulturelle Manifestatiounen hunn. Initiativen ewéi de Kulturpass musse nach méi an de Gemenge verbreet ginn. Kulturell Sensibiliséierungswoche sollen an de Gemengen organiséiert ginn. Mir wäerten d’Kulturoffer och op der Cap an zu Holzem ausbauen an eng mobil Bün uschafen, déi op verschidde Plazen an der Gemeng zum Asaz ka kommen. Kultur verbënnt och d’Gemengen. Dofir wëlle mir mat den Nopeschgemenge kucken fir e gemengeniwwergräifende Kulturprogramm ze gestalten.

Vakanz zu Mamer.

An de leschte Joren hu vill Leit hir Vakanz zu Lëtzebuerg verbruecht an hunn esou d’Natur an d’Fräizäitoffer an der Gemeng an an der Ëmgéigend kenne geléiert. Fir dësen Trend weider z’ënnerstëtzen, wäert d’DP Gemeng Mamer d’Noerhuelungsgebidder konsequent mat diversen Aktivitéiten – ewéi z.B. Wanderweeër – ausbauen. Weider wäert d’DP den touristesche Wäert vum Vëlo fërderen, andeems d’Infrastruktur (z.B. Luetstatioune fir Pedelecs), de Belag vun de Weeër an d’Beliichtung laanscht d’Vëlosweeër vun de Gemenge verbessert ginn. Mir wäerten dofir suergen, dass d’Vëlosweeër sécher sinn. Se mat Faarf auszeweise geet net duer! Mir wëlle Fitnessparcoursen a méi Mountainbikestrecke schafen. Och op der Cap an zu Holzem soll eng Vëlosbotzstatioun installéeiert ginn.

Eng Hängebréck iwwer de Mamerdall fir Wanderer a Vëlosfuerer mat engem Kloterpark niewendrun géif d’touristesch Attraktivitéit vu Mamer erhéijen.

Mir wäerten ons dofir asetzen fir eng Jugendherberg op Mamer ze kréien an en Hotel, dee besonnesch och Raimlechkeete fir Konferenze, Seminairen, mee och Co-Working-Spaces.

All dës Infrastrukturen an Amenagementer mussen esou geduecht ginn, dass och Leit mat enger Behënnerung a Famillje mat Kannerkutschen si kënnen notzen.

Liesgruppen an Diskussiounsclibb.

D’DP Gemeng Mamer wëll sech dofir asetzen, datt d’Gemenge Raim fir Liesgruppen an Diskussiounsclibb offréieren. Esou kann d’Liesen och mat der kultureller Funktioun vum Debattéiere combinéiert ginn.

Denkmalschutz stäerken.

Dat materiellt Kulturierwen ass e grousse Bestanddeel vun der Attraktivitéit vun eisen Dierfer a Stied. D’DP Gemeng Mamer wëll dofir den Denkmalschutz vu Gebaier, déi der Gemeng gehéieren, stäerken.

Zesummeliewen a Gläichstellung

D’DP setzt sech fir e respektvollt an tolerant Matenaner an a wäert déi gesellschaftlech Participatioun vun alle Bierger fërderen. Mir wäerte weider géint all Ongerechtegkeeten an eiser Gesellschaft virgoen an all Zort vun Diskriminéierung bekämpfen. D’Gemenge musse géint esou Tendenze virgoen a Wäerter ewéi Toleranz an Akzeptanz an alle Beräicher fërderen. Och d’Fro vun der Genderneutralitéit a vun Themen, déi sech op LGBTQ+ bezéien, musse weider opgeschafft ginn.

Akzeptanz an Toleranz fërderen.

Am Aklang mat den nationale Schoulprogrammer, wäerte mir lokal Projete mat Jugendhaiser, Schoulen a mat aneren edukativen Ariichtungen ënnerstëtzen. D’Gemeng schafft dorunner, fir Stereotyppen entgéintzewierken, Geschlechterrollen ze briechen a fir Opklärung ze suergen.

Barrièrefräiheet.

Et muss och Mënsche mat Behënnerunge méiglech sinn, fir sech onofhängeg ze beweegen an esou e fräit Liewe féieren ze kënnen. D’DP Gemeng Mamer wëll ëffentlech Infrastrukturen a Servicer esou séier ewéi méiglech ouni Barrièrë gestalten. Net als nice-to-have, ma als feste Bestanddeel vun den allgemenge Strukture vum gesellschaftleche Liewen. Nëmmen esou kënne mir eng Stigmatiséierung evitéieren an eng Diskriminéierung verhënneren.

Inklusiv Kommunikatioun.

Eng ugepassten an informativ Kommunikatioun ass d’Essenz vun engem gudden Zesummeliewen. Mir setzen ons dofir an, datt all Bierger Accès zu all den Informatiounen aus der Gemeng huet – dat gëllt fir den normale Courrier, ma och fir den online Kontakt mat all den Administratiounen. D’Sprooch gëtt de Besoine vun de Matbierger ugepasst (Leichte Sprache, Gebäerdesprooch, Friemsproochen, Vierliesfunktioun op den digitale Kommunikatiounsinstrumenter,…)

Hëllef am Noutfall.

Fir eeler Mënschen a fir Leit mat enger Behënnerung kënnen Urgencë séier schlëmm Suiten hunn. Leit, déi schlecht oder net héieren, kënnen z.B. den Test-Alarm an der Gemeng net ëmmer héieren. Am Eeschtfall wier dat e grousse Problem. D’DP Gemeng Mamer wäert dofir suergen, datt déi Leit bei enger Urgence iwwer déi néideg Mesuren informéiert ginn an och bei de weidere Schréck ënnerstëtzt ginn.

Wéckeldëscher fir Fraen a Männer.

Am Sënn vun der Gläichberechtegung wäert d’D’DP Gemeng Mamer dofir suergen, datt Wéckeldëscher op ëffentlechen Toilette fir Fraen a fir Männer accessibel sinn.

Diversitéit am ëffentleche Raum.

Fir d’Gläichstellung vu Mann a Fra weider auszebauen, ass et noutwenneg, fir d’Siichtbarkeet vun de Fraen am ëffentleche Raum ze stäerken. Gemenge sollten deemno dofir suergen, datt reegelméisseg nei Stroossen no weibleche Perséinlechkeete benannt ginn. D’Diversifikatioun muss awer och an der Sprooch ausgebaut ginn: Net nëmmen d’Geschlecht, ma och aner sozial-kulturell Kategorie solle berücksichtegt ginn.

Eng propper a sécher Gemeng

D’Gemeng ass mat responsabel fir d’Sécherheet a fir d’Protektioun vum Bierger. D’Sécherheet – och an zemol déi gefillte Sécherheet – gehéiert zu de wichtegste Piliere vun der Liewensqualitéit. Sécherheet schaaft een net eleng duerch méi eng héich Policepräsenz, ma duerch e ganze Pak u Mesuren. Ugefaang mat enger positiver Wäertevermëttelung an der Schoul an an de Veräiner. D’Gemeng ënnerstëtzt déi Responsabel an deene Beméiungen. Sie suergt och fir déi appropriéiert Jugendariichtungen an eventuell fir Betreiungspersonal. Weider sollen d’Gemengen eng aktiv Präventiounspolitik mat der Police zesumme maachen. D.h. d’Mënschen iwwer Verbriechenspräventioun an iwwert déi gängeg Technike vun de Brigangen informéieren. Dat gëllt besonnesch fir eeler Leit.

Präventioun an de Jugendhaiser weider verstäerken.

Jugendhaiser bidden net nëmme sënnvoll Aktivitéiten un, ma och eng gesellschaftlech Jugend- a Preventiounsaarbecht an de Beräicher Schoul, Suchtkrankheeten, Kriminalitéit, physesch a mental Gewalt, Sexualitéit, Mobbing asw. Preventioun a punkto haislecher Gewalt. D’DP Gemeng Mamer wäert sech fir regional Ulafstellen asetzen, déi sech ëm Affer vu Gewalt bekëmmeren. D’DP Gemeng Mamer wäert mat Preventiounscampagnen op d’Vermeidung vu gewalttätegem Verhalen an op déi deementspriechend Betreiungsservicer opmierksam maachen.

D’Ëffentlechkeet sensibiliséieren.

D’Gemeng soll de Bierger iwwer d’Protektioun virun Abréch an iwwer d’Verkéierssécherheet informéieren. D’Opklärungscampagne sollen net just der Police iwwerlooss ginn – z.B. virun de Vakanzenzäiten. D’Gemeng kéint esou reegelméisseg Informatiounsversammlungen iwwer Plaze maachen, op deenen et besonnesch dacks zu Accidenter kënnt.

Beliichtung am ëffentleche Raum.

Déi ëffentlech Beliichtung ass net eleng do fir d’Verkéierssécherheet, ma si spillt och eng weesentlech Roll beim perséinleche Wuelbefannen a bei der allgemenger Sécherheet. Mir setzen eis fir en vernetzt an energieeffizient Beliichtungskonzept an, dat d’Verkéierssécherheet an d’Sécherheetsgefill verbessert.

Dat kommunaalt Policereglement an d’Sécherheetskonzept upassen.

Et ass wichteg, fir dat kommunaalt Policereglement an d’Sécherheetskonzept reegelméisseg ze préiwen an eventuell unzepassen. Am Dialog mat de Bierger (Biergerversammlungen) sollen d’Konzepter kontinuéierlech ugepasst ginn.

Biergerversammlungen zur Sécherheet.

D’DP Gemeng Mamer wëll reegelméisseg mat de Bierger iwwert d’Sécherheetslag diskutéieren. Op Basis vun deene Gespréicher wäerte mir e lokaalt Sécherheetskonzept mat der Police zesummen ausschaffen. Mir schaffen drop hin, dass d’Presenz vun der Police zemools an de Vakanzenzäiten verstäerkt gëtt, fir Haiserabréch ze vermeiden.

Méi Defibrillatoren am ëffentleche Raum.

Mir wëllen zousätzlech, einfach Defibrillatoren am ëffentleche Raum installéieren a reegelméisseg Course fir de Gebrauch offréieren. Et mussen och genuch Defibrillatoren dobaussen disponibel sinn Ausserdeem ginn d’ Defibrillatore mat QR-Code versinn, déi op Videoe verweisen fir ze wëssen, wéi en Defibrillator funktionéiert an ee sech verhale sollt bei engem Häerzstëllstand.

Eng propper Gemeng.

Propretéit ass eng wichteg Konditioun fir liewenswäert Uertschaften. Mir wäerten d’Aarbechtsschrëtt an d’Material vun de Gemengeservicer préiwen an eventuell upassen. Dozou gehéiere getrennten Dreckskëschten a genuch Hondstuten am ëffentleche Raum. Mir wäerten awer och Sensibiliséierungscampagnen an der Gemeng maachen, fir d’Bierger iwwer best practices fir e gutt Zesummeliewen z’informéieren.

Liichtverschmotzung reduzéieren.

Liichtverschmotzung huet Auswierkungen op d’Gesondheet vu Mënsch an Ëmwelt. D’DP Gemeng Mamer setzt sech fir e Beliichtungskonzept an de Gemengen an, an deem d’Liichtverschmotzung an den Uertschaften iwwerpréift gëtt. Eventuell Upassunge solle mam Sécherheetskonzept an der Gemeng ofgestëmmt ginn.

Lutte géint de Kaméidi.

Eng héich Belaaschtung duerch de Kaméidi wierkt sech negativ op d’Liewensqualitéit vun de Bierger aus. D’DP Gemeng Mamer wëll déi bestoend Kaméidi-Kaarten op de Leescht huelen a konkret Aktiounspläng ausschaffen an ëmsetzen fir de Kaméidi laanscht d’Verkéiersachsen ze reduzéieren, eventuell duerch d’Erofsetze vun der erlaabter Vitesse op bestëmmte Plazen.

D’Qualitéit vun der Loft am A behalen.

D’Loftqualitéit an der Gemeng muss reegelméisseg iwwerpréift ginn, fir eventuell verkéierstechnesch Géigemesuren ze decidéieren.

Zréck bei de Sommaire vum Walprogramm.