Mamer

Eise Walprogramm – Kapitel 4: E liewenswäert a modernt Liewen an der Gemeng

Eng digital, biergerno an transparent Gemeng

D’DP wäert voll vum Potenzial vun der Digitaliséierung profitéieren an de Fortschrëtt an den Déngscht vun de Bierger stellen.

Eng smart Gemeng.

D’DP Gemeng Mamer wëll d’Iddi vun der Smart City ausbauen a vum Potenzial vun der vernetzter Gemeng voll ausschëpfen – ouni Kompromësser beim Dateschutz anzegoen. Eis Gemeng soll dofir eng Schäffin oder e Schäffen hunn, dee fir de Beräich Digitaliséierung responsabel ass.

Gratis surfen.

D’DP Gemeng Mamer wäert de Bierger an den Touristen op staark frequentéierte Plazen Accès zu engem gratis a stabelen Internet ubidden. Dat verbessert d’Attraktivitéit vun der Gemeng.

Ausbau vum Glasfaser-Reseau.

Den Accès zu séierem Internet ass eng Grondviraussetzung, fir den digitale Wandel an der Aarbechtswelt méiglech ze maachen. D’DP setzt sech fir e flächendeckend High-speed-Netz fir d’Bierger, d’Betriber an d’Schoulen an.

Liicht verständlech a méisproocheg Kommunikatioun.

Mir wäerten alles ënnerhuelen, fir d’Sproochebarrièren hei am Land z’iwwerwannen an d’Kommunikatioun mat de Bierger esou einfach a verständlech ewéi méiglech ze halen. Dozou gehéiert och d’Disponibilitéit vu liicht accessibelen a méisproochegen Internetsäite vun de Gemengen. D’Kommunikatioun soll och der demographescher Realitéit an der Gemeng entspriechen. Et solle Gruppe vu Leit zesumme gesat ginn, fir déi Kommunikatiounsoffer ze testen. Mamer TV soll esou reforméiert ginn, dass nieft de politesch Responsabelen och d’Biergerinnen a Bierger méi zu Wuert kommen. Och hei soll eng méisproocheg Approche an d’Entwécklung vum neie Konzept afléissen.

D’Diversifikatioun an der Kommunikatioun weiderentwéckelen.

Als DP setze mir eis weider fir eng modern, digital, inklusiv, interaktiv an zilorientéiert Kommunikatioun an de Gemengen an. Jiddereen, dee sech informéiere wëll, muss och méiglechst séier Accès zu all den Neiegkeeten hunn. Als DP wëlle mir all Kommunikatiounsforme fërderen (SMS2Citizen, Newsletter, sozial Medien, Homepage, Gemengen- an Noperschafts-App) an un déi digital Ufuerderungen adaptéieren. D’Kommunikatioun leeft awer net just iwwer den Internet. Dofir wëlle mir op strategesch wichtege Plazen grouss Ecranen opriichten, déi wesentlech Neierungen an Evenementer an der Gemeng annoncéieren.

Walbedeelegung vun den auslännesche Matbierger bei de Gemengewale stäerken.

D’DP Gemeng Mamer wäert den auslänneschen Awunner bei hirer Umeldung op der Gemeng direkt offréieren, fir sech an d’Gemengen- an an d’Europawallëschten anzeschreiwen a si iwwert déi domadder verbonne Rechter a Flichten z’informéieren.

E-Verwaltung ausbauen.

An de leschte Joren ass scho vill geschitt, fir datt déi meescht administrativ Demanden un d’Gemenge kënnen online gemaach ginn. D’DP wäert déi digital Administratioun weider a méi séier ausbauen an iwwerall méiglech maachen. Doriwwer eraus soll all Zort vun net-perséinlechen, administrativen Dokumenter a vu politeschen Decisioune kënnen op der Internetsäit vun der Gemeng ofgeruff ginn. Weider sollen all Paiementer (Rechnungen, Steiertimberen, asw.) kënne mat der Kreditkaart oder mat enger Mobilepayment- App méiglech sinn. Mir wäerten d’Websäit www.mamer.lu an deem Sënn komplett iwwerhuelen an se zu enger moderner Plattform ausbauen, déi fir jiddereen accessibel ass. Anengems soll d’Mamer-App esou weider entwéckelt ginn, dass all Informatiounen an Demarchen och iwwer de Wee zougänglech gemaach ginn. D’Biergerinnen a Bierger sollen d’Méiglechkeet kréien, fir automatesch um Lafende gehalen ze ginn iwwer administrativ Neierungen, iwwer politesch Decisiounen oder iwwer d’Manifestatiounskalenneren. D’Biergerinnen a Bierger solle wiele kënnen, ob si de Gemengebuet an digitaler Form oder an Drockform bezéie wëllen.

Eng Gemeng mat engem oppenen Ouer.

Transparenz an Accessibilitéit vum Buergermeeschter a vum Schäfferot vis-à-vis vun de Bierger sinn essentiel. Mir wäerte reegelméisseg Biergerspriechstonnen a -versammlungen organiséieren, an deenen d’Bierger kënnen hir Suergen, Problemer a Virschléi ënnerbreeden. Mir stelle sécher, datt all Propose a kuerzer Zäit vun der Verwaltung professionell gekuckt gëtt.

Biergerparticipatioun ausbauen.

Als DP Gemeng Mamer wëlle mir d’Biergerbedeelegung weider fërderen an domadder déi participativ Demokratie stäerken. An deem Sënn sollen d’Bierger nei Projete virschloen an doriwwer mat de Gemengeresponsabelen diskutéiere kënnen. All Awunner kënnen an hirem Numm, als Kollektiv oder als Veräin e Projet areechen, dee graff gesot, zur Verschéinerung an zur Verbesserung vum Liewen an de Gemenge bäidroe soll.

Digitale Rattrapage.

Vill Leit hu Problemer mat den neien Technologien. Fir datt si net den Uschloss verléieren, sollen d’Gemenge Coursen ubidden, fir déi Leit fit ze maache fir déi digital Welt. D’Gemeng soll awer och eng Plattform ubidden, déi Leit zesumme bréngt, déi digital Hëllef brauchen a Leit, déi Ënnerstëtzung kënnen ubidden.

Eng professionell Verwaltung an all de Gemengen.

Fir d’DP ass d’Gemeng eng zouverlässeg Kontakt- a Serviceverwaltung. Fir de sëllegen Aufgabe gerecht ze ginn, wäert d’DP Gemeng Mamer an d’Professionaliséierung an an d’Weiderbildung vum ganze Personal investéieren.

Flexibel Aarbechtsmodeller fërderen.

D’DP Gemeng Mamer wëll dem Changement an der Aarbechtswelt Rechnung droen an dem Wonsch vu ville Gemengebeamten no  flexibelen Aarbechtsmodeller an no enger besserer Vereenbarkeet vu Beruff a Famill nokommen. Deelweisen Homeoffice soll do méiglech sinn, wou et Sënn mécht.

Livestreaming vun de Gemengerotssëtzungen.

Fir d’DP muss all interesséierte Bierger kënnen d’Sëtzunge vum Conseil suivéieren. Mir setzen eis dofir an, datt all Sëtzung soll gefilmt a live oder zäitversat am Internet iwwerdroe gëtt.

Betriber

Mëttelstänneg Betriber sinn de Réckhalt vu gesonde Gemengen an droen zum groussen Deel zur Attraktivitéit an zur Beliewung vun den Dierfer a Stied bäi. Dofir verdéngen den Erhalt an d’Implantatioun vun Entreprisen a Geschäfter déi ganz Opmierksamkeet vun der Gemengepolitik. D’DP trëtt och ganz kloer fir d’Fërderung vum Eenzelhandel – och am ländleche Raum – an.

Erhalt vum Eenzelhandel.

D’DP setzt sech dofir an, datt de Wee zu essenziellen Akeef a Servicer fir de Bierger esou kuerz ewéi méiglech bleift. Mir wäerten eis weider fir den Erhalt vum Eenzelhandel an den Uertschaften asetzen. Wou dat net méiglech ass, wäerte mir eis am Dialog fir den Ausbau vun alternative Modeller asetzen (mobil Filialen, ambulante Verkaf). Mir wäerten testen, wéi geséchert Distributeuren mat Basis-Wueren aus lokaler a regionaler Produktioun op strategesche Plazen an der Gemeng ugeholl ginn a si perenniséiere, wann déi Offer positive opgeholl gëtt. Lokal Mäert sollen am Zentrum vun den Dierfer stattfanne.

Schafe vun engem lokalen Entreprener-Forum.

Mir wëllen zu Mamer eng Plattform mat den Entreprisen a Geschäfter – eventuell mat dem Geschäftsverband – organiséieren, an där si sech kënnen iwwer hir Uleies austauschen. Reegelméisseg soll zu Mamer en Jobdag organiséiert ginn, fir lokal Betriber mat Aarbechtssichender an der Gemeng an an der Regioun zesummenzebréngen.

Industrie- an Handelszone weider fërderen.

D’DP wëll weider op kommunal an op regional Industrie- an Handelszone setzen, an deene sech schonn etabléiert Entreprisen entwéckelen an nei Aktivitéiten unzéie kënnen. Et ass eis wichteg, datt déi Zonen effikass un de Stroossereseau, de Bus, den Zuch, asw. ugebonne sinn, an dass esou kee Pendlertrafic an den Uertschaften entsteet.

Startup-Entreprisen ënnerstëtzen.

Startup-Firmen hunn et net einfach, fir sech anzwousch z’etabléieren. Dacks feelt et hinnen um néidege Kapital an un der Plaz. Dofir wëlle mir jonken an innovative Startuppen a lokalen Handwierksbetriber en Deel vun de kommunalen Aktivitéitszonen a Büroe gënschteg zur Verfügung stellen.

Sharing economy.

D’DP wäert dofir suergen, datt d’Gemengen – eventuell a Kollaboratioun mat Nopeschgemengen – Strukture schafen, an deenen d’Leit sech kënnen Haushaltsapparater, Maschinnen oder Geschier (z.B. Buerer, Méimaschinn,…) léinen oder selwer verléinen. D’DP Gemeng Mamer wäert och lokal Initiativen an deem Sënn ënnerstëtzen.

Repair-Caféë fërderen.

Am Sënn vun der Schounung vun den Ressourcen a vun der Kreeslafwirtschaft soll d’Flécke vun Apparaten a vu soss Gebrauchsgéigestänn gefërdert ginn. D’DP Gemeng Mamer ënnerstëtzt d’Repair Caféen – an deenen een net nëmmen esou Géigestänn ka flécke loossen, ma dat och léiere kann. Esou Repair-Caféë bréngen och d’Leit beienaner.

Coworking spaces ausbauen.

Coworking spaces gëllen als Plaze mat engem héije Potenzial un Innovatioun a ginn als Alternativ zum Homeoffice oder zur klassescher Aarbechtsplaz ëmmer méi wichteg. Besonnesch well een esou de Pendlertrafic ka reduzéieren. D’DP Gemeng Mamer wëll d’Potenzial vun dëser neier Form vum Zesummeschaffen ausnotzen an ausbauen a kucke, wou esou Coworking-Spaces schnell kënnen zur Verfügung gestallt ginn.

Pop-up stores.

Fir eppes géint eidel Geschäftsraim am Kär vun den Uertschaften z’ënnerhuelen, fir nei Commercen unzezéien an den Zentrum vun de Gemengen ze beliewen, setzt d’DP Gemeng Mamer verstäerkt dorobber, datt Geschäfter esou Raim kënne fir eng begrenzten Zäit notzen.

Gemengefinanzen

D’DP steet fir eng prevoyant Finanzpolitik a Form vun enger mëttelfristeger Finanzplanung.

Effiziente Budgetsmanagement.

D’DP setzt sech fir eng effikass Ausgabepolitik an de Gemengen an a wëll – iwwer sougenannte Screeningen an (inter-)kommunal Akafszentralen – zousätzlech Mëttel fir nei Initiativen an Investitioune schafen. Mir si fir eng responsabel Verschëldungspolitik an de Gemengen. D’Verschëldungscapacitéite sollen nëmmen da genotzt ginn, wa spezifesch Investitiounen an d’Zukunft vun der Gemeng a vun hire Bierger noutwenneg sinn. Dobäi dierfen d’Nofolgekäschte fir de Budget op kee Fall aus den Ae verluer ginn.

Alternativ Finanzéierungsmodeller.

Als DP si mir dovunner iwwerzeegt, datt vill Potenzial an der ëffentlech-privater Finanzéierung vun Investitiounsprojete mat privaten Entreprener an interesséierte Bierger stécht. Och alternativ Finanzéierungskonzepter, ewéi z.B. Public private partnership oder Crowdfunding bei Solaranlagen sollen op hir Machbarkeet gepréift a gegeebenefalls ëmgesat ginn.

Reegelméisseg Auditten.

D’DP trëtt dofir an, datt sech all Gemeng muss engem finanzwirtschaftlechen Audit duerch e Réviseur d’entreprise ënnerzéien – am Rhythmus vun 12 Joer (zwou Legislaturperioden). D’Resultater vum Audit musse publizéiert ginn.

Interkommunal Zesummenaarbecht fërderen.

Déi wéinegste Gemenge kënnen hire Bierger all Infrastrukturen a Servicer ubidden. Dofir wëll d’DP méi staark op eng intercommunal Kooperatioun setzen. Esou eng Zesummenaarbecht erlaabt Synergie bei besteeënde Strukturen, Servicer, neien Infrastrukturprojeten (Piscine, Tennishal, asw.); ma och beim Akaf vu grousse Maschinnen, wou kënne Käschten agespuert ginn.

Zréck bei de Sommaire vum Walprogramm.