Mamer

Eise Walprogramm – Kapitel 2: Eng zukunftsorientéiert Gemengeninfrastruktur

Mobilitéit

D’DP wëll d’Weiche fir eng modern Verkéierspolitik stellen, déi de Bierger eng gutt Liewensqualitéit offréiert. De Schlëssel dofir läit an engem pragmateschen a vernetzte Mobilitéitskonzept, dat de Besoine vun de Leit ugepasst ass an hinnen déi néideg Fräiheet a Flexibilitéit gëtt, fir zouverléisseg vun A op B ze kommen. D’Stäerkung vum ëffentlechen Transport an de konsequenten Ausbau vu getrennte Fouss- a Vëlosweeër schafen d’Viraussetzung fir eng zoumuttbar Mobilité douce. Dat wäert dem Klima an der Qualitéit vum Kaméidi a vun der Loft zeguttkommen. Mir wäerten d’Sortie aus de fossillen Energien ë.a. duerch den Ausbau vu Borne fir E-Autoen an E-Vëloen erliichteren.

Verkéiersentwécklungsplang.

Fir d’Gemeng a Saache Mobilitéit fit fir d’Zukunft ze maachen, soll e Verkéiersentwécklungsplang ausgeschafft ginn. Dës laangfristeg Strategie wäert an Zesummenaarbecht mat den Acteuren aus der Mobilitéit a mat de Bierger geschéien.

Verkéiersberouegung an eisen Uertschaften.

Duerch d’Aféiere vu Shared Spaces kënne mir eis Gemeng méi mënschefrëndlech a méi lieweg gestalten. Mir wëllen de Shared Space Projet am Kär vu Mamer an de Reaménagement vun der Areler Strooss beim Campus op der Cap realiséieren. Zu verkéiersberouegende Mesuren gehéieren och intelligent Apparater wéi Rout Luuchten, déi automatesch rout ginn, wann een ze schnell fiert, beliichten Zebrasträifen a smart Ralentisseuren, déi Autofuerer drop opmierksam maachen, dass si mussen ofbremsen.

Busarrête mat digitalen Ecranen.

Leit, déi mam Bus fueren, waarden ze dacks um Arrêt, ouni Informatiounen iwwer d’Departen an iwwer Verspéidungen. Fir den ëffentlechen Transport méi attraktiv ze maachen, setzt d’DP Gemeng Mamer sech dofir an, datt méiglechst vill Busarrête iwwerdaacht a mat digitalen Ecranen equipéiert ginn, déi mat Solarstroum gespeist ginn.

Den ëffentlechen Transport nuets méi attraktiv maachen.

Besonnesch am Nuetsliewen ass den Auto dacks onëmgänglech. D’DP wäert d’Offer u Nuetsbussen an -zich ausbauen. Zousätzlech wëll d’DP d’Aféierung vu Shuttelbussen op Busarrêten a Garen iwwerpréiwen.

Fir e fléissenden Traffic an eiser Gemeng.

Déi sougenannte Gréng Well vun de Stroosseluuchte suergt a ville Stied am Ausland fir e fléissenden Trafic. Déi Gréng Well bedeit, dass Autofuererinnen an Autofuerer, déi sech un d’virgeschriwwe Vitesse halen, domat kenne rechnen, dass déi rout Luuchten op gréng sti, wa si gefuer kommen. D’DP gesäit an dëser Mesure e wichtege Mosaiksteen vu enger effizienter Verkéiersorganisatioun.

Verkéierssécherheet.

A vill befuerenen Uertschaften, an den Entréeë vun der Gemeng an bei Schoule wëll d’DP Gemeng Mamer Verkéiersluuchten, déi presséiert Automobilisten ofbremsen.

Beliichtung vun de Foussgängerweeër.

Zemol am Wanter spillt d’Beliichtung eng wichteg Roll bei der Verkéierssécherheet. D’DP Gemeng Mamer wäert garantéieren, datt z.B. alleguerten d’Weeër, wou d’Foussgänger d’Prioritéit hunn, genuch beliicht sinn an d’Foussgänger gutt ze gesi sinn. Och méi breet Trottoiren a méi enk Stroossen droen zu enger besserer Sécherheet bäi. D’DP Gemeng Mamer wäert dofir kucken, wou esou Mesurë Sënn maachen.

Sécher Schoulweeër.

Egal ob zu Fouss, mam Vëlo oder mat der Trottinette; mir wëllen, datt de Schoulwee fir all d’Schüler machbar a sécher ass. Dozou gehéiere breet, iwwersiichtlech a gutt beliichte Fouss- a Vëlosweeër, e Schoulbus op Féiss (Pedibus), respektiv mam Vëlo, a reegelméisseg Opklärungscampagnen. Mir wëllen zur Sécherheet vu jidderengem e begrenzte Kiss & Go-Stopp aféieren, well et ëmmer wäert Eltere ginn, déi hir Kanner aus verschiddenen Ursaache mam Auto an d’Schoul féieren.

Sécher Fouss- a Vëlosweeër.

D’DP Gemeng Mamer wäert déi kommunal Vëlosweeër konsequent ausbauen a wa méiglech vun de Stroossen trennen. Esou solle  wichteg Plazen am Kär vun den Uertschaften mam Vëlo accessibel an d’Connectioun mat den Uertschafte ronderëm a mat den nationale Vëlospiste garantéiert sinn.

Vëlospisten ausbauen.

D’DP Gemeng Mamer wëll den Tracé vun de Vëlospisten an den Uertschaften op de Leescht huelen a kucken, ob Stroosse sollen zugonschte vu Vëlosweeër Plaz maachen. D’Verréngerung vum Kaméidi a vun den Ofgase géing op ville Plazen e Méi u Liewensqualitéit bedeiten.

Vëlosboxen a Vëlosparkplazen.

Zur Fërderung vun der aktiver Mobilitéit gehéieren och nei Vëlosboxen a Vëlosparkplazen am ëffentleche Raum an a Schaff- a Wunngebidder. Grad ewéi d’Installatioun vu sougenannte Vëlosatelieren / Bikestations. An Zesummenaarbecht mat Nopeschgemenge wëll d’DP och e Locatiounssystem fir Vëloen, fir Cargo-Vëloen, respektiv E-Trottinetten aféieren oder d’Offer ausbauen. Vëlosboxe sollen op Transitgaren kommen.

Ausbau vu Park&Ride.

Mamer brauch e grouss Park & Ride, deen optimal un d’Garen ugebonnen ass. Mir wäerten direkt kucke, wéi eng Plaze sech dofir eegnen an drop drängen, dass déi Infrastruktur sou ekologesch wéi méiglech gebaut gëtt.

Parking-App.

D’DP wäert eng Gemengen-App aféieren oder Ecranen opriichten, ob deenen d’Bierger zu all Ament den Iwwerbléck iwwer déi disponibel Parkplazen an der Gemeng hunn.

Kuerzzäit-Parkplazen.

Fir de Commerce z’ënnerstëtzen, soll an der Géigend vu Geschäfter e gratis Kuerzzäitpark-System mat enger digitaler Parkauer agefouert ginn. Vëlosparkplaze sollen déi Offer sënnvoll ergänzen.

Barrièrefräiheet garantéieren.

D’DP setzt sech dofir an, datt all Busarrêten a soss Verkéiersinfrastrukturen esou séier ewéi méiglech barrièrefräi ginn, fir datt Leit mat enger kierperlecher Behënnerung kënnen ouni Problem den ëffentlechen Transport huelen. Och wäerte mir dofir suergen, dass Busarrëte barrièrefräi ginn an och Leit am Rollstull sech bequeem dorop beweege kënnen.

Elektromobilitéit fërderen.

Fir dem Bierger de Wiessel op déi emissiounsfräi Mobilitéit z’erliichteren, wäert d’DP dofir suergen, datt op allen ëffentleche Parkingen an an der Géigend vu Geschäfter méiglechst genuch Elektro-Bornen disponibel sinn.

Och Borne fir Pedelecs opzelueden sollen et op méi Plazen an der Gemeng ginn.

D’Mobilitéit vun der Gemengeverwaltung méi nohalteg gestalten.

D’DP wäert de Wiessel op eng klimafrëndlech Mobilitéit vun der Gemengeverwaltung acceleréieren an de ganze Fuerpark op eng CO2-neutral Mobilitéit (Elektro- a Waasserstoff-Gefierer, E-Fuel) ëmstellen.

Carsharing méi fërderen.

De Réckgrëff op d’Flex-Carsharing-Léisung vun der CFL soll op méi Plazen an der Gemeng méiglech sinn.

Méi Livraisounsplazen.

D’DP setzt sech fir speziell Liwwerparkplaze laanscht vill befuere Stroossen an, fir den Trafic esou mann ewéi méiglech ze behënneren. Doriwwer eraus wëlle mir konsequent géint d’Zouparke vun Trottoiren, Entréeën a Vëlospiste virgoen.

Wunnen

Bei der Lutte géint d’Wunnengskris dréit di ëffentlech Hand eng besonnesch Responsabilitéit, och an de Gemengen. D’DP wëll der steigender Nofro no bezuelbarem Wunnraum mat enger méi séierer Mobiliséierung a Fërderung vun alternative Wunnformen entgéint kommen. Ma mir ënnerstëtzen och d’Zesummenaarbecht vun ëffentlechen a private Bauträger. Dobäi wäerte mir och déi ökologesch Aspekter méi staark berücksichtegen.

Bezuelbare Wunnraum schafen.

D’DP Gemeng Mamer wëll de soziale Wunnengsbau ausbauen. De geschafene Wunnraum an d’Terrainen an ëffentlecher Hand sollen an éischter Linn jonke Familljen a Stéit iwwert de Wee vun Ierfpacht oder Locatioun zegutt kommen.

Proaktiv Terraine kafen.

Fir d’Offer un accessibele Wunnengen an de Gemengen z’erhéijen, wäert d’DP Gemeng Mamer proaktiv Leit a Betriber uschwätzen, déi hir Terrainen net bebauen. Mam Zil, fir déi Terrainen ze kafen oder awer fir se fir eng Zäit ze pachten, fir Modularbauten drop ze setzen.

Terraine mobiliséieren a Wunnprojeten ëmsetzen.

Amplaz Gemengenterraine brooch leien ze loossen, wëll d’DP Gemeng Mamer se séier mobiliséieren, fir kuerzfristeg bezuelbare Wunnraum ze schafen. En Deel vun dësen Terraine soll Baukooperativen per Ierfpacht zur Verfügung gestalt ginn. An esou Baugenossenschafte sinn alleguerten d’Awunner an engems Proprietären a kënnen esou matbestëmmen, wat an hirem Wunnkomplex geschitt. Esou Genossenschafte si net profit-orientéiert an erhéijen déi sozial Mixitéit a bestoende Wunnquartieren.

Zuel vu virgeschriwwe Parkplazen iwwerdenken.

A ville Gemenge si beim Bau vu Residenzen eng gewëssen Unzuel vu Parkplaze pro Wunnunitéit virgeschriwwen. D’DP Gemeng Mamer wëll préiwen, ob esou rigid Virgabe nach Sënn maachen, wann d’Gebai gutt un den ëffentlechen Transport ugebonne ass. An ob een an deem Fall net kéint d’Virschrëfte manner streng ausleeën. Weider sollen d’Vëlosparkplazen e gudden Accès zur Strooss hunn.

Méigeneratiounshaiser fërderen.

Méigeneratiounshaiser sinn oppe Lieux de rencontre oder Wunnengsensemble fir Mënsche vun all Alter; mat ënnerschiddlechen Originnen a mat verschiddene kulturellen Hannergrënn. D’DP Gemeng Mamer wäert d’Grënnung vun esou Haiser ënnerstëtzen an domadder den Zesummenhalt queesch duerch d’Generatiounen an der Gemeng stäerken. Weider wëlle mir kucken, wéi ee fërdere kann, datt eng zweet Famill an en Eefamilljenhaus wunne geet. Och dat stäerkt de Matenaner vun de Kulturen a Generatiounen a géing d’Lutte géint de Wunnengsmanktem fërderen. Eeler Leit sollen sou laang wéi méiglech an hirer Gemeng kënne wunne bleiwen.

Behënnertegerecht Wunnengen.

D’DP Gemeng Mamer setzt sech an fir en alternatiivt, flexibelt, behënnerten- an altersgerecht Wunnen. D’Gemeng soll eng Primm ginn fir behënnertegerecht Ariichtungen. Si soll souguer e Concours ausriichten fir déi beschte Léisungen an d’Vitrinn ze stellen.

D’DP Gemeng Mamer wëll bei gréissere Lotissementer alternativ Wunnforme mat aplangen an dofir suergen, datt sozial a medezinesch Infrastrukturen direkt an der Noperschaft sinn.

Alternativ Wunnforme fërderen.

D’DP wäert d’Bautereglement an der Gemeng upassen, fir alternativ Wunnformen, ewéi Wunngemeinschaften oder de Bau vun Tiny houses z’erméiglechen. Mir wäerten eng Plaz no beim Zentrum vu Mamer fir Tiny houses ausweisen mat enger exzellenter Ubannung un den ëffentlechen Transport. D’Bautereglement insgesamt muss op den neiste Stand bruecht ginn.

En urbanistescht Konzept fir Mamer.

Mir wëllen zesumme mat de Biergerinnen a Bierger iwwer en urbanistescht Konzept fir d’Zukunft vu Mamer entwéckelen. Mir wëlle qualitativ héichwäerteg bauen an no bei de Verkéiersinfrastrukturen.

Jugendwunnengen.

D’DP Gemeng Mamer wëll Wunnenge fir jonk Leit schafen, déi sech keng Wunneng um normale Marché leeschte kënnen. Kleng miwweléiert Studioe fir en accessibele Präis sollen deene Jonken hire Wee an e selbststännegt Liewe méi einfach maachen.

Autofräi Quartieren.

Bei neie Lotissementer wäert d’DP Gemeng Mamer op e Raumnutzungkonzept setzen, dat den ëffentleche Raum prioritär fir d’Mënsche virgesäit. D.h. amplaz vu ville private Parkplaze sollen déi Parkplazen zentraliséiert ginn. Si géifen esou – ausser fir Livraisounen – gréisstendeels aus dem Quartier verschwannen. Ausserdeem sollt ee bei neie Projete kucken, op net Lift-Parkinge méiglech sinn.

Zréck bei de Sommaire vum Walprogramm.