Mamer

Eng dynamesch Sektioun voller Iddien

D’DP Gemeng Mamer huet hir Generalversammlung 2024 ofgehalen

E flotten Owend mat ville Gäscht, inspiréierende Rieden a kreativen Iddie fir Mamer: Dat war d’Generalversammlung vun der DP Gemeng Mamer, déi den 9. Februar 2024 am Centre Culturel zu Holzem iwwer d’Bün goung.

Vill DP-Membere vu Mamer, mee och vu Kielen, Stengefort, Leideleng, Péiteng an Esch-Uelzecht haten de Wee op Holzem fonnt. Dorënner och d’DP-Deputéiert Mandy Minella, d’Presidentin vum DP-Bezierk Süden Daliah Scholl, de JDL-President a Leidelenger Buergermeeschter Lou Linster an de Steven Milbert, President vun der JDL-Süden Foto: DP Gemeng Mamer

Nieft dem Réckbléck op e ganzt intensiivt an erfollegräicht Wal-Joer 2023 – Gemengewalen am Juni a Parlamentswalen am Oktober -stoung och en Ausbléck op en aarbechtsräicht Joer 2024 um Programm. Dëst ass bekanntlech och vun enger Wal markéiert: Der Wal vun de Lëtzebuerger Europadeputéierten den 9. Juni 2024.

Op lokalem Plang schafft d’DP Gemeng Mamer äerdeg un der Ëmsetzung vun hiren Iddie fir eng innovativ, modern an attraktiv Gemeng, an der de sozialen Zesummenhalt héich gehale gëtt. Dofir setzen sech net nëmmen d’Jessica Klopp an de Sven Bindels an, eis zwee Memberen am Gemengerot, mee och d’Vertrieder vun der DP Gemeng Mamer an de consultative Kommissiounen.

D’DP Gemeng Mamer geet mat vill Elan an Zouversiicht an d’Joer 2024 eran – a mat zolitte finanzielle Reserven.

Dir wëllt matmaache bei der DP Gemeng Mamer ? Da mellt Iech ganz einfach: Iwwer dëse Formulaire oder schwätzt eis Vertrieder bei de Manifestatiounen an der Gemeng un!

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp