Mamer

Eise Walprogramm – Kapitel 3: Eng nohalteg Gemeng

Energie a Klima

Fir en effiziente Klimaschutz, mussen alleguerten d’Acteuren un engem Strack zéien. D’Gemengen hunn hei eng besonnesch Responsabilitéit an domadder eng Virbildfunktioun. D’DP wëll de Klimaschutz op lokalem Niveau dofir konsequent stäerken. Mir wëllen d’Gemenge mëttelfristeg ganz klimaneutral kréien. Mir wëllen déi erneierbar Energien ausbauen, déi kommunal Gebaier energeetesch sanéieren an d’Energieeffizienz steigeren. An deem Kontext mécht d’DP sech och staark fir en doucen Ëmgang mat eisen natierleche Ressourcen a wäert de Prinzip vun der Kreeslafwirtschaft an alle Hisiichte respektéieren. De Bierger soll och duerch Sensibiliséierungscampagnen an duerch geziilten Hëllefe fir klimafrëndlech Mesure méi staark agebonnen an ënnerstëtzt ginn.

Virbildfunktioun.

Déi ëffentlech Hand muss hirer Virbildfunktioun a punkto erneierbaren Energien an Energieeffizienz gerecht ginn an op deementspriechend Technologien ëmstellen. D’DP erhofft sech doduerjer e Schub fir d’Produktioun a fir d’Erfuerschung vun erneierbaren Energien.

Greening vun der Gemeng.

D’Klimakris ass en Challenge fir eis Stied an Dierfer. Eng adaptéiert Beplanzung hëlleft besonnesch am Summer fir d’Temperaturen am ëffentleche Raum ze reduzéieren an esou d’Liewensqualitéit vun de Biergerinnen a Bierger ze verbesseren. D’DP Gemeng Mamer wäert – do, wou et méiglech ass – hëllefen, fir Gebaier an Diecher ze beplanzen. Mier wëllen eng Campagne dofir maachen. D’Biergerinnen a Bierger sollen och op eng Berodung bei der Gemeng zréckgräife kënnen, fir déi richteg Beplanzung ze plangen.

Drénkwaasserspender.

D’DP Gemeng Mamer wäert op ëffentlechen a vill frequentéierte Plazen (Parken, Spillplazen, Hondsterrain) fräi accessibel Drénkwaasserspender opstellen.

Parrainage fir ëffentlech Gréngflächen a Infrastrukturen.

D’DP Gemeng Mamer wëll ëffentlech Gréngflächen an Infrastruktur fir Patenschaften opmaachen. Engersäits sollen d’Bierger, Schoulen oder Betriber d’Méiglechkeet kréien, fir sech éierenamtlech ëm d’Beplanzung an d’Fleeg vu Gemeinschaftsgäert, Blummebeeter, Planzebacken, asw. ze bekëmmeren. Anerersäits sollen z.B. Entreprise kënne Parrainage vun Infrastrukturen (ë.a. Drénkwaasserspender oder Bänken) iwwerhuelen.

Ausbau vu klimaneutraler Stroumversuergung.

D’DP Gemeng Mamer wëll d’Méiglechkeete fir d’Produktioun vun erneierbaren Energien an der Gemeng voll ausnotzen. All ëffentlech Gebaier (Gemeng, Schoul, Sportshal, asw.) sollen esou séier ewéi méiglech mat lokal produzéiertem Stroum versuergt ginn. Mir wäerten dofir d’Installatioun an d’Notzung vu Photovoltaik-Anlagen op den Diech vu Gemengegebaier konsequent ausbauen. D’Iwwerproduktioun kéint eventuell verkaf an an d’Stroumnetz agespeist ginn.

Photo: Pixabay

Méi Luucht, manner Energie.

D’Stroossebeliichtung mécht e substantiellen Deel vun eisem Stroumverbrauch aus. D’DP Gemeng Mamer wëll all Gemengebeliichtung  op déi energieeffizient LED-Technologie ëmstellen a wa méiglech mat engem Dimmer a mat Beweegungssensoren equipéieren.

Bierger abannen a sensibiliséieren.

Op Basis vum nationale Klimabiergerrot, wëll d’DP d’Bierger och op lokalem Niveau méi staark beim Ausschaffe vu konkreten, klimapolitesche Mesuren abannen. D’DP Gemeng Mamer wäert och reegelméisseg Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagne fir Erwuessener, Jugendlecher a fir Kanner organiséieren.

Energieberodung.

Zousätzlech zu den nationale Berodungszenteren, ewéi der Klimaagence, wäert d’DP Gemeng Mamer d’Berodungsoffere fir privat Stéit a fir Betriber ausbauen. Duerch Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagne soll iwwerdeems och d’Gemengepersonal zum Energiespueren animéiert ginn. En Energieberoder vun der Gemeng soll de Biergerinnen a Bierger sou konkret wéi méiglech soe kënnen, wat fir eng Käschten an Aspuerunge si bei hiren Energierspuerprojeten erwaarden.

Klima- an ëmweltfrëndlecht Bauen.

D’DP Gemeng Mamer wäert dofir suergen, datt all kommend Bauprojeten dem héchsten energeetesche Stand entspriechen. Bei Gemengegebaier soll besonnesch op ëmweltfrëndlecht Baumaterial, wéi z.B. Holz, an op eng Planung nom Prinzip vun der Kreeslafwirtschaft uecht gedoe ginn.

Energeetesch Sanéierung.

D’DP Gemeng Mamer setzt sech fir en allgemengen Investitiounsprogramm op alle Verwaltungsniveauen an, fir ëffentlech Ariichtungen energeetesch ze sanéieren.

Klimafrëndlech Subventiounen ausbauen.

Zousätzlech zu de staatleche Subventioune fir erneierbar Energien, fir energeetesch Sanéierung oder klimaneutral Mobilitéit, wäert d’DP Gemeng Mamer op Gemengenniveau d’Subventiounen upassen, resp. neier aféieren, fir esou weider staark Ureizer fir d’Bierger ze schafen. Och de Kaf vun energieeffizienten Haushaltsapparate soll gefërdert ginn, besonnesch fir akommesschwaach Stéit.

Héchst Zertifizéierung beim Klimapakt 2.0.

Mamer ass Member vum Klimapakt 2.0. Mier wäerten dorops hi schaffen, dass eis Gemeng déi héchsten Zertifizéierung fir virbildlech Klimaschutzmoossname kritt.

Nohalteg Ressource gebrauchen.

D’DP setzt sech dofir an, datt Wueren a Servicer, déi vun de Gemenge kaf ginn, méiglechst héijen Ëmwelt-, Sozial- a Governance-Krittären (ESG) entspriechen. D’Gemeng soll Projeten ënnerstëtzen fir Gebaier aus recycelte Materialien opzeriichten. Och d’Uschafen an d’Installatioun vu Reewaassertanke solle vun der Gemeng ënnerstëtzt ginn.

Soumissiounen no Nohaltegkeetskrittären.

Zousätzlech zu den übleche finanzielle Krittäre bei ëffentlechen Ausschreiwungen, sollen och Facteuren ewéi Ëmweltverdréiglechkeet, Kreeslafwirtschaft, schounende Waasserverbrauch an Energieeffizienz an d’Konditioune vun de Soumissiounen agebaut ginn.

Antigaspi-Gemeng.

Een Drëttel vun de Liewensmëttel op der Welt gëtt ewechgehäit, wärend vill Leit op der Welt Honger leiden an et Enkpäss bei der Versuergung mat Weess gëtt. Niewent eiser ethescher Verflichtung, fir sech deem Problem unzehuelen, dierf dobäi och net déi ökologesch Dimensioun vum Problem vergiess ginn. D’DP Gemeng Mamer wäert dofir suergen, datt d’Gemeng d’Bierger iwwert d’Campagne antigaspi.lu zu deem Thema sensibiliséiert. Weider fërdert d’DP d’Zesummenaarbecht vun der Gemeng mat den Acteure vum Foodsharing.

Nohalteg Notzung vun de Bëscher.

Mir ënnerstëtzen déi nohalteg Neesopforstung a Bewirtschaftung vum Bësch, z.B. als Energiequell fir Holzhackschnëtzelheizungen oder fir klassesch Holzheizungen. Doriwwer eraus setze mir eis dofir an, datt déi nohalteg Forstwirtschaft mat der regionaler Wirtschaftsentwécklung verknëppt a gefërdert gëtt; ë.a. fir wäit Transporter ze vermeiden.

Aktive Buedemschutz.

Den aktive Schutz vum Buedem gehéiert zu den absolutte Prioritéiten am Ëmweltberäich. D’DP wäert net nëmme verhënneren, datt den Zoustand vun eise Biedem sech weider verschlechtert, ma mir wäerten och dofir suergen, datt déi scho verknaschte Biedem sanéiert ginn. Fir eng qualitativ héichwäerteg Drénkwaasserversuergung ass en effiziente Quelleschutz absolut noutwenneg.

Biodiversitéit schützen.

Och op lokalem Niveau spillt d’Widderstandsfäegkeet vun eisen Ökosystemer eng immens wichteg Roll. Dofir wäert d’DP Gemeng Mamer den Asaz vu Planzeschutzmëttel reduzéieren, d’Uertschafte méi begréngen, Gemengewisen a Gréngfläche laanscht d’Stroossen dem Fauchage tardif no ënnerhalen a lokal Biotopen, ewéi Fiichtwisen, protegéieren an renaturéieren.

Alternativen zur Buedemversigelung ausbauen.

D’DP Gemeng Mamer wëll bei ëffentlechen Infrastrukturen, ewéi z.B. beim Bau vun neie Parkplazen, méiglechst op Flächeversigelung verzichten a se duerch Eco-Parkplazen ersetzen. Déi Formule mat hire Wuesgittere léisst d’Waasser nämlech an de Buedem duerchlafen.

Méi op Reewaasser zeréckgräifen.

Och Lëtzebuerg leit ëmmer méi ënner Waassermanktem. Bei Sanéierungen a beim Neibau vu kommunalen Ariichtunge wëlle mir dofir Systemer fir d’Opfänke vu Reewaasser aplangen, dat da fir d’Sanitäranlage gebraucht gëtt. D’DP Gemeng Mamer ënnerstëtzt d’Konzept vum Modell Sponge city, bei deem d’Reewaasser lokal opgefaangen a gespäichert gëtt, amplaz datt et just kanaliséiert an oflafe gelooss gëtt. Esou kënnen ë.a. och d’Beem am ëffentleche Raum bewässert ginn.

Héichwaasserschutz verbesseren, Waasserleef renaturéieren.

Déi lescht Joren hunn eis d’Wichtegkeet vum Héichwaasserschutz op eng dramatesch Manéier gewisen. D’DP Gemeng Mamer wäert en ëmfaassend Konzept fir den Héichwaasserschutz entwéckelen an zemol d’Renaturéierung vun de Waasserleef an de Gemengen virundreiwen. An engems wäert d’DP Gemeng Mamer an d’Protektioun vun Objeten investéieren, fir menacéiert Gebaier beschtméiglech op all Risike virzebereeden, zum Beispill duerch mobil Schleisen. D’DP wäert och grouss, ënnerierdesch Waassersammelbecken uleeën, an déi d’Waasser bei staarkem Reen kann opgefaange ginn, fir esou Iwwerschwemmungen ze verhënneren. Déi Reserve kënnen dann an Drécheperioden z.B. fir d’Netze profitéiert ginn.

Gewässerschutz verbesseren.

Et kënnt ëmmer erëm zu Pollutioune vun eise Gewässer, wat eng substantiell Belaaschtung vun der Waasserqualitéit a vun der Flora&Fauna bedeit; sief et duerch Chantieren, sief et duerch illegal Offallentsuergung. D’DP Gemeng Mamer wäert sech dofir asetzen, datt de Pollueur méi ferm zur Rechenschaft gezu gëtt. Mir wäerten och reegelméisseg Aktiounsdeeg organiséieren. D’Gemeng soll, a Collaboratioun mat allen Acteuren, Quelle schützen.

Zréck bei de Sommaire vum Walprogramm.